[1] Fréi um éischten Dag vun der Woch, wéi et nach däischter war, goung d’Maria vu Magdala bei d’Graf an huet gesinn, datt de Stee virum Graf ewechgeholl gi war.
[2] Dunn ass hatt bei de Schimon-Péitrus an den anere Jénger, deen de Jesus gär hat, gelaf a sot: „Si hunn den Här aus dem Graf geholl a mir wëssen net, wou si hien higeluecht hunn.“
[3] De Péitrus an den anere Jénger hu sech op de Wee gemaach, fir bei d’Graf ze goen.
[4] Si sinn alle béid gelaf, mee den anere Jénger war méi séier wéi de Péitrus a koum als Éischte beim Graf un.
[5] Hien huet sech gebéckt, eragekuckt an d’lénge Bänner do leie gesinn. Hien ass awer net eragaangen.
[6] De Schimon-Péitrus koum no him un a goung an d’Graf eran. Och hien huet d’lénge Bänner do leie gesinn
[7] an d’Duch, dat ëm dem Jesus säi Kapp gewéckelt war, awer net bei de léngene Bänner louch, mee zesummegefaalt op enger separater Plaz.
[8] Du goung och deen anere Jénger, deen als Éischte beim Graf ukomm war, eran, huet gesinn a gegleeft.
[9] (Si haten nämlech d’Schrëft, datt hien nees vun den Doudegen operstoe misst, nach net verstanen.)
[10] Duerno goungen d’Jénger erëm heem.
[11] D’Maria stoung awer nach ëmmer virum Graf an huet gekrasch. Iwwert dem Kräischen huet hatt sech vir eriwwer gebéckt an an d’Graf gekuckt.
[12] Hatt huet zwee Engelen erbléckst, déi wäiss ugedoe waren. Si souzen do, wou virdrun dem Jesus seng Läich louch, deen een uewe beim Kapp an deen aneren ënne bei de Féiss.
[13] „Fra, firwat kräischs du?“, frote si. „Si hu mäin Här ewechgeholl an ech weess net, wou si hien higeluecht hunn“, huet hatt geäntwert.
[14] Nodeems hatt dat gesot hat, huet hatt sech ëmgedréit an een do stoe gesinn. Et war de Jesus, mee hatt wousst net, datt hien et war.
[15] De Jesus frot hatt: „Fra, firwat kräischs du? Wie sichs du?“ Hatt huet awer ugeholl, datt hien de Gäertner wier, an huet him geäntwert: „Här, wann s du hie fortgedroen hues, da so mir, wou s du hien higeluecht hues, fir datt ech hie ka siche goen.“
[16] „Maria!“, sot de Jesus zu him. Dunn huet hatt sech ëmgedréit a sot zu him: „Rabbuni!“ (wat souvill heescht wéi „Léiermeeschter“).
[17] „Hal dech net u mir fest, well ech sinn nach net bei mäi Papp eropgefuer“, sot de Jesus zu him. „Géi awer bei meng Bridder a so zu hinnen: ‚Ech fuere bei mäi Papp an äre Papp erop, bei mäi Gott an äre Gott.‘“
[18] D’Maria vu Magdala koum bei d’Jénger a sot hinnen, datt hatt den Här gesinn hätt an och wat hien him gesot hätt.
[19] Deeselwechten Dag nach géint der Owend, um éischten Dag vun der Woch, haten d’Jénger sech versammelt. Mee well si Angscht virun de Judden haten, hu si dat hannert zouenen Diere gemaach. Du koum de Jesus bei si, huet sech an hir Mëtt gestallt a sot zu hinnen: „Fridde sief mat iech!“
[20] Wéi hien dat gesot hat, huet hien hinne seng Hänn a seng Säit gewisen. Wéi d’Jénger den Här gesinn hunn, hu si sech gefreet.
[21] De Jesus sot nees zu hinnen: „Fridde sief mat iech! Esou wéi de Papp mech geschéckt huet, esou schécken ech och iech.“
[22] Wéi hien dat gesot hat, huet hie si ugehaucht a sot zu hinnen: „Empfänkt den hellege Geescht!
[23] Wann dir engem d’Sënne verzeit, deem si se verzien; wann dir engem se net verzeit, deem si se net verzien.“
[24] Mee den Thomas, deen Zwilling genannt gouf an och ee vun den Zwielef war, war net bei hinnen, wéi de Jesus bei si koum.
[25] Dowéinst hunn déi aner Jénger him erzielt: „Mir hunn den Här gesinn!“ „Wann ech net d’Mol vun den Neel a sengen Hänn gesinn an net mäi Fanger an dëst Mol a meng Hand a seng Säit leeë kann, da gleewen ech net“, huet hien hinnen awer geäntwert.
[26] Aacht Deeg drop ware seng Jénger nees dobannen an den Thomas war och bei hinnen. Obwuel d’Dieren zou waren, koum de Jesus bei si, huet sech an hir Mëtt gestallt a sot: „Fridde sief mat iech!“
[27] De Jesus sot dunn zum Thomas: „Streck däi Fanger aus a kuck meng Hänn un. Streck deng Hand aus a lee se a meng Säit. Sief net ongleeweg, mee gleeweg.“
[28] „Mäin Här a mäi Gott!“, huet den Thomas him geäntwert.
[29] „Thomas, du hues gegleeft, well s du mech gesinn hues. Geseent sinn déijéineg, déi gleewen, och wa si net gesinn“, sot de Jesus zu him.
[30] De Jesus huet nach vill aner Zeeche viru senge Jénger gemaach, déi net an dësem Buch opgeschriwwe sinn.
[31] Mee déi hei sinn opgeschriwwe ginn, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Messias ass, de Jong vu Gott, an datt dir, well dir gleeft, duerch säin Numm Liewen hutt.