[1] De Jesus wousst virum Passafest, datt seng Zäit komm war, dës Welt ze verloossen, fir bei säi Papp ze goen. Hien hat déi, déi him an der Welt gehéiert hunn, gär. Bis un d’Enn hat hie si gär.
[2] Nom Iessen (den Däiwel hat dem Judas Ischkariot, dem Schimon sengem Jong, de Wonsch schonn an d’Häerz geluecht, fir de Jesus ze verroden)
[3] huet de Jesus, dee scho wousst, datt de Papp him alles an d’Hänn geluecht hat an datt hie vu Gott komm war an nees géif bei Gott hanneschtgoen,
[4] sech vum Iessen erhuewen. Hien huet säin iewescht Kleed ausgedoen, huet e Schiertech geholl an et ugedoen.
[5] Dunn huet hie Waasser an eng Schossel geschott. Hien huet senge Jénger d’Féiss gewäsch a se mam Schiertech, dat hien unhat, gedréchent.
[6] Wéi hie bei de Schimon-Péitrus koum, sot deen zu him: „Här, wäschs du mir d’Féiss?“
[7] De Jesus huet him geäntwert: „Dat, wat ech elo maachen, verstees du nach net. Mee duerno verstees du et.“
[8] „Nee“, sot de Péitrus, „op kee Fall solls du mir d’Féiss wäschen!“ „Wann ech dech net wäschen, hues du keen Undeel u mir“, huet de Jesus him awer geäntwert.
[9] „Här“, huet de Schimon-Péitrus du geäntwert, „da wäsch mir net nëmmen d’Féiss, mee och d’Hänn an de Kapp.“
[10] „Wie gebuet ass, brauch sech nëmmen d’Féiss ze wäschen, well hien ass soss ganz propper. Dir sidd propper, mee net jiddereen ënnert iech“, sot de Jesus zu him.
[11] (De Jesus wousst, wien hie verrode géif, an dofir sot hien: „Dir sidd net all propper.“)
[12] Nodeems de Jesus hinnen d’Féiss gewäsch hat a säin iewescht Kleed nees ugedoen hat, huet hien erëm beim Dësch Plaz geholl a sot zu hinnen: „Verstitt dir, wat ech grad fir iech gemaach hunn?
[13] Dir nennt mech ‚Léiermeeschter‘ an ‚Här‘ an dir hutt Recht, well dat sinn ech.
[14] Wann ech, ären Här a Léiermeeschter, iech d’Féiss gewäsch hunn, da sollt dir och een deem aneren d’Féiss wäschen.
[15] Ech hunn iech e Beispill ginn, fir datt och dir dat maacht, wat ech fir iech gemaach hunn.
[16] Ech soen iech d’Wourecht! Den Dénger ass net méi wichteg wéi säi Meeschter an de Buet och net méi wichteg wéi deen, deen hie schéckt.
[17] Wann dir dat alles verstitt, da sidd dir geseent, wann dir et och ëmsetzt.
[18] Ech schwätzen elo net vun iech alleguer. Ech kennen déi, déi ech auserwielt hunn. Mee d’Schrëft muss sech erfëllen: ‚Deen, dee mat mir d’Brout ësst, huet seng Feescht géint mech erhuewen.‘ (Psalmen 41,10)
[19] Dofir soen ech iech elo Bescheed, nach éier et geschitt. Wann et da geschitt, gleeft dir, datt ech et sinn.
[20] Ech soen iech d’Wourecht! Wien deen ophëlt, deen ech geschéckt hunn, hëlt mech op; a wie mech ophëlt, hëlt deen op, dee mech geschéckt huet.“
[21] Nodeems de Jesus dat alles gesot hat, war hien am Geescht opgewullt an huet bezeit: „Ech soen iech d’Wourecht! Ee vun iech verréit mech.“
[22] D’Jénger hunn een deen aneren ugekuckt, well si net woussten, vu wiem hie schwätze géif.
[23] Ee vun de Jénger (deen, deen de Jesus gär hat) louch nieft dem Jesus.
[24] De Schimon-Péitrus huet him en Zeeche ginn, datt hie sollt erausfannen, vu wiem de Jesus geschwat hätt.
[25] Deen huet sech also hannerrécks widder dem Jesus seng Broscht geluecht an hie gefrot: „Här, wien ass et?“
[26] „Et ass deen, deem ech de Maufel Brout ginn, nodeems ech e gezappt hunn“, huet de Jesus geäntwert. Nodeems hien de Maufel gezappt hat, huet hien dem Judas, dem Schimon Ischkariot sengem Jong, e ginn.
[27] Nodeems de Judas de Maufel Brout geholl hat, ass de Satan an hie gefuer. Du sot de Jesus: „Maach dat séier, wat s du maache wëlls.“
[28] Et wousst awer keen um Dësch, firwat de Jesus him dat gesot hat.
[29] De Judas war deen, dee sech ëm d’Sue gekëmmert huet, an dofir hu munch Jénger gemengt, datt de Jesus zu him gesot hätt: „Kaf dat, wat mir nach fir d’Fest brauchen“, oder datt hien den Aarmen eppes sollt ginn.
[30] Nodeems de Judas de Maufel giess hat, goung hie gaangs fort. Et war Nuecht.
[31] Wéi hie fort war, sot de Jesus: „Elo ass de Jong vum Mënsch verherrlecht a Gott ass an him verherrlecht.
[32] Wa Gott an him verherrlecht ass, verherrlecht Gott och hien a sech selwer an hie verherrlecht hien direkt.
[33] Kanner, ech si just nach e bësse bei iech. Dir sicht mech dann, mee ech soen iech datselwecht, wat ech och schonn zu de Judde sot: ‚Do, wou ech higinn, kënnt dir net hikommen.‘
[34] Ech ginn iech en neit Gebot: Hutt een deen anere gär! Esou wéi ech iech gär hat, esou sollt och dir een deen anere gär hunn.
[35] Dorunner erkennt jiddereen, datt dir meng Jénger sidd, wann dir Léift ee fir deen aneren hutt.“
[36] „Här, wouhi gees du?“, frot de Schimon-Péitrus hien. „Du kanns mir elo net dohinner nokommen, wou ech higinn, mee du kënns mir spéider no“, huet de Jesus geäntwert.
[37] „Här, firwat kann ech dir elo net nogoen?“, frot de Péitrus. „Ech géif mäi Liewe fir dech hierginn.“
[38] „Géifs du wierklech däi Liewe fir mech hierginn?“, huet de Jesus geäntwert. „Ech soen dir d’Wourecht! Nach éier den Hunn kréit, verleegens du mech dräimol.