[1] Dunn hunn ech en Engel aus dem Himmel gesi kommen, deen de Schlëssel fir déi onendlech Déift an eng grouss Ketten a senger Hand hat.
[2] Hien huet den Draach, déi al Schlaang, déi den Däiwel an de Satan ass, ergraff an huet e fir dausend Joer gefesselt.
[3] Den Engel huet den Draach an déi onendlech Déift gehäit an huet se iwwert him zougespaart a versigelt, fir datt hien d’Natiounen net méi irféiert, bis déi dausend Joer ëm sinn. Mee duerno muss hie fir eng kuerz Zäit fräigelooss ginn.
[4] Dunn hunn ech Tréin gesinn an déi, déi drop souzen, kruten d’Muecht, fir ze riichten. Ech hunn d’Séile vun deene gesinn, déi wéinst hirer Ausso iwwert de Jesus a wéinst dem Wuert vu Gott gekäppt gi waren. Si hate weder d’Déier nach seng Statu ugebiet an haten och net seng Markéierung op hir Stiren oder op hir Hänn kritt. Si hu während dausend Joer mam Messias gelieft a regéiert.
[5] Déi iwwereg Doudeg goufen net nees lieweg, bis déi dausend Joer eriwwer waren. Dat ass déi éischt Operstéiung.
[6] Geseent an helleg ass deen, deen un der éischter Operstéiung deelhëlt. Iwwert déi huet den zweeten Doud keng Muecht, mee si gi Priister fir Gott a fir de Messias a regéiere während dausend Joer mat him.
[7] Wann déi dausend Joer eriwwer sinn, gëtt de Satan aus sengem Prisong fräigelooss.
[8] Hie geet dann eraus, fir d’Natiounen irzeféieren, déi an de véier Himmelsrichtunge sinn (Gog a Magog), fir si fir de Krich zesummenzebréngen. Si sinn net ze zielen, esou wéi de Sand um Mier.
[9] Si koumen op de breede Plateau vun der Äerd erop an hunn den Zaldotecamp vun den Hellegen a vun der beléifter Stad belagert. Mee Feier koum vu Gott aus dem Himmel erof an huet si ganz verschlongen.
[10] Den Däiwel, dee si irgeféiert hat, gouf an de Feier- a Schwiefelséi gehäit, wou d’Déier an de falsche Prophéit sinn. Si ginn Dag an Nuecht fir ëmmer an éiweg gepéngegt.
[11] Dunn hunn ech e grousse wäissen Troun gesinn an deen, deen drop souz. Äerd an Himmel si viru senger Präsenz fortgelaf an et gouf keng Plaz fir si fonnt.
[12] Ech hunn déi Doudeg, déi Onwichteg an déi Dichteg, viru Gott stoe gesinn. Bicher goufen opgeschloen. En anert Buch, dat d’Buch vum Liewen ass, gouf opgeschloen. Déi Doudeg goufen opgrond vun hiren Dote geriicht, no deem, wat an de Bicher geschriwwe stoung.
[13] D’Mier huet déi Doudeg, déi dra waren, erausginn. Den Doud an den Hades hunn déi Doudeg, déi an hinne waren, erausginn. All déi Doudeg goufe geriicht, all eenzelen opgrond vu sengen Doten.
[14] Du goufen den Doud an den Hades an de Feierséi gehäit. De Feierséi ass den zweeten Doud.
[15] Wiem säin Numm net am Buch vum Liewen ageschriwwe stoung, gouf an de Feierséi gehäit.