[1] „Ech soen iech d’Wourecht! Deen, deen net duerch d’Paart bei d’Schof an d’Perch erageet, mee anzwousch anescht eraklëmmt, ass en Déif an e Brigang.
[2] Mee deen, deen duerch d’Paart erageet, ass den Hiert vun de Schof.
[3] De Wiechter mécht him d’Paart op an d’Schof héieren op seng Stëmm. Hie rifft d’Schof, déi him gehéieren, mam Numm a féiert si eraus.
[4] Wann hie seng eege Schof erausféiert, geet hie virun hinnen an d’Schof ginn him no, well si seng Stëmm kennen.
[5] Si ginn op kee Fall engem Friemen no, mee lafe virun him fort, well si deene Friemen hir Stëmm net kennen.“
[6] De Jesus huet hinnen dëst Gläichnes verzielt, mee si hunn net verstanen, vu wat hien hinne géif schwätzen.
[7] Weiderhi sot de Jesus zu hinnen: „Ech soen iech d’Wourecht! Ech sinn d’Paart fir d’Schof.
[8] All déi, déi viru mir koumen, waren Déif a Brigangen, mee d’Schof hunn net op si gelauschtert.
[9] Ech sinn d’Paart. Wien duerch mech erakënnt, dee gëtt gerett. Hie geet eran an eraus a fënnt Weed.
[10] En Déif kënnt nëmmen, fir ze klauen, fir ze schluechten a fir ze zerstéieren. Ech si komm, fir datt si Liewen hunn an et am Iwwerfloss hunn.
[11] Ech sinn de gudden Hiert. De gudden Hiert gëtt säi Liewen hier fir d’Schof.
[12] Mee den Doléiner, deen net den Hiert ass, an deem d’Schof net gehéieren, verléisst d’Schof a leeft fort, wann hien de Wollef komme gesäit. Da fält de Wollef iwwert d’Schof hier a verspreet se.
[13] En Doléiner leeft fort, well hie just den Doléiner ass an d’Schof him egal sinn.
[14] Ech sinn de gudden Hiert. Ech kenne meng Schof a meng Schof kenne mech.
[15] Esou wéi de Papp mech kennt, esou kennen ech och mäi Papp. Ech gi mäi Liewen hier fir d’Schof.
[16] Ech hunn och nach aner Schof, déi net aus dëser Perch sinn. Och si muss ech leeden a si lauschteren op meng Stëmm. Da gëtt et eng eenzeg Häerd an een Hiert.
[17] Aus dësem Grond huet de Papp mech gär: Ech gi mäi Liewen hier, fir et nees zeréckzehuelen.
[18] Keen hëlt mir et ewech, ech ginn et fräiwëlleg. Ech hunn d’Muecht, et hierzeginn an ech hunn d’Muecht, et nees zeréckzehuelen. Dësen Uerder krut ech vu mengem Papp.“
[19] Wéinst dëser Ried waren d’Judden erëm gedeelter Meenung.
[20] Vill vun hinne soten: „Hien huet en Dämon an ass geckeg! Firwat lauschtert dir op hien?“
[21] Anerer soten: „Esou schwätzt keen, deen en Dämon huet. Kann dann en Dämon d’Ae vun engem Blannen opmaachen?“
[22] Et war d’Joreszäit, an där et reent, a grad d’Fest vun der Wei zu Jerusalem.
[23] De Jesus goung am Tempel duerch d’Hal vum Salomon.
[24] Dunn hunn d’Judde sech ronderëm hie gestallt an hie gefrot: „Wéi laang spaans du eis nach op d’Folter? Wann s du de Messias bass, da so eis et riicht eraus!“
[25] De Jesus huet geäntwert: „Ech hunn iech et scho gesot, mee dir gleeft mir nach ëmmer net. D’Wierker, déi ech a mengem Papp sengem Numm maachen, soen iwwert mech aus.
[26] Dir gleeft awer net, well dir net meng Schof sidd, esou wéi ech iech et scho gesot hunn.
[27] Meng Schof lauschteren op meng Stëmm. Ech kenne si a si gi mir no.
[28] Ech ginn hinnen éiwegt Liewen a si gi weder an der Éiwegkeet verluer nach rappt ee si aus menger Hand.
[29] Mäi Papp, dee mir si ginn huet, ass méi grouss wéi jiddereen an et ka kee si aus mengem Papp senger Hand rappen.
[30] Ech an de Papp sinn eent.“
[31] Doropshin hunn d’Judden nees eng Kéier Steng opgeraf, fir hien ze stengegen.
[32] „Ech hunn iech vill gutt Wierker vu mengem Papp gewisen. Wéinst wéi engem wëllt dir mech stengegen?“, frot de Jesus si.
[33] „Mir stengegen dech net wéinst engem gudde Wierk, mee wéinst Gotteslästerung, well s du, deen s du nëmmen e Mënsch bass, dech zu Gott méchs“, hunn d’Judden him geäntwert.
[34] De Jesus huet hinnen zeréckgeäntwert: „Steet net an ärem Gesetz: ‚Ech sot: „Dir sidd Gëtter“‘? (Psalmen 82,6)
[35] Wann hien déijéineg, déi d’Wuert vu Gott kruten, Gëtter nennt (an d’Schrëft kann net opgehuewe ginn),
[36] wéi kënnt dir dann deem, deen de Papp gehellegt an an d’Welt geschéckt huet, soen: ‚Du lästers Gott!‘, nëmme well ech gesot hunn: ‚Ech sinn de Jong vu Gott‘?
[37] Wann ech net mengem Papp seng Wierker maachen, da gleeft mir net.
[38] Mee wann ech se maachen a wann dir mir och net gleeft, da gleeft un d’Wierker, fir datt dir wëssen an drop vertraue kënnt, datt de Papp a mir ass an ech am Papp sinn.“
[39] Doropshin hu si nees probéiert, hie festzehuelen, mee hien ass hinnen entkomm.
[40] De Jesus goung erëm fort op déi aner Säit vum Jordan, op déi Plaz, wou de Jean am Ufank gedeeft hat, an hien ass eng Zäitchen do bliwwen.
[41] Et sinn der vill bei hie komm a soten: „De Jean huet zwar keng Zeeche gemaach, mee alles, wat de Jean iwwert dëse Mann gesot huet, ass wouer.“
[42] Vill Leit hunn do op hie vertraut.