Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno goung de Jesus op den aneren Uwänner vum Séi vu Galilea, deen och Séi vun Tiberias heescht.

[2] Eng grouss Mass vu Leit goung him no, well si d’Zeeche gesinn hunn, déi hien un de Kranke gemaach huet.

[3] De Jesus ass op e Bierg geklommen an huet sech do mat senge Jénger niddergesat.

[4] D’Passa, e Fest vun de Judden, stoung virun der Dier.

[5] Wéi de Jesus opgekuckt huet, huet hien eng Onmass Leit op sech duerkomme gesinn. „Wou kënne mir Brout kafen, fir datt dës Leit eppes z’iessen hunn?“, frot de Jesus de Philippe.

[6] De Jesus sot dat, fir de Philippe op d’Prouf ze stellen, well hie scho wousst, wat hie maache géif.

[7] „Brout am Wäert vun zweehonnert Denare géif emol net duergoen, fir datt jiddereen och nëmmen ee Maufel kréich“, huet de Philippe him geäntwert.

[8] Ee vu senge Jénger, den Andreas, dem Schimon-Péitrus säi Brudder, sot zu him:

[9] „Hei ass e klenge Jong, dee fënnef Ruechte Geeschtebrout an zwee Fësch huet, mee wat ass dat scho bei esou ville Leit?“

[10] „Loosst d’Leit sech setzen“, sot de Jesus. Op där Plaz war vill Gras an d’Männer, ongeféier fënnefdausend, hu sech gesat.

[11] De Jesus huet d’Brout geholl, Gott dofir Merci gesot an et u seng Jénger verdeelt. Déi hunn et dunn un d’Leit, déi do souzen, weider ausgedeelt. Esou hu si et och mam Fësch gemaach, si hu jidderengem esou vill ginn, wéi hie wollt.

[12] Wéi jidderee sat war, sot de Jesus zu senge Jénger: „Sammelt d’Broutstécker, déi iwwereg bliwwe sinn, an, fir datt näischt verdierft.“

[13] An esou hu si d’Stécker vun de fënnef Ruechte Geeschtebrout agesammelt, déi vun deenen, déi giess haten, iwwereg gelooss goufen, an hunn zwielef Kierf gefëllt.

[14] Wéi d’Leit d’Zeechen, dat de Jesus gemaach hat, gesinn hunn, sote si: „Hien ass ganz sécher dee Prophéit, deen an d’Welt komme soll.“

[15] Wéi de Jesus erkannt huet, datt si komme wollten, fir hie mat Gewalt matzehuelen an zum Kinnek ze maachen, huet hie sech nees eleng op de Bierg zeréckgezunn.

[16] Géint der Owend gounge seng Jénger bei de Séi erof,

[17] sinn an en Naache geklommen an iwwert de Séi op Kapernaum gefuer. Et war schonn däischter an de Jesus war nach ëmmer net bei hinnen ukomm.

[18] De Séi gouf duerch e staarke Wand opgewullt.

[19] Nodeems si ongeféier fënnef bis sechs Kilometer geruddert waren, hu si gesinn, wéi de Jesus iwwert de Séi gaangen an op den Naachen duerkomm ass. Si kruten et mat der Angscht ze dinn.

[20] „Ech sinn et; hieft keng Angscht!“, huet hie geruff.

[21] Seng Jénger waren du bereet, hien an den Naachen ze loossen, an eenzock war den Naachen um Uwänner, do wou si hi wollten.

[22] Den Dag drop hunn d’Leit, déi op der anerer Säit vum Séi bliwwe waren, gemierkt, datt de Jesus net zesumme mat de Jénger an deem eenzege klengen Naachen, deen do war, eriwwer gefuer war, mee datt d’Jénger eleng fortgefuer waren.

[23] (Et koumen awer nach aner kleng Naache vun Tiberias an d’Géigend vun där Plaz, wou si d’Brout giess haten, nodeems den Här Gott dofir Merci gesot hat.)

