Skip to content
Opens in a new window

[1] E Mann, dee Lazarus geheescht huet, war krank. Hien huet zu Betanien gewunnt, dat Duerf, wou och d’Maria a seng Schwëster, d’Marta, gelieft hunn.

[2] Hatt war dat Maria, dat den Här mat Essenz gesalleft a seng Féiss mat sengen Hoer gedréchent hat. De Lazarus (deen, dee krank war) war säi Brudder.

[3] Dofir hunn d’Schwësteren dem Jesus eng Noriicht zoukomme gelooss: „Här, lauschter! Deen, deen s du gär hues, ass krank!“

[4] Wéi de Jesus dat héieren huet, sot hien: „Dës Krankheet féiert net zum Doud, mee ass fir d’Verherrlechung vu Gott, fir datt de Jong vu Gott doduerch verherrlecht gëtt.“

[5] De Jesus hat d’Marta, deem seng Schwëster an de Lazarus gär.

[6] Wéi de Jesus héieren huet, datt de Lazarus krank wier, ass hien nach zwee Deeg op därselwechter Plaz bliwwen.

[7] Dunn, no dësen zwee Deeg, sot hien zu senge Jénger: „Loosst eis hannescht a Judea goen.“

[8] „Rabbi“, hunn d’Jénger geäntwert, „viru kuerzem wollten d’Judden dech do nach stengegen an du wëlls nees dohinner hannescht?“

[9] De Jesus huet geäntwert: „Huet den Dag net zwielef Stonnen? Wien dagsiwwer geet, deen trëllt net, well hien d’Liicht vun dëser Welt gesäit;

[10] wien awer nuetsiwwer geet, deen trëllt, well d’Liicht net an him ass.“

[11] Nodeems hien dat alles gesot hat, sot hie weider: „Eise Frënd Lazarus ass ageschlof, mee ech ginn dohin, fir hien nees waakreg ze maachen.“

[12] „Här, wann hien ageschlof ass, da gëtt hien nees gesond“, sote seng Jénger zu him.

[13] De Jesus huet awer vu sengem Doud geschwat, mee si hu gemengt hien hätt vum gewéinleche Schlof geschwat.

[14] Du sot de Jesus riicht eraus zu hinnen: „De Lazarus ass dout.

[15] Wéinst ärer sinn ech frou, datt ech net do war, fir datt dir gleewe kënnt. Mee kommt, mir ginn elo bei hien.“

[16] Den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, sot zu den anere Jénger: „Kommt, loosst eis matgoen, da kënne mir wéinstens zesumme mat him stierwen!“

[17] Wéi de Jesus ukoum, ass hie gewuer ginn, datt de Lazarus scho véier Deeg am Graf louch.

[18] Betanien louch no bei Jerusalem, just dräi Kilometer dovun ewech.

[19] Vill vun de Judde ware bei d’Marta an d’Maria komm, fir si wéinst hirem Brudder ze tréischten.

[20] Wéi d’Marta héieren huet, datt de Jesus komme géif, ass hatt him entgéintgaangen. D’Maria ass awer am Haus sëtze bliwwen.

[21] „Här“, sot d’Marta zum Jesus, „wann s du hei gewiescht wiers, da wier mäi Brudder net gestuerwen.

[22] Mee ech weess, wann s du och elo eppes vu Gott frees, datt Gott dir alles gëtt.“

[23] „Däi Brudder wäert operstoen“, sot de Jesus zu him.

[24] „Ech weess, datt hie bei der Operstéiung um leschten Dag opersteet“, huet d’Marta geäntwert.

[25] De Jesus sot zu him: „Ech sinn d’Operstéiung an d’Liewen. Wien op mech vertraut, lieft, och wann hie stierft.

[26] Jiddereen, dee lieft an op mech vertraut, stierft ni. Gleefs du dat?“

[27] „Jo, Här“, sot hatt, „ech gleewen, datt s du de Messias bass, de Jong vu Gott, deen an d’Welt komme soll.“

[28] Nodeems hatt dat gesot hat, ass hatt hanneschtgaangen an huet heemlech seng Schwëster geruff: „De Rabbi ass hei a rifft dech.“

[29] Wéi d’Maria dat héieren huet, ass hatt séier opgestanen a bei hie gaangen.

[30] De Jesus war nach net bis an d’Duerf erakomm, mee war nach ëmmer op där Plaz, wou d’Marta him begéint war.

[31] D’Judden, déi mam Maria am Haus waren, fir hatt ze tréischten, hu gesinn, wéi hatt séier opstoung an erausgoung. Doropshi gounge si him no, well si sech soten, datt hatt bei d’Graf kräische géif goen.

