Skip to content
Opens in a new window

[1] Doropshin huet de Pilatus de Jesus ofgeféiert an huet hie gäissele gelooss.

[2] D’Zaldoten hunn eng Kroun aus Däre geflecht, him se op de Kapp gesat an him e purpurroude Mantel ugedoen.

[3] Si soten dunn: „Vive de Kinnek vun de Judden!“, an hunn hien op de Bak gehaen.

[4] De Pilatus goung nees eraus a sot zu hinnen: „Kuckt, ech bréngen hien nees bei iech eraus, fir datt dir wësst, datt ech keng Schold un him fannen.“

[5] De Jesus koum eraus. Hien hat d’Därekroun an de purpurroude Mantel un. „Kuckt, hei ass de Mann!“, huet de Pilatus zu hinne gesot.

[6] Wéi d’iewescht Priister an d’Tempelwiechter hien du gesinn hunn, hu si gejaut: „Kräizeg hien, kräizeg hien!“ „Huelt dir hien a kräizegt dir hie selwer, well ech fanne keng Schold un him!“, sot de Pilatus zu hinnen.

[7] „Mir hunn e Gesetz a laut deem Gesetz muss hie stierwen, well hie sech als de Jong vu Gott ausginn huet“, hunn d’Judden him geäntwert.

[8] Wéi de Pilatus dat héieren huet, krut hien et nach méi mat der Angscht ze dinn.

[9] Hie goung nees an d’Residenz vum Gouverneur hannescht an huet de Jesus gefrot: „Vu wou kënns du?“ Mee de Jesus huet him keng Äntwert ginn.

[10] Dowéinst sot de Pilatus zu him: „Schwätz du net mat mir? Weess du net, datt ech d’Muecht hunn, fir dech ze kräizegen oder dech fräizeloossen?“

[11] „Du häss keng Muecht iwwert mech, wann s du se net vun uewe kritt häss. Dowéinst huet deen, dee mech un dech ausgeliwwert huet, déi gréisser Sënn“, huet de Jesus geäntwert.

[12] Vun do un huet de Pilatus probéiert, hie fräizeloossen, mee d’Judden hu gejaut: „Wann s du dëse Mann fräiléiss, da bass du kee Frënd vum Caesar. Wie sech nämlech selwer zum Kinnek mécht, dee widdersetzt sech dem Caesar.“

[13] Nodeems de Pilatus dat héieren hat, huet hien de Jesus erausbrénge gelooss an huet sech op de Riichterstull gesat op der Plaz, déi „Pavé“ genannt gëtt, op Aramäesch „Gabbata“.

[14] Et war ongeféier sechs Auer mueres um Dag vun der Virbereedung vum Passafest. „Kuckt, hei ass äre Kinnek!“, sot hien zu de Judden.

[15] „Ewech mat him, ewech mat him! Kräizeg hien!“, hu si awer gejaut. „Soll ech éieren äre Kinnek kräizegen?“, frot de Pilatus si. „Mir hu kee Kinnek, ausser dem Caesar!“, hunn d’iewescht Priister geäntwert.

[16] Dunn huet de Pilatus hien u si ausgeliwwert, fir gekräizegt ze ginn. Doropshin hu si de Jesus matgeholl an ofgeféiert.

[17] Hien huet säi Kräiz gedroen a goung eraus op d’Plaz, déi „d’Plaz vum Doudekapp“ genannt gëtt, wat op Aramäesch „Golgota“ heescht.

[18] Do hu si hie gekräizegt. Et waren nach zwee anerer mat him, een op all Säit, an de Jesus war an der Mëtt.

[19] De Pilatus huet e Schëld schreiwen an un d’Kräiz neele gelooss. Um Schëld stoung: „De Jesus vun Nazaret, de Kinnek vun de Judden.“

[20] Vill Judden hunn d’Schëld gelies, well d’Plaz, wou de Jesus gekräizegt gouf, no bei der Stad war. D’Schëld war op Hebräesch, Griichesch a Latäin geschriwwen.

[21] Doropshin hunn d’iewescht Priister vun de Judde sech beim Pilatus beschwéiert: „Schreif net: ‚De Kinnek vun de Judden‘, mee: ‚Hie sot: „Ech sinn de Kinnek vun de Judden.“‘“

[22] „Wat ech geschriwwen hunn, hunn ech geschriwwen“, huet de Pilatus awer geäntwert.