[24] Wéi d’Leit du gesinn hunn, datt weder de Jesus nach seng Jénger do waren, si si erëm an hir Naache geklommen a sinn op Kapernaum gefuer, op d’Sich nom Jesus.

[25] Wéi si hien op der anerer Säit vum Séi fonnt hunn, frote si hien: „Rabbi, wéini bass du dann hei ukomm?“

[26] De Jesus huet hinne geäntwert: „Ech soen iech d’Wourecht! Dir sicht mech net wéinst den Zeechen, déi dir gesinn hutt, mee well dir vum Brout giess hutt a sat gi sidd.

[27] Maacht iech net midd fir dat Iessen, dat verdierft, mee fir dat Iessen, dat fir d’éiwegt Liewe bleift, dat de Jong vum Mënsch iech wäert ginn. Gott, de Papp, huet hien nämlech auserwielt.“

[28] Du frote si hien: „Wat musse mir maachen, fir d’Wierker vu Gott och auszeféieren?“

[29] „Dat hei ass d’Wierk vu Gott: op deen ze vertrauen, deen hie geschéckt huet!“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[30] „Wat fir en Zeeche méchs du dann elo, fir datt mir et kënne gesinn an un dech gleewe kënnen? Wat fir ee Wierk méchs du?“, frote si hien.

[31] „Eis Virfueren hu Manna an der Wüst giess, esou wéi et geschriwwe steet: ‚Hien huet hinne Brout aus dem Himmel ginn, fir z’iessen.‘“ (2. Moses 16,4; Nehemia 9,15; Psalmen 78,24)

[32] „Ech soen iech d’Wourecht!“, sot de Jesus zu hinnen. „Et war net de Moses, deen iech d’Brout aus dem Himmel ginn huet, mee et ass mäi Papp, deen iech dat richtegt Brout aus dem Himmel gëtt.

[33] D’Brout vu Gott ass nämlech dat, wat vum Himmel erofkënnt, an der Welt Liewe gëtt.“

[34] „Här“, sote si, „gëff eis ëmmer dëst Brout!“

[35] „Ech selwer sinn d’Brout, dat Liewe schenkt“, huet de Jesus geäntwert. „Deen, dee bei mech kënnt, gëtt ni méi hongereg, an deen, deen op mech vertraut, gëtt ni méi duuschtereg.

[36] Ech hunn iech jo awer gesot, datt dir mech gesinn hutt, an trotzdeem vertraut dir net op mech.

[37] Jiddereen, deen de Papp mir gëtt, kënnt bei mech an ech schécke kee fort, dee bei mech kënnt.

[38] Ech sinn nämlech vum Himmel erofkomm, net fir mäi Wëllen ze maachen, mee fir de Wëlle vun deem ze maachen, dee mech geschéckt huet.

[39] Dat hei ass de Wëlle vum Papp, dee mech geschéckt huet: datt ech kee vun deenen, déi hie mir ginn huet, verléieren, mee datt ech si um leschten Dag operstoe loossen.

[40] De Wëlle vum Papp, dee mech geschéckt huet, ass, datt jiddereen, deen de Jong gesäit an op hie vertraut, éiwegt Liewe kritt, an ech loossen hien um leschten Dag operstoen.“

[41] D’Judden hunn dunn ugefaangen, iwwert hien ze knouteren, well hie gesot hat, datt hien d’Brout ass, dat vum Himmel erofkomm ass:

[42] „Ass hien net de Jesus, de Jong vum Jousef, deem säi Papp a seng Mamm mir kennen? Wéi kann hien da soen, hie wier vum Himmel erofkomm?“

[43] „Knoutert net ënnerteneen!“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[44] „Et kann nämlech kee bei mech kommen, et sief dann hie gëtt vum Papp, dee mech geschéckt huet, ugezunn. Um leschten Dag loossen ech hien operstoen.

