[1] Dunn hunn ech en neien Himmel an eng nei Äerd gesinn. Den éischten Himmel an déi éischt Äerd ware vergaangen. D’Mier gouf et och net méi.
[2] Ech hunn déi helleg Stad, dat neit Jerusalem, vu Gott aus dem Himmel erofkomme gesinn. Si war ewéi eng Braut, déi sech fir hire Mann schéi gemaach huet.
[3] Ech hunn eng haart Stëmm vum Himmel aus héiere soen: „Kuck! Den Tabernakel vu Gott ass bei de Mënschen. Hie wunnt ënnert hinnen a si si säi Vollek. Gott selwer ass bei hinnen an hien ass dann hire Gott.
[4] Gott wëscht all Tréin vun hiren Aen. Et gëtt dann och keen Doud, keng Trauer, keng Kreesch a keng Péng méi. Wat fréier war, ass nämlech vergaangen.“
[5] Deen, deen um Troun souz, sot: „Kuck! Ech maachen alles nei.“ Hie sot och zu mir: „Schreif dat op, well dës Wierder wouer an zouverlässeg sinn.“
[6] Du sot hien zu mir: „Et ass geschitt! Ech sinn den Alpha an den Omega, den Ufank an d’Enn. Wien duuschtereg ass, dee loossen ech fir näischt aus der Quell vum liewege Waasser drénken.
[7] Wie gewënnt, ierft alles. Ech sinn da säi Gott an hien ass mäi Kand.
[8] D’Feiglingen, déi Ongleeweg, déi Abscheilech, d’Mäerder, déi, déi onerlaabte Sex hunn, d’Hexemeeschteren, d’Gëtzenubieder an all d’Ligener hunn hiren Undeel am Séi, dee mat Feier a Schwiefel brennt. Dat ass den zweeten Doud.“
[9] Du koum ee vun de siwen Engelen, déi déi siwe Schossele mat de siwe leschte Ploe gefëllt haten, bei mech an huet mat mir geschwat: „Komm! Ech weisen dir d’Braut, dem Lamm seng Fra.“
[10] Duerch de Geescht huet hie mech op e groussen an héije Bierg fortgedroen. Hien huet mir déi grouss Stad, dat hellegt Jerusalem, gewisen, wéi si vu Gott aus dem Himmel erofkoum.
[11] D’Stad huet mat der Herrlechkeet vu Gott geliicht. Hiert Liicht war ewéi e ganz wäertvollen Edelsteen, eppes ewéi e Jaspissteen, dee kloer ewéi Kristall war.
[12] D’Stad hat och eng grouss an héich Mauer mat zwielef Paarten an zwielef Engele bei de Paarten. Op den zwielef Paarte waren déi zwielef Nimm vun den Zwielef Stämm vun der Natioun Israel geschriwwen.
[13] Op der Ostsäit waren dräi Paarten, op der Nordsäit dräi Paarten, op der Südsäit dräi Paarten an op der Westsäit dräi Paarten.
[14] D’Mauer vun der Stad hat zwielef Grondsteng an op hinne waren déi zwielef Nimm vum Lamm sengen Apostelen.
[15] Den Engel, dee mat mir geschwat huet, hat e gëllene Staf, fir d’Stad, seng Paarten a seng Mauer ze moossen.
[16] D’Stad ass véiereckeg ugeluecht a geneesou laang wéi breet. Den Engel huet d’Stad mam Staf gemooss. D’Längt, d’Breet an d’Héicht si gläich: zwielefdausend Stadien.
[17] Hien huet d’Mauer och gemooss. Déi war honnertvéieravéierzeg Ielen héich, laut Mënschemooss, wat och d’Mooss ass, dat en Engel gebraucht.
[18] D’Mauer war aus Jaspis gebaut an d’Stad war aus purem Gold, ewéi kloert Glas.
[19] D’Grondsteng vun der Stadmauer ware mat allméiglechen Edelsteng gerëscht: den éischte Grondstee mat Jaspis, den zweete mat Saphir, den drëtte mat Chalcedon, de véierte mat Smaragd,
[20] de fënnefte mat Sardonyx, de sechste mat Karneol, de siwente mat Chrysolith, den aachte mat Berril, den néngte mat Topas, den zéngte mat Chrysopras, den eelefte mat Hyazinth an den zwielefte mat Amethyst.
[21] Déi zwielef Paarte waren zwielef Pärelen. All eenzel Paart war aus enger Pärel gemaach. D’Haaptstrooss vun der Stad war aus purem Gold, esou kloer wéi Glas.
[22] Ech hu keen Tempel an der Stad gesinn, well den Här, den allmächtege Gott, an d’Lamm hiren Tempel sinn.
[23] D’Stad brauch och keng Sonn a kee Mound, fir si ze beliichten, well d’Herrlechkeet vu Gott d’Stad beliicht. D’Lamm ass hir Luucht.
[24] D’Natioune liewen am Liicht vun der Stad. D’Kinneke vun der Äerd bréngen hir Pruecht an d’Stad.
[25] Hir Paarte ginn de ganzen Dag net zougemaach, well et keng Nuecht do gëtt.
[26] Si bréngen d’Pruecht an d’Éier vun den Natiounen an d’Stad.
[27] Et geet op kee Fall eppes, wat net helleg ass, an d’Stad an och keen, deen abscheilech Dote mécht oder litt. Nëmmen déi ginn eran, déi am Lamm sengem Buch vum Liewen ageschriwwe sinn.