Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi d’Lamm de siwente Sigel opgebrach huet, war am Himmel eng hallef Stonn Rou.

[2] Dunn hunn ech déi siwen Engele gesinn, déi viru Gott stoungen. Si krute siwe Schofaren.

[3] En aneren Engel koum an huet sech mat engem gëllene Rauchfaass virun den Altor gestallt. Hie krut vill Weirauch, deen hie mat de Gebieder vun den Hellegen op dem gëllenen Altor virum Troun affere sollt.

[4] Den Damp vum Weirauch mat de Gebieder vun den Hellege goung aus dem Engel senger Hand viru Gott erop.

[5] Dunn huet den Engel d’Rauchfaass geholl, et mat Feier vum Altor gefëllt an et op d’Äerd gehäit. Et huet gedauscht, gedonnert a geblëtzt an et gouf en Äerdbiewen.

[6] Déi siwen Engelen, déi déi siwe Schofaren haten, hu sech prett gemaach, fir se ze blosen.

[7] Den éischten Engel huet säi Schofar geblosen. Du goufe Knëppelsteng a Feier mat Blutt vermëscht op d’Äerd gehäit. En Drëttel vun der Äerd gouf verbrannt, en Drëttel vun de Beem goufe verbrannt an all dat gréngt Gras gouf verbrannt.

[8] Den zweeten Engel huet säi Schofar geblosen. Du gouf eppes ewéi e grousse Bierg, dee gebrannt huet, an d’Mier gehäit. En Drëttel vum Mier gouf zu Blutt,

[9] en Drëttel vun de Liewewiesen am Mier si futtigaangen an en Drëttel vun de Schëffer goufen zerstéiert.

[10] Den drëtten Engel huet säi Schofar geblosen. E grousse Stär ass aus dem Himmel gefall, deen ewéi eng Fakel gebrannt huet. En ass op en Drëttel vun de Flëss an de Waasserquelle gefall.

[11] De Stär huet Batteralzem geheescht. Een Drëttel vum Waasser gouf ewéi Batteralzem an et si vill Mënsche wéinst dem Waasser gestuerwen, well et batter gemaach gouf.

[12] De véierten Engel huet säi Schofar geblosen. En Drëttel vun der Sonn, en Drëttel vum Mound an en Drëttel vun de Stäre goufe getraff, esou datt en Drëttel vun hinnen däischter gemaach gouf. En Drëttel vum Dag ass verschwonnen an och en Drëttel vun der Nuecht.

[13] Ech hu gekuckt an hunn en Adler héich am Himmel fléien héieren, dee mat haarder Stëmm geruff huet: „Wéi schrecklech, wéi schrecklech, wéi schrecklech fir d’Bewunner vun der Äerd, wéinst den dräi leschten Engelen, déi nach hir Schofare blosen!“

D’Offenbarung un de Jean — Chapters