[45] An de Prophéite steet geschriwwen: ‚Si ginn alleguer vu Gott geléiert.‘ (Yesaia 54,13) Jiddereen, deen dem Papp nolauschtert a vun him léiert, kënnt bei mech.

[46] Et huet keen de Papp gesinn, ausser deen, dee vu Gott kënnt, deen huet de Papp gesinn.

[47] Ech soen iech d’Wourecht! Wien u mech gleeft, huet éiwegt Liewen.

[48] Ech sinn d’Brout vum Liewen.

[49] Är Virfueren hu Manna an der Wüst giess a si gestuerwen.

[50] Dat hei ass d’Brout, dat vum Himmel erofkënnt, fir datt een dovunner ësst an net stierft.

[51] Ech sinn d’liewegt Brout, dat vum Himmel erofkomm ass. Wie vun dësem Brout ësst, lieft éiweg. D’Brout, dat ech ginn, ass mäi Kierper, deen ech fir d’Liewe vun der Welt ginn.“

[52] D’Judden hunn dofir ënnertenee gestridden: „Wéi kann dëse Mann eis säi Kierper z’iesse ginn?“

[53] „Ech soen iech d’Wourecht!“, sot de Jesus zu hinnen, „wann dir de Kierper vum Jong vum Mënsch net iesst a säi Blutt net drénkt, hutt dir kee Liewen an iech.

[54] Wie mäi Kierper ësst a mäi Blutt drénkt, huet éiwegt Liewen an um leschten Dag loossen ech hien operstoen.

[55] Mäi Kierper ass nämlech richtegt Iessen a mäi Blutt ass e richtegen Dronk.

[56] Wie mäi Kierper ësst a mäi Blutt drénkt, bleift a mir an ech an him.

[57] Esou wéi de liewege Papp mech geschéckt huet an ech wéinst dem Papp liewen, geneesou lieft deen, dee mech ësst, wéinst menger.

[58] Dat ass d’Brout, dat vum Himmel erofkomm ass. Et ass anescht wéi d’Manna, dat är Virfuere giess hunn, déi gestuerwe sinn. Deen, deen dëst Brout ësst, lieft éiweg.“

[59] De Jesus sot dat alles, wéi hien an der Synagog zu Kapernaum enseignéiert huet.

[60] Du sote vill vu senge Jénger, déi dat héieren haten: „Seng Léier ass zimlech haart. Wie kann hir nolauschteren?“

[61] De Jesus war sech bewosst, datt seng Jénger doriwwer géife knouteren, a sot zu hinnen: „Huelt dir Ustouss un deem, wat ech sot?

[62] A wat wier, wann dir de Jong vum Mënsch eropfuere geséicht, an zwar hannescht dohinn, wou hie virdru war?

[63] De Geescht schenkt Liewen; de Kierper ass onnëtz. D’Wierder, déi ech iech gesot hunn, si Geescht a Liewen.

[64] Mee et gëtt en etlech ënnert iech, déi net op mech vertrauen.“ De Jesus wousst nämlech vun Ufank un, wien déi waren, déi net gegleeft hunn, a wien dee war, deen hie verrode géif.

[65] Hie sot: „Dowéinst sot ech iech, datt kee bei mech komme kann, ausser et gouf him vu mengem Papp ginn.“

[66] Doropshin hunn der vill vu senge Jénger him de Réck gedréit a sinn him net méi nogaangen.

[67] Du frot de Jesus déi Zwielef: „Wëllt dir éieren och nach fortgoen?“

[68] „Här, bei wie sollte mir da goen?“, huet de Schimon-Péitrus geäntwert. „Du hues dach d’Wierder vum éiwege Liewen.

[69] Mir gleewen a wëssen, datt s du de Messias bass, de Jong vum liewege Gott.“

[70] „War ech et net, deen iech Zwielef auserwielt hunn? An dach ass ee vun iech en Däiwel“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[71] Hien hat vum Judas, dem Jong vum Schimon Ischkariot, geschwat, deen ee vun den Zwielef war an hie spéider verrode sollt.

De Jean — Chapters