[1] Dunn hunn ech eng haart Stëmm aus dem Tempel zu de siwen Engele héiere soen: „Gitt a schëtt d’Schossele mat der Roserei vu Gott iwwert d’Äerd aus.“
[2] Den éischten Engel goung du fort an huet seng Schossel iwwert d’Äerd ausgeschott. D’Mënschen, déi d’Markéierung vum Déier haten an déi seng Statu ugebiet hunn, krute béisaarteg a schlëmm Schwieren.
[3] Den zweeten Engel huet seng Schossel an d’Mier ausgeschott. D’Mier ass ewéi d’Blutt vun engem Doudege ginn. All d’Liewewiesen am Mier si gestuerwen.
[4] Den drëtten Engel huet seng Schossel an d’Flëss an an d’Waasserquellen ausgeschott. Si goufen zu Blutt.
[5] Dunn hunn ech den Engel vun de Gewässer héiere soen: „Du bass gerecht, well s du esou en Uerteel gesprach hues, den Hellegen, deen ass, dee war an dee kënnt.
[6] Du hues hinne Blutt ginn, fir ze drénken, well si d’Blutt vun den Hellegen a vun de Prophéite ausgeschott hunn. Si hunn et verdéngt.“
[7] Ech hunn eng Stëmm, déi vum Altor koum, héiere soen: „Jo, Här, allmächtege Gott, deng Uerteeler si wouer a gerecht.“
[8] De véierten Engel huet seng Schossel iwwert d’Sonn ausgeschott an déi gouf ermächtegt, fir d’Mënsche mat Feier ze versengen.
[9] Eng grouss Hëtzt huet d’Mënsche versengt. Si hunn den Numm vu Gott gelästert, deen d’Muecht iwwert dës Ploen huet. Si sinn net ëmgekéiert an hunn hien net verherrlecht.
[10] De fënneften Engel huet seng Schossel iwwert den Troun vum Déier ausgeschott. Säi Kinnekräich gouf ganz däischter. D’Mënschen hu sech vu Péng hir Zongen zerbass.
[11] Si hunn de Gott am Himmel wéinst hirer Péng an hire Schwiere gelästert. Si sinn net ëmgekéiert, ewech vun hiren Doten.
[12] De sechsten Engel huet seng Schossel iwwert de grousse Floss Euphrat ausgeschott. D’Waasser am Floss ass ganz ausgedréchent, fir de Wee fir d’Kinneken aus dem Oste fräizemaachen.
[13] Dunn hunn ech dräi onreng Geeschter gesinn, déi ewéi Fräschen aus der Maul vum Draach, aus der Maul vum Déier an aus der Maul vum falsche Prophéit gespronge koumen.
[14] Si sinn dämonesch Geeschter, déi Zeeche maachen. Si ginn duerch d’ganz Welt bei d’Kinneke vun der Äerd, fir si fir de Krich um groussen Dag vum allmächtege Gott ze versammelen.
[15] („Kuck, ech kommen ewéi en Déif! Geseent ass deen, dee waakreg bleift a seng Kleeder unhält, fir datt hien net plakeg geet an ee seng Schimmt gesäit.“)
[16] Si hu si op där Plaz versammelt, déi op Hebräesch „Har Megido“ heescht.
[17] De siwenten Engel huet seng Schossel an d’Loft ausgeschott. Eng haart Stëmm koum aus dem Tempel am Himmel, déi vum Troun erfort sot: „Et ass geschitt!“
[18] Et huet gedauscht, gedonnert a geblëtzt. Et ass e grousst Äerdbiewe geschitt. Esou e grousst a mächtegt Äerdbiewe war nach ni geschitt, zënter et Mënschen op der Äerd gëtt.
[19] Déi grouss Stad gouf an dräi Deeler gespléckt. D’Stied vun den Natioune sinn an e Koup gefall. Babylon, déi Grouss, gouf viru Gott an Erënnerung geruff, fir datt hien hir de Kellech Wäin vu senger hefteger Roserei gëtt.
[20] All Insel ass verschwonnen an d’Bierger waren net méi ze fannen.
[21] Riseg Knëppelsteng sinn aus dem Himmel op d’Mënsche gefall. All Knëppelsteen huet ongeféier véierzeg Kilo gewien. D’Mënschen hu Gott wéinst der Plo vu Knëppelsteng gelästert, well d’Plo esou onmoosseg schro war.