Skip to content
Opens in a new window

[1] Sechs Deeg virum Passafest koum de Jesus op Betanien, do wou de Lazarus, deen hie vun den Doudegen operstoe gelooss hat, gewunnt huet.

[2] Si hunn him dunn en Iessen do preparéiert an d’Marta huet zerwéiert. De Lazarus war ënnert deenen, déi mat him zu Dësch louchen.

[3] D’Maria huet en drëttel Kilo pur a ganz wäertvoll Nardenessenz geholl, huet dem Jesus seng Féiss domat gesalleft an huet mat sengen Hoer seng Féiss gedréchent. D’Haus war vum Geroch vun der Essenz gefëllt.

[4] De Judas Ischkariot, dem Schimon säi Jong an ee vu senge Jénger (deen, deen drop an dru war, fir hien ze verroden), huet awer gefrot:

[5] „Firwat gouf dës Essenz net fir dräihonnert Denare verkaf an d’Suen un déi Aarm gespent?“

[6] Hie sot dat net, well hien ëm déi Aarm besuergt war, mee well hien en Déif war. Hie war zoustänneg fir d’Keess an huet vun deem, wat dra geluecht gouf, ënnerschloen.

[7] „Loosst hatt gewäerden“, huet de Jesus geäntwert. „Hatt huet dës Essenz fir den Dag vu mengem Begriefnes versuergt.

[8] Déi Aarm hutt dir ëmmer ëm iech, mech awer hutt dir net ëmmer bei iech.“

[9] Eng Abberzuel Judden huet erausfonnt, datt hien do war. Si koumen net nëmmen, fir de Jesus ze gesinn, mee och de Lazarus, deen hie vun den Doudegen operstoe gelooss hat.

[10] Dofir hunn d’iewescht Priister decidéiert, de Lazarus och ëmzebréngen,

[11] well et wéinst senger war, datt vill vun de Judde si verlooss hunn an op de Jesus vertraut hunn.

[12] Den Dag drop, wéi eng Abberzuel Leit, déi op d’Fest komm waren, héieren hunn, datt de Jesus ënnerwee fir op Jerusalem wier,

[13] hu si Palmenäscht geholl, sinn eraus an him entgéintgaangen an hu geruff: „Hosanna! Geseent ass deen, deen am Numm vum Här kënnt! De Kinnek vun Israel!“ (Psalmen 118,25-26)

[14] De Jesus huet en Ieselsfille fonnt an huet sech drop gesat, esou wéi et geschriwwe steet:

[15] „Fäert net, Duechter vun Zion! Kuck, däi Kinnek kënnt a sëtzt op engem Ieselsfillen.“ (Sacharia 9,9)

[16] Am Ufank hu seng Jénger dat alles net verstanen, mee nodeems de Jesus verherrlecht war, hu si sech drun erënnert, datt dat alles iwwert hie geschriwwe stoung an datt si dat fir hie gemaach haten.

[17] An der Tëschenzäit, hunn d’Leit, déi bei him waren, wéi hien de Lazarus vun den Doudegen operstoe gelooss hat, dovunner weiderverzielt.

[18] D’Leit hunn héieren, datt hien dëst Zeeche gemaach hat, an dofir sinn si him entgéintgaangen.

[19] Du soten d’Pharisäer een zum aneren: „Gesitt dir? Et bréngt alles näischt! Kuckt, d’ganz Welt leeft him no!“

[20] Et waren awer och munch Griichen ënnert de Leit, déi eropkomm waren, fir Gott um Fest unzebieden.

[21] Si si bei de Philippe gaangen, deen aus Betsaida a Galilea war, an hu gesot: „Här, mir géife gär de Jesus gesinn.“

[22] De Philippe goung bei den Andreas an huet him et gesot. Zesumme si si bei de Jesus gaangen an hunn him et verzielt.

[23] De Jesus huet hinnen awer geäntwert: „D’Zäit ass komm, datt de Jong vum Mënsch verherrlecht gëtt.

[24] Ech soen iech d’Wourecht! Wann e Weesskär net an de Buedem fält a stierft, da bleift en eleng. Wann en awer stierft, da bréngt e vill Fruucht.

[25] Wie säi Liewe gär huet, verléiert et, mee wie säi Liewen an dëser Welt haasst, behält et fir d’éiwegt Liewen.

