[1] Et gouf e Mann, deen Nikodemos geheescht huet. Hie war ee vun de Pharisäer, deen zum Sanhedrin gehéiert huet.
[2] Hie koum nuets bei de Jesus a sot: „Rabbi, mir wëssen, datt s du e Léiermeeschter bass, dee vu Gott geschéckt gouf. Et kann nämlech kee Mënsch d’Zeeche maachen, déi s du méchs, wa Gott net mat him ass.“
[3] De Jesus huet geäntwert: „Ech soen dir d’Wourecht! E Mënsch kann d’Kinnekräich vu Gott net gesinn, et sief dann hie gëtt op en Neits gebuer.“
[4] Den Nikodemos frot: „Wéi kann een Erwuessenen op en Neits gebuer ginn? Hie kann dach net hannescht an de Bauch vu senger Mamm goen an eng zweete Kéier gebuer ginn?“
[5] De Jesus huet geäntwert: „Ech soen dir d’Wourecht! E Mënsch kann net an d’Kinnekräich vu Gott erakommen, et sief dann hie gëtt aus Waasser an aus Geescht gebuer.
[6] Wat aus dem Fleesch gebuer gëtt, ass Fleesch, a wat aus dem Geescht gebuer gëtt, ass Geescht.
[7] Wonner dech net, wann ech dir soen, datt dir op en Neits musst gebuer ginn.
[8] De Wand bléist, wouhin e wëllt, an du héiers e päifen, mee du weess net, vu wou e kënnt a wou en higeet. Esou ass et mat jidderengem, deen aus dem Geescht gebuer gëtt.“
[9] „Wéi ass dat méiglech?“, frot den Nikodemos.
[10] „Du beléiers d’Vollek vun Israel an du verstees dat net?“, huet de Jesus geäntwert.
[11] „Ech soen dir d’Wourecht! Mir schwätze vun deem, wat mir kennen, a mir soen iwwert dat aus, wat mir gesinn hunn; mee dir huelt eis Ausso net un.
[12] Wann dir mir net gleeft, wann ech iech vu Saachen hei op der Äerd verzielen, wéi wëllt dir mir da gleewen, wann ech iech vu Saachen aus dem Himmel verzielen?
[13] Et ass keen an den Himmel eropgaangen, ausser deem, deen aus dem Himmel erofkoum: de Jong vum Mënsch, deen am Himmel ass.
[14] Esou wéi de Moses d’Schlaang an der Wüst héich gehuewen huet, esou muss och de Jong vum Mënsch héich gehuewe ginn,
[15] fir datt jiddereen, deen un hie gleeft, net verluer geet, mee éiwegt Liewen huet.
[16] Gott huet der Welt seng Léift op dës Manéier gewisen: Hien huet säin eenzege Jong hierginn, fir datt jiddereen, deen un hie gleeft, net verluer geet, mee éiwegt Liewen huet.
[17] Gott huet säi Jong nämlech net an d’Welt geschéckt, fir d’Welt ze riichten, mee fir datt d’Welt duerch hie gerett géif ginn.
[18] Wien un hie gleeft, gëtt net geriicht; wien net gleeft, ass scho geriicht, well hien net un den Numm vu Gott sengem eenzege Jong gegleeft huet.
[19] Dat hei ass d’Geriicht: D’Liicht ass an d’Welt komm an d’Mënschen haten d’Däischtert léiwer wéi d’Liicht, well hir Dote béis waren.
[20] Jiddereen, dee Béises mécht, haasst nämlech d’Liicht a kënnt net bei d’Liicht, fir datt seng Doten net opgedeckt ginn.
[21] Mee jiddereen, dee mécht, wat der Wourecht entsprécht, kënnt bei d’Liicht, fir datt all Mënsch kloer gesi kann, datt seng Doten a Gott gemaach goufen.“
[22] Duerno ass de Jesus mat senge Jénger an d’Géigend vu Judea gaangen, fir do mat hinnen Zäit ze verbréngen an ze deefen.
[23] De Jean huet zur gläicher Zäit zu Ainon bei Salim gedeeft, well et do vill Waasser gouf. D’Leit sinn dohi komm an hu sech deefe gelooss.
[24] (Dat war éier de Jean an de Prisong gehäit gouf.)
[25] Tëschent dem Jean senge Jénger an engem Judd koum et zu enger Diskussioun iwwert d’zeremoniell Rengegung.
[26] Si si bei de Jean gaangen a soten zu him: „Rabbi, kuck! Deen, deen op der anerer Säit vum Jordan bei dir war an iwwert deen s du ausgesot hues, deen deeft elo an d’Leit ginn all bei hien!“
[27] De Jean huet geäntwert: „E Mënsch kann näischt kréien, et sief dann hie krut et aus dem Himmel.
[28] Dir selwer kënnt bezeien, datt ech sot: ‚Ech sinn net de Messias, mee ech gouf him virausgeschéckt.‘
[29] Deen, deen d’Braut huet ass de Bräitchemann, mee dem Bräitchemann säi Frënd, deen donieft steet an hien héiert, freet sech onmoosseg doriwwer, dem Bräitchemann seng Stëmm ze héieren. Esou ass meng Freed a si ass elo komplett.
[30] Hie muss méi wichteg ginn an ech muss manner wichteg ginn.
[31] Deen, dee vun uewe kënnt, steet iwwert allem. Deen, dee vun der Äerd kënnt, ass vun der Äerd a schwätzt vun der Äerd. Deen, deen aus dem Himmel kënnt, steet iwwert allem.
[32] Hie seet iwwert dat aus, wat hie gesinn an héieren huet, mee kee gleeft senger Ausso.
[33] Wie senger Ausso gleeft, bestätegt, datt Gott d’Wourecht seet.
[34] Deen, dee vu Gott geschéckt gouf, schwätzt nämlech d’Wierder vu Gott a Gott gebraucht keng Mooss, wann hie säi Geescht gëtt.
[35] De Papp huet de Jong gär an huet alles a seng Hänn geluecht.
[36] Wien un de Jong gleeft, huet éiwegt Liewen. Wien dem Jong net follegt, kritt d’Liewen net ze gesinn, mee d’Roserei vu Gott bleift op him.“