Skip to content
Opens in a new window

[1] Äer Häerzer sollen net bedréckt sinn! Dir gleeft u Gott, da gleeft och u mech.

[2] A mengem Papp sengem Haus ginn et vill Wunnengen. Wann et net esou wier, dann hätt ech net zu iech gesot: ‚Ech ginn dohin, fir iech eng Plaz virzebereeden.‘

[3] Wann ech dohinner ginn an iech eng Plaz virbereeden, da kommen ech erëm zeréck an huelen iech bei mech, fir datt dir do sidd, wou ech sinn.

[4] Dir wësst awer, wou ech higinn an dir kennt och de Wee.“

[5] „Här, mir wëssen emol net, wou s du higees. Wéi kënne mir dann de Wee dohi kennen?“, frot den Thomas hien.

[6] De Jesus huet him geäntwert: „Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen. Kee kënnt bei de Papp, et sief dann duerch mech.

[7] Wann dir mech kannt hätt, dann hätt dir och mäi Papp kannt. Vun elo u kennt dir de Papp an dir hutt hie gesinn.“

[8] „Här, weis eis just de Papp, dat geet eis duer“, sot de Philippe zu him.

[9] De Jesus huet him geäntwert: „Ech si schonn esou laang bei iech an du weess nach ëmmer net, wien ech sinn, Philippe? Deen, dee mech gesinn huet, huet de Papp gesinn. Wéi kanns du da soen: ‚Weis eis de Papp‘?

[10] Gleeft dir dann net, datt ech am Papp sinn an de Papp a mir? Dat, wat ech iech soen, soen ech net vu mir selwer aus, mee de Papp, deen a mir ass, ass um Wierk.

[11] Gleeft mir, datt ech am Papp sinn an de Papp a mir! Soss gleeft mir wéinst de Wierker!

[12] Ech soen iech d’Wourecht! Wien op mech vertraut, mécht och déi Wierker, déi ech maachen. Hie mécht nach méi grouss Wierker wéi déi, well ech bei mäi Papp ginn.

[13] Alles, wat dir a mengem Numm frot, maachen ech, fir datt de Papp am Jong verherrlecht gëtt.

[14] Wann dir mech ëm iergendeppes a mengem Numm frot, da maachen ech dat.

[15] Wann dir mech gär hutt, dann haalt iech u meng Geboter.

[16] Da froen ech de Papp an hie gëtt iech en anere Begleeder, dee fir éiweg bei iech bleift:

[17] de Geescht vun der Wourecht. D’Welt kann hien net empfänken, well si hie weder gesäit nach kennt. Dir kennt hien, well hie bei iech bleift an an iech wäert sinn.

[18] Ech loossen iech net als Weesekanner zeréck; ech kommen nees bei iech.

[19] Nach e bëssen, da gesäit d’Welt mech net méi, mee dir gesitt mech. Dir lieft och, well ech liewen.

[20] Deen Dag erkennt dir, datt ech a mengem Papp sinn an datt dir a mir sidd an ech an iech.

[21] Wie meng Geboter huet a se anhält, ass deen, dee mech gär huet. Mäi Papp huet dee gär, dee mech gär huet, an ech hunn deen och gär a weise mech him.“

[22] „Här, wéi kënnt et, datt s du am Begrëff bass, dech eis ze weisen, mee net der Welt?“, frot de Judas (net den Ischkariot) hien.

[23] De Jesus huet him geäntwert: „Wie mech gär huet, hält mäi Wuert an. Mäi Papp huet hie gär a mir komme bei hien a maachen eist Doheem bei him.

[24] Wie mech net gär huet, hält meng Wierder net an. D’Wuert, wat dir elo héiert, ass net mäi Wuert, mee mengem Papp säint, dee mech geschéckt huet.

[25] Ech hunn iech dat alles gesot, elo wou ech nach bei iech sinn.

[26] Mee de Begleeder, den hellege Geescht, deen de Papp a mengem Numm schéckt, léiert iech alles an erënnert iech un alles, wat ech iech gesot hunn.

[27] Ech loossen iech Fridden; mäi Fridde ginn ech iech. Ech ginn iech net esou, wéi d’Welt gëtt. Äert Häerz soll net bedréckt sinn an hutt och keng Angscht!

[28] Dir hutt mech héieren zu iech soen: ‚Ech gi fort a komme bei iech hannescht.‘ Wann dir mech gär hätt, da géift dir iech freeën, datt ech sot: ‚Ech gi bei de Papp‘, well mäi Papp méi grouss ass wéi ech.

[29] Ech hunn iech et elo gesot éier et geschitt, fir datt dir gleeft, wann et geschitt.

[30] Mir bleift net méi vill Zäit, fir mat iech ze schwätzen, well den Herrscher vun dëser Welt ënnerwee ass. Hien huet awer keng Muecht iwwert mech.

[31] Ech maachen alles, wat de Papp mech ugestallt huet, fir ze maachen, fir datt d’Welt gesäit, datt ech de Papp gär hunn. Stitt op a loosst eis vun hei fortgoen!“

De Jean — Chapters