Skip to content
Opens in a new window

[1] Doropshi goung de Jesus op den Olivebierg.

[2] Fréi den nächste Muere goung hien nees hannescht an den Tempel; d’Leit sinn all bei hie komm an hien huet sech gesat a si geléiert.

[3] D’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer hunn eng Fra bei hie bruecht, déi erwëscht gouf, wéi si friemgaangen ass. Si hunn d’Fra matzen ënnert d’Leit gestallt

[4] a soten zum Jesus: „Rabbi, dës Fra gouf dobäi erwëscht, wéi si friemgaangen ass.

[5] Am Gesetz huet de Moses eis den Uerder ginn, fir esou eng Fra ze stengegen. Mee wat sees du dozou?“

[6] Si hunn dat gefrot, well si hien op d’Prouf stelle wollten, fir datt si eppes hätten, fir hien ze beschëllegen. Mee de Jesus huet sech gebéckt a mam Fanger op de Buedem geschriwwen, ouni si ze beuechten.

[7] Wéi si net opgehalen hunn, hien ze froen, huet hie sech opgeriicht a sot zu hinnen: „Deen, dee keng Sënn huet, soll als éischten e Steen op si geheien.“

[8] Hien huet sech erëm gebéckt an op de Buedem geschriwwen.

[9] Wéi si dat héieren hunn, goufe si vun hirem Gewëssen ugeklot a si goungen een nom anere fort, ugefaange vum Eelste bis op dee Leschten. De Jesus gouf eleng mat der Fra, déi an der Mëtt stoung, zeréckgelooss.

[10] De Jesus huet sech opgeriicht, huet keen ausser der Fra gesinn a sot zu hir: „Fra, wou sinn déi, déi dech ukloen? Huet iergendeen dech veruerteelt?“

[11] Si huet geäntwert: „Keen, Här.“ De Jesus huet geäntwert: „Ech veruerteelen dech och net. Géi a sënneg elo net méi.“

[12] De Jesus huet nach eng Kéier mat de Leit geschwat: „Ech sinn d’Liicht vun der Welt. Wie mir nogeet, geet net an der Däischtert, mee kritt d’Liicht vum Liewen.“

[13] Du soten d’Pharisäer zu him: „Du sees iwwert dech selwer aus. Deng Ausso gëllt net!“

[14] „Och wann ech selwer iwwert mech aussoen, gëllt meng Ausso, well ech weess, vu wou ech kommen a wou ech higinn“, huet de Jesus geäntwert. „Mee dir wësst net, vu wou ech kommen a wou ech higinn.

[15] Dir riicht no mënschleche Kritären, ech riichte keen.

[16] Wann ech riichten, gëllt mäin Uerteel, well ech net eleng sinn, mee mam Papp, dee mech geschéckt huet.

[17] An ärem Gesetz steet geschriwwen, datt d’Ausso vun zwee Leit gëllt.

[18] Ech sinn ee vun deenen zwee, deen iwwert mech ausseet, an de Papp, dee mech geschéckt huet, seet och iwwert mech aus.“

[19] Du frote si hien: „Wou ass däi Papp?“ „Dir kennt weder mech nach mäi Papp“, huet de Jesus geäntwert. „Wann dir mech géift kennen, da géift dir och mäi Papp kennen.“

[20] De Jesus sot dës Wierder, wéi hien no bei den Afferstäck vum Tempel enseignéiert huet, mee et huet keen hie festgeholl, well seng Zäit nach net komm war.

[21] Nees eng Kéier sot hien zu hinnen: „Ech gi fort an da sicht dir mech, mee dir stierft an ärer Sënn. Do, wou ech higinn, kënnt dir net hikommen.“

[22] Du soten d’Judden: „Wëll hie sech éieren d’Liewen huelen? Hie seet nämlech: ‚Do, wou ech higinn, kënnt dir net hikommen.‘“

[23] „Dir kommt vun ënnen, ech komme vun uewen; dir sidd vun dëser Welt, ech sinn net vun dëser Welt“, sot hien zu hinnen.

[24] „Dowéinst hunn ech iech gesot, datt dir an äre Sënne stierft. Wann dir nämlech net gleeft, datt ech et sinn, da stierft dir an äre Sënnen.“

[25] Doropshi frote si hien: „Wie bass du dann?“ „Ma genee deen, deen ech vun Ufank u gesot hunn“, huet de Jesus geäntwert.

[26] „Ech hu vill iwwert iech ze soen a vill ze riichten. Mee deen, dee mech geschéckt huet, ass vertrauenswierdeg, an ech soen der Welt all dat, wat ech vun him héieren hunn.“

[27] Si hunn net verstanen, datt hien hinne vum Papp geschwat huet.

[28] Dofir sot de Jesus zu hinnen: „Wann dir de Jong vum Mënsch héichhieft, da wësst dir, datt ech et sinn. Ech maachen näischt vu mir aus, mee ech soen all dat, wat mäi Papp mech geléiert huet.

[29] Deen, dee mech geschéckt huet, ass bei mir. De Papp léisst mech net eleng, well ech ëmmer dat maachen, wat him gefält.“

[30] Wéi hien dës Wierder sot, hu vill Leit op hie vertraut.

