Skip to content
Opens in a new window

[1] Du krut ech eng Rutt ewéi e Staf, fir ze moossen. Den Engel stoung op a sot: „Stéi op a mooss den Tempel vu Gott an den Altor. Ziel déi, déi Gott dran ubieden.

[2] Looss den Haff, dee baussent dem Tempel ass, ewech a mooss en net. Den Haff gouf nämlech den Natioune ginn. Si zertrëppelen déi helleg Stad zweeavéierzeg Méint laang.

[3] Ech ernenne meng zwee Zeien. Si prophezeien dausendzweehonnertsiechzeg Deeg laang an hu Säck un.“

[4] Dës Zeie sinn déi zwee Olivebeem an déi zwee Liichteren, déi virum Här vun der Äerd stinn.

[5] Wann een hinne schuede wëllt, da kënnt Feier aus hirem Mond a verschléngt hir Feinden; wann also een hinne schuede wëllt, muss hien esou ëmbruecht ginn.

[6] Dës Zeien hunn d’Muecht, den Himmel zouzemaachen, fir datt et während där Zäit, an där si prophezeien, net reent. Si hunn och d’Muecht, d’Gewässer a Blutt ze verwandelen an d’Äerd mat allméiglech Ploen ze schloen, esou dacks wéi si wëllen.

[7] Wann d’Zeie mat hirer Ausso fäerdeg sinn, kricht d’Déier, dat aus der onendlecher Déift eropkënnt, géint si. Et gewënnt da géint si a bréngt si ëm.

[8] Hir Läiche leien dann op der Strooss vun der grousser Stad. D’Stad gëtt am geeschtleche Sënn „Sodom“ an „Ägypten“ genannt an ass och do, wou hiren Här gekräizegt gouf.

[9] Während dräi Deeg an engem hallwe gesinn d’Mënschen aus all de Vëlker, Stämm, Sproochen an Natiounen hir Läichen. Si loossen net zou, datt hir Läiche begruewe ginn.

[10] D’Bewunner vun der Äerd freeë sech, feieren a schécken een deem anere Kaddoe wéinst hirer, well dës zwee Prophéiten d’Bewunner vun der Äerd gepéngegt haten.

[11] Mee no dräi Deeg an engem hallwe koum den Otem vum Liewe vu Gott a si; si stoungen op hire Féiss. Eng grouss Angscht koum iwwert déijéineg, déi de Prophéiten nogekuckt hunn.

[12] Dunn hunn d’Prophéiten eng haart Stëmm aus dem Himmel zu hinnen héiere soen: „Kommt heihinner!“ Du si si an enger Wollek an den Himmel eropgefuer. Hir Feinden hunn hinnen nogekuckt.

[13] An deem Abléck gouf et e grousst Äerdbiewen an en Zéngtel vun der Stad ass an e Koup gefall. Siwendausend Mënsche koume wéinst dem Äerdbiewen ëm d’Liewen. De Rescht krut et mat der Angscht ze dinn an huet dem Gott vum Himmel d’Éier ginn.

[14] Den zweeten „Wéi schrecklech“ ass eriwwer. Den drëtten „Wéi schrecklech“ kënnt geschwënn.

[15] De siwenten Engel huet säi Schofar geblosen. Et koumen dunn haart Stëmmen aus dem Himmel, déi soten: „D’Kinnekräicher vun dëser Welt sinn d’Kinnekräich vun eisem Här a vu sengem Messias ginn. Hie regéiert fir ëmmer an éiweg.“

[16] Dunn hunn déi véieranzwanzeg Eelst, déi viru Gott op hiren Tréin sëtzen, sech niddergeworf a Gott ugebiet:

[17] „Mir soen dir Merci, Här, allmächtege Gott, deen ass, dee war an dee kënnt, datt s du deng grouss Muecht ergraff hues an ugefaangen hues ze regéieren.

[18] D’Natioune ware rosen, mee dunn ass deng Roserei komm. D’Zäit ass komm, fir déi Doudeg ze riichten a fir deng Dénger, deng Prophéiten, deng Helleger an déi, déi däin Numm respektéieren, souwuel déi Onwichteg wéi déi Dichteg, ze belounen. D’Zäit ass komm, fir déi ze zerstéieren, déi d’Äerd zerstéieren.“

[19] Du gouf den Tempel vu Gott am Himmel opgemaach an d’Lued vu senger Allianz ass am Tempel erschéngen. Et huet geblëtzt, gedauscht a gedonnert. Et ass en Äerdbiewe geschitt a grouss Knëppelsteng si gefall.

D’Offenbarung un de Jean — Chapters