[1] Duerno hunn ech véier Engele gesinn, déi un de véier Ecker vun der Äerd stoungen. Si hunn déi véier Wandrichtungen zeréckgehalen, fir datt de Wand net iwwert Land a Mier oder géint iergendee Bam bléist.
[2] Ech hunn nach en Engel gesinn, deen aus dem Osten eropkoum an deen de Sigel vum liewege Gott hat. Deen Engel huet mat enger haarder Stëmm de véier Engelen, déi d’Muecht kruten, der Äerd an dem Mier ze schueden, zougeruff:
[3] „Schuet weder der Äerd nach dem Mier nach de Beem, bis mir den Dénger vun eisem Gott de Sigel op d’Stir gedréckt hunn!“
[4] Ech hunn d’Zuel vun deenen, déi versigelt goufen, héieren. Et goufen der honnertvéieravéierzegdausend aus all de Stämm vun Israel versigelt:
[5] zwielefdausend aus dem Stamm Juda, zwielefdausend aus dem Stamm Ruben, zwielefdausend aus dem Stamm Gad,
[6] zwielefdausend aus dem Stamm Ascher, zwielefdausend aus dem Stamm Naftali, zwielefdausend aus dem Stamm Manasseh,
[7] zwielefdausend aus dem Stamm Schimon, zwielefdausend aus dem Stamm Levi, zwielefdausend aus dem Stamm Issaschar,
[8] zwielefdausend aus dem Stamm Sebulun, zwielefdausend aus dem Stamm Yossef, zwielefdausend aus dem Stamm Benyamin.
[9] Duerno hunn ech eng Onmass Leit gesinn, déi keen ziele konnt. D’Leit waren aus all den Natiounen, all de Stämm, all de Vëlker an all de Sproochen. Si stounge virum Troun a virum Lamm. Si hate wäiss Kleeder un an hate Palmenäscht am Grapp.
[10] Si hu mat haarder Stëmm geruff: „D’Rettung gehéiert eisem Gott, deen um Troun sëtzt, an och dem Lamm!“
[11] All d’Engele stoungen ëm den Troun, ëm déi Eelst an déi véier Liewewiesen. Si hu sech virum Troun niddergeworf an hu Gott ugebiet:
[12] „Amen! Luef, Herrlechkeet, Wäisheet, Dank, Éier, Muecht a Kraaft sief eisem Gott fir ëmmer an éiweg. Amen!“
[13] Ee vun den Eelsten huet mech gefrot: „Wie sinn dës Leit, déi a wäisse Gewänner gekleet sinn? Vu wou komme si hier?“
[14] Ech hunn him geäntwert: „Här, du weess et.“ Du sot hien zu mir: „Dat hei sinn déi, déi aus der grousser Nout kommen. Si hunn hir Kleeder gewäsch an am Blutt vum Lamm wäiss gemaach.
[15] Dofir si si virum Troun vu Gott. Si déngen him Dag an Nuecht a sengem Tempel. Deen, deen um Troun sëtzt, wunnt ënnert hinnen.
[16] Si ginn ni méi hongereg oder duuschtereg. D’Sonn deet si ni méi leiden an och keng gliddeg Hëtzt.
[17] D’Lamm, dat an der Mëtt vum Troun ass, hitt si a féiert si bei lieweg Waasserquellen. Gott wëscht dann all Tréin aus hiren Aen.“