[31] De Jesus sot zu de Judden, déi op hie vertraut hunn: „Wann dir a mengem Wuert bleift, da sidd dir wierklech meng Jénger.

[32] Dir kennt dann d’Wourecht an d’Wourecht mécht iech fräi.“

[33] „Mir sinn dem Abraham seng Nokommen a goufen nach ni vun iergendengem versklaavt. Wéi kanns du soen, datt mir befreit ginn?“, hu si geäntwert.

[34] „Ech soen iech d’Wourecht!“, huet de Jesus hinne geäntwert. „Jiddereen, dee sënnegt, ass e Sklav vun der Sënn.

[35] E Sklav bleift net éiweg am Stot, mee de Jong bleift éiweg am Stot.

[36] Wann de Jong iech befreit, da sidd dir wierklech befreit.

[37] Ech weess, datt dir dem Abraham seng Nokomme sidd, mee dir probéiert mech ëmzebréngen, well meng Wierder keng Plaz an iech fannen.

[38] Ech soen iech dat, wat ech bei mengem Papp gesinn hunn, an dir maacht dat, wat dir bei ärem Papp gesinn hutt.“

[39] „Eise Papp ass den Abraham!“, hu si geäntwert. „Wann dir dem Abraham seng Nokomme wiert, da géift dir dem Abraham seng Wierker maachen“, sot de Jesus zu hinnen.

[40] „An elo probéiert dir, mech ëmzebréngen, e Mënsch, deen iech d’Wourecht gesot huet, déi hie vu Gott héieren huet. Den Abraham huet dat net gemaach!

[41] Dir maacht ärem Papp seng Wierker.“ „Mir goufen net aus der Hourerei gebuer! Mir hunn ee Papp, Gott!“, sote si zu him.

[42] „Wa Gott äre Papp wier, dann hätt dir mech gär, well ech goung vu Gott fort a koum heihinner“, huet de Jesus hinne geäntwert. „Ech koum nämlech net vu mir aus, mee et war hien, dee mech geschéckt huet.

[43] Firwat verstitt dir net, wat ech iech soen? Well dir net amstand sidd, fir deem, wat ech soen, nozelauschteren!

[44] Dir kommt vun ärem Papp, dem Däiwel, an dir wëllt dat maachen, wat äre Papp begiert. Hie war vun Ufank un e Mäerder an hie lieft net an der Wourecht, well et keng Wourecht an him gëtt. Wann hie litt, da seet hien, wat aus sech kënnt, well hien e Ligener an de Papp vun de Ligen ass.

[45] Mee well ech d’Wourecht soen, vertraut dir mir net.

[46] Wie vun iech ka beweisen, datt ech sënnegen? Wann ech d’Wourecht soen, firwat vertraut dir mir dann net?

[47] Deen, dee vu Gott ass, héiert dat, wat Gott seet; an dir lauschtert net, well dir net vu Gott sidd.“

[48] D’Judden hunn him geäntwert: „Hu mir dann net Recht, wa mir soen, datt s du e Samariter bass an en Dämon hues?“

[49] „Ech hu keen Dämon!“, huet de Jesus geäntwert. „Ech éiere mäi Papp, mee dir entéiert mech.

[50] Ech sichen net meng eegen Herrlechkeet. Et gëtt een, dee se sicht an dee riicht.

[51] Ech soen iech d’Wourecht! Wie mäi Wuert anhält, gesäit den Doud iwwerhaapt ni.“

[52] Du soten d’Judden zu him: „Lo wësse mir, datt s du en Dämon hues! Den Abraham ass gestuerwen an och d’Prophéiten an du sees: ‚Wie mäi Wuert anhält, schmaacht den Doud iwwerhaapt ni.‘

[53] Bass du éiere méi grouss wéi eise Papp, den Abraham, dee gestuerwen ass? D’Prophéite sinn och gestuerwen. Fir wien häls du dech?“

[54] „Wann ech mech selwer éieren, ass meng Éier näischt wäert“, huet de Jesus geäntwert. „Et ass mäi Papp, dee mech éiert a vun deem dir sot, datt hien äre Gott wier,

[55] an dir kennt hien emol net. Ech kennen hien awer a wann ech géif soen, ech géif hien net kennen, da wier ech e Ligener wéi dir. Mee ech kennen hien an hale säi Wuert an.

[56] Äre Papp Abraham huet jubiléiert, fir mäin Dag ze gesinn. Hien huet e gesinn a war frou.“

[57] „Du bass emol keng fofzeg Joer al an du wëlls den Abraham scho gesinn hunn?“, soten d’Judden zu him.

[58] „Ech soen iech d’Wourecht!“, sot de Jesus zu hinnen. „Éier et den Abraham gouf, sinn ech!“

[59] Dunn hu si Steng opgeraf, fir op hien ze geheien, mee de Jesus huet sech verstoppt an den Tempel verlooss an, andeems hien duerch hir Mëtt goung, ass hien hinnen entkomm.

De Jean — Chapters