Skip to content
Opens in a new window

[1] Kuerz drop war e Fest vun de Judden an de Jesus goung op Jerusalem.

[2] Zu Jerusalem gouf et bei der Schoofspaart e Baseng, deen op Aramäesch „Bet-Esda“ heescht. Do goufen et fënnef Hale mat Sailen.

[3] An dësen Hale louche ganz vill Leit, déi krank, blann, schlamm oder gelähmt waren. Si hunn drop gewaart, datt d’Waasser sech beweege géif.

[4] (En Engel ass nämlech ëm eng bestëmmten Zäit an de Baseng erofkomm, fir d’Waasser a Beweegung ze setzen. Deen éischten, deen dunn an d’Waasser komm ass, nodeems et beweegt gi war, gouf du vun der Krankheet geheelt, déi hien hat.)

[5] Et war e Mann do, dee schonn zënter aachtandrësseg Joer krank war.

[6] De Jesus huet hien do leie gesinn a gouf gewuer, datt hie scho laang krank war. Du frot hien de Mann: „Wëlls du geheelt ginn?“

[7] De kranke Mann huet geäntwert: „Här, ech hu keen, dee mir an de Baseng eran hëlleft, wann d’Waasser a Beweegung gesat gëtt. A während ech probéieren, dran ze kommen, geet een anere viru mir eran.“

[8] „Stéi op, huel deng Matt a géi!“, sot de Jesus zu him.

[9] Nach op der Plaz gouf de Mann geheelt, huet seng Matt an de Grapp geholl an ass gaangen. Deen Dag war Sabbat.

[10] Du soten d’Judden zum Mann, dee geheelt gouf: „Et ass Sabbat! D’Gesetz erlaabt dir net, deng Matt ze droen.“

[11] „Deen, dee mech gesond gemaach huet, sot zu mir: ‚Huel deng Matt a géi!‘“, huet hien hinne geäntwert.

[12] Du frote si hien: „Wien ass dee Mann, deen dir gesot huet, du solls deng Matt huelen a goen?“

[13] Mee de Mann, dee geheelt gouf, wousst net, wien hie wier, well de Jesus sech wéinst de ville Leit, déi do waren, schonn zeréckgezunn hat.

[14] Duerno ass de Jesus him am Tempel begéint a sot zu him: „Kuck, du goufs geheelt. Dofir sënneg elo net méi, fir datt dir näischt méi Uerges geschitt.“

[15] De Mann goung vun do fort an huet de Judde verzielt, datt et de Jesus wier, deen hie geheelt hätt.

[16] D’Judden hunn de Jesus verfollegt a wollten hien ëmbréngen, well hien dat alles um Sabbat gemaach hat.

[17] „Mäi Papp ass bis elo um Wierk an ech sinn et och“, huet de Jesus geäntwert.

[18] Dowéinst hunn d’Judden ëmsou méi probéiert, de Jesus ëmzebréngen, well hien net nëmmen de Sabbat gebrach hat, mee och gesot hat, datt Gott säi Papp wier. Esou hat hie sech mat Gott gläichgestallt.

[19] Dofir huet de Jesus hinne geäntwert: „Ech soen iech d’Wourecht! De Jong kann näischt vu sech aus maachen, ausser hie gesäit de Papp et maachen, well dat, wat de Papp mécht, mécht de Jong geneesou.

[20] De Papp huet de Jong nämlech gär a weist him alles, wat hie mécht; an hie wäert him méi grouss Dote weise wéi dës, esou datt dir iech wonnere wäert.

[21] Esou wéi de Papp déi Doudeg operstoe léisst a lieweg mécht, esou mécht och de Jong déi lieweg, déi hie wëllt.

[22] De Papp riicht nämlech keen, mee huet dem Jong all Uerteel uvertraut,

[23] fir datt jiddereen dem Jong déiselwecht Éier gëtt wéi dem Papp. Deen, deen de Jong net éiert, éiert och de Papp net, deen hie geschéckt huet.

