[1] Dunn huet den Engel mir e renge Floss aus liewegem Waasser gewisen, kloer ewéi Kristall, dee vum Troun vu Gott a vum Lamm ausgaangen ass.
[2] En ass duerch d’Mëtt vun der Haaptstrooss gefloss an op all Säit vum Floss stoung e Bam vum Liewen. All Bam huet zwielef Zorten Uebst gedroen, eng Zort pro Mount. D’Blieder vum Bam déngen zur Heelung vun den Natiounen.
[3] Et gëtt dann näischt méi, wat ënnert dem Fluch steet. Den Troun vu Gott a vum Lamm ass an der Stad a seng Dénger bieden hien un.
[4] Si gesi säi Gesiicht a säin Numm steet op hire Stiren.
[5] D’Nuecht besteet net méi: Si brauche keng Luucht an och net d’Liicht vun der Sonn, well Gott, den Här, hinne Liicht gëtt. Si regéiere fir ëmmer an éiweg.
[6] Du sot den Engel zu mir „Op dës Wierder ass Verlooss a si si wouer. Den Här, de Gott vun den hellege Prophéiten, huet säin Engel geschéckt, fir sengen Dénger dat ze weisen, wat geschwë geschéie muss.“
[7] „Pass op! Ech komme stënterlech! Geseent ass deen, deen d’prophéitesch Wierder vun dësem Rullo anhält.“
[8] Ech, de Jean, hunn dat alles gesinn an héieren. Nodeems ech alles héieren a gesinn hat, hunn ech mech virun d’Féiss vum Engel, dee mir dat alles gewisen hat, niddergeworf.
[9] Mee dee sot zu mir: „Maach dat net! Ech déngen zesumme mat dir, mat denge Bridder, d’Prophéiten, a mat deenen, déi d’Wierder vun dësem Rullo anhalen. Biet Gott un!“
[10] Du sot den Engel zu mir: „Versigel d’prophéitesch Wierder vun dësem Rullo net. D’Zäit ass nämlech nobäi.
[11] Wien ongerecht ass, soll weider ongerecht sinn; wien onreng ass, soll weider onreng sinn; wie gerecht ass, soll weider gerecht sinn; wien helleg ass, soll weider helleg sinn.“
[12] „Pass op! Ech komme stënterlech! Meng Belounung ass bei mir, fir jidderengem dat ze ginn, wat deem entsprécht, wat hie gemaach huet.
[13] Ech sinn den Alpha an den Omega, den Ufank an d’Enn, den Éischten an de Leschten.“
[14] Geseent sinn déi, déi seng Geboter anhalen, fir datt si Recht op de Bam vum Liewen hunn an duerch d’Paarten an d’Stad däerfe goen.
[15] Baussent der Stad sinn d’Hënn, d’Hexemeeschteren, déi, déi onerlaabte Sex hunn, d’Mäerder, d’Gëtzenubieder an déi, déi Lige gär hunn a se verzielen.
[16] „Ech, de Jesus, hu mäin Engel geschéckt, fir bei iech iwwert all dat auszesoen, wat d’Gemeinschaften ugeet. Ech sinn d’Wuerzel an den Nokomme vum David, den helle Mueresstär.“
[17] De Geescht an d’Braut soen: „Komm!“ Wien dat hei héiert, soll soen: „Komm!“ Wien duuschtereg ass, soll kommen; wie wëllt, soll fir näischt dat liewegt Waasser drénken.
[18] Ech bezeie viru jidderengem, deen déi prophéitesch Wierder vun dësem Rullo héiert: Wien eppes zu all deem derbäimécht, deem mécht Gott d’Ploen, déi an dësem Rullo stinn, och derbäi.
[19] Wien eppes vun de prophéitesche Wierder vun dësem Rullo ewechhëlt, deem hëlt Gott säin Undeel um Bam vum Liewen, an der helleger Stad a vun all deem, wat an dësem Rullo geschriwwe steet, och ewech.
[20] Deen, deen iwwert dat alles ausseet, bezeit: „Jo, ech komme stënterlech.“ Amen. Jo, komm, Här Jesus!
[21] D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all. Amen.