[1] Dräi Deeg méi spéit gouf et eng Hochzäit zu Kana a Galilea an dem Jesus seng Mamm war dobäi.
[2] De Jesus a seng Jénger waren och op d’Hochzäit invitéiert.
[3] Wéi kee Wäin méi do war, huet dem Jesus seng Mamm zu him gesot: „Si hu kee Wäin méi.“
[4] „Fra, wat wëlls du vu mir? Meng Stonn ass nach net komm“, huet de Jesus hir geäntwert.
[5] „Maacht, wat hien iech seet!“, sot seng Mamm zu den Dénger.
[6] Et stounge sechs stenge Waasserkréi fir d’jüddesch Wäschritualer do. An all Krou hunn ongeféier honnert Liter gepasst.
[7] „Fëllt d’Kréi mat Waasser!“, sot de Jesus zu den Dénger. Si hunn d’Kréi bis un de Rand gefëllt.
[8] „Schäfft e bëssen dovunner eraus a gitt dem Zoustännege vun den Zerweuren dovunner ze schmaachen“, huet de Jesus d’Dénger ugestallt. Si hunn dem Responsabelen et bruecht.
[9] Wéi hien d’Waasser, dat a Wäin verwandelt gi war, geschmaacht huet, wousst hien net, wou dëse Wäin géif hierkommen (mee d’Dénger, déi d’Waasser geschäfft haten, woussten et). Hien huet de Bräitchemann geruff
[10] a sot zu him: „Jiddereen zerwéiert ëmmer de beschte Wäin fir d’éischt an duerno, wann d’Leit voll sinn, gëtt de manner gudde Wäin zerwéiert. Mee du hues de gudde Wäin bis elo zeréckbehalen!“
[11] Dëst éischt Zeechen, dat de Jesus gemaach huet, war zu Kana a Galilea. Hien huet seng Herrlechkeet z’erkenne ginn a seng Jénger hunn un hie gegleeft.
[12] Duerno ass hien op Kapernaum gaangen zesumme mat senger Mamm, senge Bridder a senge Jénger a si sinn e puer Deeg do bliwwen.
[13] Et war kuerz virum Passafest vun de Judden an de Jesus goung op Jerusalem.
[14] Am Tempel huet hie Leit virfonnt, déi Ranner, Schof an Dauwe verkaf hunn. D’Leit, déi d’Sue gewiesselt hunn, souzen och do.
[15] Hien huet eng Gäissel aus Seeler gemaach an huet si all aus dem Tempel gejot, och d’Ranner an d’Schof. Hien huet d’Mënz vun deenen, déi d’Sue gewiesselt hunn, zerstreet an huet hir Dëscher ëmgehäit.
[16] Zu deenen, déi d’Dauwe verkaf hunn, sot hien: „Maacht, datt all dat hei verschwënnt! Maacht aus mengem Papp sengem Haus keng Maartplaz!“
[17] Seng Jénger hu sech drun erënnert, datt geschriwwe steet: „Den Äifer fir däin Haus huet mech ganz a Besëtz geholl.“ (Psalmen 69,10)
[18] Doropshi froten d’Judden hien: „Wéi en Zeeche gëss du eis, fir eis ze weisen, datt s du d’Recht hues, esou ze handelen?“
[19] „Zerstéiert dësen Tempel a bannent dräi Deeg bauen ech en erëm op“, huet de Jesus geäntwert.
[20] „Et huet sechsavéierzeg Joer gedauert, fir den Tempel ze bauen, an du wëlls e bannent dräi Deeg erëm opbauen?“, hunn d’Judde geäntwert.
[21] Hien hat awer vum Tempel vu sengem Kierper geschwat.
[22] Wéi hie vun den Doudegen operstane war, hu seng Jénger sech drun erënnert, datt hien dat gesot hat, a si hunn der Schrëft gegleeft an och deem, wat de Jesus gesot hat.
[23] Wéi de Jesus fir d’Passafest zu Jerusalem war, hu vill Leit u säin Numm gegleeft, well si d’Zeeche gesinn hunn, déi hie gemaach huet.
[24] Mee de Jesus huet sech hinnen net uvertraut, well hie si all kannt huet.
[25] Hie wousst nämlech, wat am Mënsch ass, an dofir hat hien et net néideg, datt een him de Mënsch erkläert.