[23] Nodeems si de Jesus gekräizegt haten, hunn d’Zaldoten säi Gezei geholl an a véier gedeelt. All Zaldot krut e Stéck dovunner. Seng Tunique wollte si och verdeelen, mee déi hat keng Nout, well si vun uewe bis ënne ganz an engem Stéck gewieft war.

[24] Du sote si ënnerteneen: „Loosst eis d’Tunique net zerrappen, mee ëm se lousen, fir ze kucken, wie se kritt.“ Esou sollt sech d’Schrëft erfëllen, déi seet: „Si hu meng Kleeder ënnertenee verdeelt a meng Tunique verloust.“ (Psalmen 22,19) Dofir hunn d’Zaldoten dat gemaach.

[25] No beim Jesus sengem Kräiz stounge seng Mamm, d’Schwëster vu senger Mamm, d’Maria (dem Klopas seng Fra) an d’Maria vu Magdala.

[26] Wéi de Jesus seng Mamm an de Jénger, deen hie gär hat, do stoe gesinn huet, sot hien zu senger Mamm: „Fra, hei ass däi Jong.“

[27] Zum Jénger sot hien: „Hei ass deng Mamm.“ Vun do un huet dee Jénger si bei sech opgeholl.

[28] Duerno, wéi de Jesus wousst, datt alles fäerdeg wier, sot hien, fir datt sech d’Schrëft erfëlle géif: „Ech hunn Duuscht.“

[29] Et stoung e Krou voll sauere Wäin do. Dunn hu si e Schwamp, dee si op en Isopsbengel gestach haten, mam sauere Wäin gedränkt an hunn e bei säi Mond gehalen.

[30] Nodeems de Jesus vum sauere Wäin geholl hat, sot hien: „’t ass fäerdeg!“ Hien huet säi Kapp gebéckt a säi Geescht opginn.

[31] D’Judden hunn de Pilatus gefrot, de Gekräizegten hir Been ze briechen an d’Läichen erofzehuelen, well et den Dag vun der Virbereedung war. D’Läiche sollten nämlech net um Sabbat um Kräiz hänke bleiwen (dëse Sabbat war e wichtege Feierdag).

[32] D’Zaldoten hunn also d’Bee vum éischte Mann gebrach an och déi vum aneren, dee mat him gekräizegt gouf.

[33] Wéi si awer bei de Jesus koumen, hu si seng Been net gebrach, well si gesinn hunn, datt hie schonn dout war.

[34] Mee ee vun den Zaldoten huet seng Säit mat enger Lanz duerchbuert an direkt koume Blutt a Waasser erausgelaf.

[35] Deen, deen dat gesinn huet, sot doriwwer aus a seng Ausso ass wouer. Hie weess, datt hien d’Wourecht seet, fir datt dir gleewe kënnt.

[36] Dat alles ass geschitt, fir datt sech d’Schrëft erfëlle géif: „Net eng vu senge Schanke gëtt gebrach.“ (2. Moses 12,46; 4. Moses 9,12; Psalmen 34,21)

[37] An och nach en aneren Text seet: „Si kucken op deen, dee si duerchbuert hunn.“ (Sacharia 12,10)

[38] Duerno huet de Yossef vun Arimatea (deen e Jénger vum Jesus war, mee heemlech, aus Angscht virun de Judden) de Pilatus gefrot, ob hien dem Jesus seng Läich kéint erofhuelen. De Pilatus huet him d’Erlaabnes ginn. Doropshi goung hien dohinner an huet dem Jesus seng Läich erofgeholl.

[39] Den Nikodemos, deen am Ufank an der Nuecht bei de Jesus komm war, koum och an huet eng Mëschung aus Myrrhe an Aloe matbruecht. Et waren ongeféier dräiandrësseg Kilo.

[40] Dunn hu si dem Jesus seng Läich geholl an hu si mat de Gewierzer a lénge Bänner gewéckelt, esou wéi et bei de Judde fir e Begriefnes de Brauch war.

[41] Op där Plaz, wou de Jesus gekräizegt gi war, war ee Gaart an am Gaart war een neit Graf, wou nach keen drageluecht gi war.

[42] Si hunn de Jesus do drageluecht, well et de jüddeschen Dag vun der Virbereedung war an d’Graf nobäi war.

De Jean — Chapters