[24] Ech soen iech d’Wourecht! Wie mäi Wuert héiert an deem gleeft, dee mech geschéckt huet, huet éiwegt Liewen. Hie gëtt net geriicht, mee hien ass vum Doud an d’Liewen eriwwergaangen.

[25] Ech soen iech d’Wourecht! Et kënnt eng Zäit a si ass schonn do, an där déi Doudeg d’Stëmm vu Gott sengem Jong héieren. Déi, déi drop lauschteren, liewen.

[26] Esou wéi de Papp nämlech Liewen a sech selwer dréit, esou huet hien och dem Jong et ginn, Liewen a sech selwer ze droen.

[27] De Papp huet him och d’Autoritéit ginn, fir ze riichten, well hien de Jong vum Mënsch ass.

[28] Wonnert iech net heiriwwer: Et kënnt nämlech eng Zäit, an där all déi, déi an de Griewer sinn, seng Stëmm héieren.

[29] Da komme si eraus: déi, déi Guddes gemaach hunn, fir an d’Operstéiung vum Liewen an déi, déi Béises gemaach hunn, fir an d’Operstéiung vum Geriicht.

[30] Aus mir selwer kann ech näischt maachen; ech riichten, esou wéi ech et héieren, a mäin Uerteel ass gerecht, well ech net mäin eegene Wëlle sichen, mee de Wëlle vun deem, dee mech geschéckt huet.

[31] Wann ech iwwert mech selwer aussoe géif, géif meng Ausso net gëllen.

[32] Et ass een aneren, deen iwwert mech ausseet, an ech weess, datt d’Ausso, déi hien iwwert mech mécht, wouer ass.

[33] Dir hutt Leit bei de Jean geschéckt an hien huet iwwert d’Wourecht ausgesot.

[34] Ech hunn d’Ausso vum Mënsch net néideg, mee ech soen iech dat alles, fir datt dir gerett gitt.

[35] De Jean war eng Luucht, déi gebrannt a geliicht huet, an dir waart bereet, iech eng Zäitchen u sengem Liicht z’erfreeën.

[36] Mee meng Ausso huet méi Gewiicht wéi dem Jean seng wéinst de Wierker, déi de Papp mir ginn huet, fir si zu Enn ze bréngen. Dës Wierker, déi ech elo ausféieren, bestätegen, datt de Papp mech geschéckt huet.

[37] De Papp, dee mech geschéckt huet, huet selwer iwwert mech ausgesot. Dir hutt weder seng Stëmm héieren nach hutt dir jee gesinn, wéi hien ausgesäit.

[38] Säi Wuert bleift net an iech, well dir deem, deen hie geschéckt huet, net gleeft.

[39] Duerchsicht d’Schrëften! Dir mengt jo, an hinnen éiwegt Liewen ze fannen. Mee grad si sinn et, déi iwwert mech aussoen!

[40] Dir sidd net gewëllt, bei mech ze kommen, fir Liewen ze kréien.

[41] Ech huele keng Éier vu Mënschen un.

[42] Mee ech kennen iech: Dir drot d’Léift vu Gott net an iech.

[43] Ech sinn am Numm vu mengem Papp komm an dir huelt mech net un; mee wann een aneren a sengem eegenen Numm kënnt, deen huelt dir un!

[44] Wéi kënnt dir gleewen, wann dir ee vun deem aneren Éier unhuelt, mee net d’Éier sicht, déi vum eenzege Gott kënnt?

[45] Mengt net, datt ech iech beim Papp ukloe wäert; deen, deen iech uklot ass de Moses, op deen dir hofft.

[46] Wann dir dem Moses gleewe géift, da géift dir mir gleewen, well de Moses huet iwwert mech geschriwwen.

[47] Mee wann dir deem, wat de Moses geschriwwen huet, net gleeft, wéi wëllt dir da menge Wierder gleewen?“

De Jean — Chapters