[1] Duerno hunn ech eropgekuckt a kuck! Eng Dier gouf am Himmel opgemaach. Déi éischt Stëmm, déi ech héieren hunn an déi mat mir geschwat huet, war ewéi e Schofar. Si sot: „Komm heihinner! Da weisen ech dir, wat duerno geschéie muss.“
[2] Eenzock gouf ech vum Geescht ergraff. Et stoung en Troun am Himmel an et souz een um Troun.
[3] Deen, deen do souz, huet ewéi Jaspis a Karneol ausgesinn an et war e Reebou ëm den Troun, deen ewéi e Smaragd ausgesinn huet.
[4] Ëm den Troun ware véieranzwanzeg weider Tréin. Op deenen Tréin souze véieranzwanzeg Eelst. Déi hate wäiss Kleeder un a gëlle Krounen op hire Käpp.
[5] Vum Troun aus huet et geblëtzt, gedonnert a gedauscht. Siwe Fakelen hu virum Troun gebrannt; si sinn déi siwe Geeschter vu Gott.
[6] Virum Troun war eppes ewéi e gliesent Mier, dat ewéi Kristall ausgesinn huet. An der Mëtt, ëm den Troun, ware véier Liewewiese voller Ae vir an hannen.
[7] Dat éischt Liewewiese war ewéi e Léiw, dat zweet Liewewiesen ewéi e Buddi, dat drëtt Liewewiesen hat d’Gesiicht vun engem Mënsch an dat véiert Liewewiese war ewéi en Adler, dee geflunn ass.
[8] All eenzelt vun de véier Liewewiesen hat sechs Flilleken. Si ware baussen a banne mat Ae bedeckt. Dag an Nuecht hu si net opgehalen ze soen: „Helleg, helleg, helleg ass den Här, allmächtege Gott, dee war, deen ass an dee kënnt.“
[9] All Kéiers wann d’Liewewiesen deem, deen um Troun sëtzt, dee fir ëmmer an éiweg lieft, Herrlechkeet, Éier an Dankbarkeet erweisen,
[10] werfe sech déi véieranzwanzeg Eelste virun deem, deen um Troun sëtzt, nidder a bieden deen un, dee fir ëmmer an éiweg lieft. Si leeën hir Kroune virum Troun nidder a soen:
[11] „Du bass wierdeg, eisen Här an hellege Gott, fir Herrlechkeet, Éier a Muecht ze kréien, well s du alles erschafen hues. Duerch däi Wëllen existéiert alles a gouf alles erschafen.“