Skip to content
Opens in a new window

[1] „Ech sinn de richtege Riefstack a mäi Papp ass de Wënzer.

[2] All Rief, déi keng Friichten dréit, gëtt erausgeschnidden. All Rief, déi Friichten dréit, gëtt gebotzt, fir datt si nach méi Friichten dréit.

[3] Dir sidd scho propper wéinst dem Wuert, dat ech iech gesot hunn.

[4] Bleift a mir an ech bleiwen an iech. Esou wéi d’Rief keng Friichten droe kann, wa si net um Riefstack bleift, esou kënnt och dir keng Friichten droen, wann dir net a mir bleift.

[5] Ech sinn de Riefstack an dir sidd d’Riewen. Wien a mir bleift an ech an him, deen dréit vill Friichten, well ouni mech bréngt dir näischt fäerdeg.

[6] Wien net a mir bleift, gëtt wéi d’Rief ewechgehäit a gëtt dier. D’Riewe ginn zesummegeraf, an d’Feier gehäit a verbrannt.

[7] Wann dir a mir bleift a meng Wierder an iech bleiwen, da frot, wat och ëmmer dir wëllt, an et gëtt fir iech gemaach.

[8] Esou gëtt mäi Papp verherrlecht: andeems dir vill Friichten drot a meng Jénger gitt.

[9] Esou wéi mäi Papp mech gär hat, hat ech iech och gär. Bleift a menger Léift.

[10] Wann dir meng Geboter anhaalt, da bleift dir a menger Léift, esou wéi ech mengem Papp seng Geboter agehalen hunn an a senger Léift bleiwen.

[11] Ech hunn iech dat alles gesot, fir datt meng Freed an iech bleift a fir datt är Freed vollkomme gëtt.

[12] Dat hei ass mäi Gebot: Hutt een deen anere gär, esou wéi ech iech gär hat.

[13] Et huet kee méi eng grouss Léift wéi déi hei: datt ee säi Liewe fir seng Frënn hiergëtt.

[14] Dir sidd meng Frënn, wann dir maacht, wat ech iech befeelen.

[15] Ech nennen iech elo net méi Kniechten, well e Kniecht weess net, wat säi Meeschter mécht. Ech nennen iech Frënn, well ech iech alles matgedeelt hunn, wat ech vu mengem Papp héieren hunn.

[16] Dir hutt net mech auserwielt, mee ech hunn iech auserwielt. Ech hunn iech ugestallt, hinzegoen a Friichten ze droen, an datt är Friichte bleiwe soll. Da gëtt de Papp iech och dat, wat dir a mengem Numm frot.

[17] Dat hei ass mäi Gebot fir iech: Hutt een deen anere gär!

[18] Wann d’Welt iech haasst, da verstitt, datt si mech fir d’éischt gehaasst huet.

[19] Wann dir vun der Welt wiert, dann hätt d’Welt hir Eege gär. Mee dir sidd net méi en Deel vun der Welt, well ech iech aus der Welt auserwielt hunn, an dowéinst haasst d’Welt iech och.

[20] Erënnert iech un dat, wat ech zu iech gesot hat: ‚Den Dénger ass net méi wichteg wéi säi Meeschter.‘ Wa si mech verfollegt hunn, da verfollege si och iech. Wa si mengem Wuert gefollegt hunn, da follege si och ärem.

[21] Mee si dinn iech dat alles wéinst menger un, well si deen net kennen, dee mech geschéckt huet.

[22] Wann ech net komm wier a mat hinne geschwat hätt, dann hätte si keng Sënn. Mee elo hu si keng Entschëllegung méi fir hir Sënn.

[23] Wie mech haasst, haasst och mäi Papp.

[24] Wann ech d’Wierker, déi soss kee gemaach huet, net bei hinnen zou gemaach hätt, dann hätte si keng Sënn. Mee elo hu si alles gesinn an hunn esouwuel mech wéi och mäi Papp gehaasst.

[25] Dat ass awer geschitt, fir datt d’Wuert, dat an hirem Gesetz steet, sech erfëlle géif: ‚Si hu mech ouni Grond gehaasst.‘ (Psalmen 35,19; 69,5)

[26] Wann de Begleeder kënnt, deen ech iech vum Papp schécken (de Geescht vun der Wourecht, dee vum Papp kënnt), da seet hien iwwert mech aus.

[27] Och dir sot dann iwwert mech aus, well dir vun Ufank u bei mir waart.

De Jean — Chapters