[26] Wie mir dénge wëllt, soll mir nogoen, well do wou ech sinn, ass och mäin Dénger. Wie mir déngt, gëtt vu mengem Papp geéiert.

[27] Meng Séil ass opgewullt a wat soll ech soen? Papp, rett mech aus dëser Stonn? Mee grad dowéinst sinn ech an dës Stonn komm.

[28] Papp, verherrlech däin Numm!“ Du koum eng Stëmm aus dem Himmel: „Ech hunn e scho verherrlecht an ech verherrlechen en nees!“

[29] D’Leit, déi ronderëm stoungen an d’Stëmm héieren hunn, hu gemengt et hätt gedonnert. Anerer soten, en Engel hätt mat him geschwat.

[30] „Dës Stëmm koum net wéinst menger, mee wéinst ärer“, sot de Jesus zu hinnen.

[31] „Elo gëtt Geriicht iwwert dës Welt gehalen; elo gëtt den Herrscher vun dëser Welt erausgehäit.

[32] Wann ech da vun der Äerd erhéicht ginn, zéien ech jidderee bei mech un.“

[33] Hie sot dat, fir unzedeiten, wat fir een Doud hie geschwë stierwe géif.

[34] „Mir hunn am Gesetz héieren, datt de Messias fir ëmmer bleift“, hunn d’Leit him geäntwert. „Wéi kanns du da soen: ‚De Jong vum Mënsch muss erhéicht ginn‘? Wien ass dann dësen ‚Jong vum Mënsch‘?“

[35] De Jesus huet hinne geäntwert: „D’Liicht ass just nach eng kuerz Zäit ënnert iech. Gitt soulaang dir d’Liicht hutt, esou datt d’Däischtert iech net iwwerfält. Deen, deen an der Däischtert geet, weess net, wou en higeet.

[36] Vertraut op d’Liicht, soulaang dir d’Liicht hutt, esou datt dir Kanner vum Liicht kënnt ginn.“ Nodeems de Jesus dat alles gesot hat, ass hie fortgaangen an huet sech virun hinne verstoppt.

[37] Obschonn hien esou vill Zeeche virun hiren Ae gemaach hat, hu si him nach ëmmer net gegleeft.

[38] Esou sollt sech d’Wuert vum Prophéit Yesaia erfëllen, dee sot: „Här, wien huet eiser Priedegt gegleeft? Wie krut de mächtegen Aarm vum Här gewisen?“ (Yesaia 53,1)

[39] Dofir konnte si net gleewen. De Yesaia sot nämlech weider:

[40] „Hien huet hir Ae blann gemaach an hir Häerzer verbruet, fir datt si net mat hiren Ae gesinn an net mat hirem Verstand verstinn. Esou kéiere si net ëm an ech heele si net.“ (Yesaia 6,9-10)

[41] De Yesaia sot dat alles, wéi hie seng Herrlechkeet gesinn a vun him verzielt hat.

[42] Trotz allem hunn esouguer vill vun de jüddeschen Autoritéiten op hie vertraut, mee si hu sech wéinst de Pharisäer net zu him bekannt, fir net aus der Synagog ausgeschloss ze ginn;

[43] fir si war de Luef vun de Mënschen nämlech méi wichteg wéi de Luef vu Gott.

[44] De Jesus huet haart geruff: „Wien op mech vertraut, vertraut net op mech, mee op deen, dee mech geschéckt huet.

[45] Wie mech gesäit, gesäit deen, dee mech geschéckt huet.

[46] Ech sinn als Liicht an d’Welt komm, fir datt jiddereen, deen op mech vertraut, net an der Däischtert bleift.

[47] Wie meng Wierder héiert an net gleeft, dee riichten ech net. Ech sinn nämlech net komm, fir d’Welt ze riichten, mee fir d’Welt ze retten.

[48] Wie mech verwerft a meng Wierder net unhëlt, huet scho säi Riichter: D’Wuert, wat ech gesot hunn, riicht hien um leschten Dag.

[49] Ech hunn net aus mir selwer geschwat, mee de Papp, dee mech geschéckt huet, huet mech ugestallt, wat ech soen a schwätze soll.

[50] Ech weess, datt säin Uerder éiwegt Liewen ass, an dowéinst ass dat, wat ech soen, genee dat, wat de Papp mir gesot huet.“

De Jean — Chapters