[32] Wéi d’Maria bei de Jesus koum an hie gesinn huet, ass hatt viru senge Féiss op de Buedem gefall a sot: „Här, wann s du hei gewiescht wiers, da wier mäi Brudder net gestuerwen.“

[33] Wéi de Jesus hatt an d’Judden, déi bei him waren, kräische gesinn huet, war hien a sengem Geescht zudéifst beweegt an opgewullt.

[34] „Wou hutt dir hie begruewen?“, frot hien. „Här, komm mat a kuck“, hu si geäntwert.

[35] De Jesus huet gekrasch.

[36] „Kuckt, wéi gär hien en hat!“, soten dunn d’Judden.

[37] Verschidde Judde soten awer: „Hien huet dem Blannen d’Aen opgemaach. Hätt hien net verhënnere kënnen, datt dëse Mann stierft?“

[38] De Jesus, deen nees ënnerlech zudéifst beweegt war, koum bei d’Graf. Et war eng Hiel an e Stee louch virum Agang.

[39] „Huelt de Steen ewech!“, sot de Jesus. „Här“, sot d’Maria, d’Schwëster vum Verstuerwenen, „elo wäert et scho sténken, well hien ass zënter véier Deeg dout.“

[40] „Hunn ech dir net gesot, datt s du, wann s du gleefs, d’Herrlechkeet vu Gott gesäis?“, sot de Jesus zu him.

[41] Dunn hu si de Steen op d’Säit vum Graf gerullt, wou de Verstuerwenen dralouch. De Jesus huet an den Himmel eropgekuckt a sot: „Papp, ech soen dir Merci, datt s du mech héieren hues.

[42] Ech wousst, datt s du mech ëmmer héiers, mee ech sot dat wéinst de Leit, déi hei ronderëm stinn, fir datt si gleewen, datt s du mech geschéckt hues.“

[43] Nodeems hien dat gesot hat, huet hie mat haarder Stëmm geruff: „Lazarus, komm eraus!“

[44] De Mann, deen dout war, koum eraus. Seng Hänn a Féiss ware mat Léngebandagen ëmbonnen a säi Kapp war mat engem Duch agewéckelt. „Wéckelt hie lass a loosst hie goen!“, sot de Jesus zu hinnen.

[45] Dunn hu vill vun de Judden, déi mam Maria matkomm waren a gesinn hunn, wat de Jesus gemaach hat, op hie vertraut.

[46] Verschidde Leit goungen awer bei d’Pharisäer an hunn hinne verzielt, wat de Jesus gemaach hat.

[47] D’iewescht Priister an d’Pharisäer hunn de Sanhedrin aberuff a soten: „Wat solle mir maachen? Dëse Mann mécht vill Zeechen.

[48] Wa mir hien esou weiderfuere loossen, da gleewen der vill un hien an da kommen d’Réimer an huelen eis Plaz an eis Natioun ewech.“

[49] Mee ee vun hinnen, de Kayafa, deen dat Joer den Haaptpriister war, sot: „Dir verstitt guer näischt!

[50] Dir bedenkt net, datt et an eisem Interessi ass, wa just en eenzele Mann fir d’ganzt Vollek stierft, wéi datt d’ganz Natioun zerstéiert géif ginn.“

[51] Dat huet hien awer net vu sech aus gesot, mee well hien dat Joer den Haaptpriister war, huet hie prophezeit, datt de Jesus fir déi ganz jüddesch Natioun stierwe géif,

[52] awer net nëmme fir dës Natioun, mee och fir datt hien d’Kanner vu Gott, déi iwwerall verspreet waren, als Eent zesummebrénge géif.

[53] Vun deem Dag un, hu si sech ënnerteneen ofgeschwat, fir hien ëmzebréngen.

[54] Dowéinst huet de Jesus sech net méi fräi ënnert de Judde beweegt, mee hie goung vun do fort op d’Land an eng Stad no bei der Wüst, déi Ephraim geheescht huet. Hien ass mat senge Jénger do bliwwen.

[55] D’Passafest vun de Judde stoung awer virun der Dier an et gounge vill Leit virum Passafest vum Land erop op Jerusalem, fir sech ze rengegen.

[56] Do hu si de Jesus gesicht a wéi si am Tempel stoungen, hu si een deen anere gefrot: „Wat mengt dir? Kënnt hien op d’Fest oder net?“

[57] D’iewescht Priister an d’Pharisäer haten den Uerder ginn, datt, wann ee wéisst, wou hie wier, da misst e Bescheed soen, fir datt si hien ze pake kréichen.

De Jean — Chapters