[1] Nodeems de Jesus dat alles gesot hat, huet hien erop an den Himmel gekuckt a gebiet: „Papp, d’Zäit ass komm. Verherrlech däi Jong, fir datt däi Jong dech och verherrlecht.
[2] Dofir hues du him jo Autoritéit iwwert d’ganz Mënschheet ginn. Hie krut dës Autoritéit, fir datt hien all deenen éiwegt Liewe gëtt, déi s du him ginn hues.
[3] Dat hei ass d’éiwegt Liewen: datt si dech, den eenzeg richtege Gott, an de Messias Jesus, deen s du geschéckt hues, kennen.
[4] Ech hunn dech op der Äerd verherrlecht, andeems ech d’Wierk, dat s du mir opgedroen has, zu Enn bruecht hunn.
[5] An elo Papp, verherrlech mech bei dir mat där Herrlechkeet, déi ech bei dir hat, éier et d’Welt gouf.
[6] Ech hunn däin Numm bei deene Mënschen, déi s du mir aus der Welt ginn has, bekanntgemaach. Si hunn dir gehéiert, mee du hues mir si ginn a si hunn dengem Wuert gefollegt.
[7] Elo wësse si, datt alles, wat s du mir ginn hues, vun dir kënnt.
[8] D’Wierder, déi s du mir ginn hues, hunn ech hinnen nämlech weiderginn. Si hu si ugeholl a si wësse ganz sécher, datt ech vun dir koum. Si hu gegleeft, datt s du mech geschéckt hues.
[9] Ech biede fir si. Ech bieden net fir d’Welt, mee fir déijéineg, déi s du mir ginn hues, well si gehéieren dir.
[10] Alles, wat mäint ass, ass däint an alles, wat däint ass, ass mäint. Ech ginn an hinne verherrlecht.
[11] Elo sinn ech net méi an der Welt, si sinn awer nach an der Welt an ech komme bei dech. Hellege Papp, behitt an dengem Numm déi, déi s du mir ginn hues, fir datt si eent sinn, esou wéi mir eent sinn.
[12] Wéi ech mat hinnen an der Welt war, hunn ech si an dengem Numm behitt. Ech hu si bewaacht an et ass kee vun hinne verluer gaangen, ausser dem Jong vum Verdierfnes, fir datt sech d’Schrëft erfëllt.
[13] Mee elo kommen ech bei dech an ech soen dat alles an der Welt, fir datt meng Freed si ganz erfëllt.
[14] Ech hunn hinnen däi Wuert ginn an d’Welt huet si gehaasst, well si net vun der Welt sinn, geneesou wéi och ech net vun der Welt sinn.
[15] Ech froen dech net, fir si aus der Welt erauszehuelen, mee datt s du si virum Béise behitts.
[16] Si sinn net vun der Welt, geneesou wéi ech och net vun der Welt sinn.
[17] Maach si duerch deng Wourecht helleg; däi Wuert ass d’Wourecht.
[18] Esou wéi s du mech an d’Welt geschéckt hues, hunn ech och si an d’Welt geschéckt.
[19] Ech hellege mech fir si, fir datt si duerch d’Wourecht gehellegt ginn.
[20] Ech bieden awer net nëmme fir si, mee och fir déijéineg, déi duerch dat, wat si soen, op mech vertrauen.
[21] Ech bieden, datt si all eent sinn, esou wéi s du, Papp, a mir bass an ech an dir. Ech bieden, datt si och an eis eent sinn, fir datt d’Welt gleeft, datt s du mech geschéckt hues.
[22] Ech hunn hinnen d’Herrlechkeet, déi s du mir ginn hues, ginn, fir datt si eent sinn, geneesou wéi mir eent sinn
[23] (ech sinn an hinnen an du bass a mir), fir datt si ganz eent sinn a fir datt d’Welt erkennt, datt s du mech geschéckt hues a si geneesou gär hues wéi mech.
[24] Papp, ech wëll, datt déi, déi s du mir ginn hues, och do sinn, wou ech sinn, fir datt si meng Herrlechkeet, déi s du mir ginn hues, gesinn, well s du mech gär has, éier d’Welt erschafe gouf.
[25] Gerechte Papp, d’Welt huet dech net erkannt, mee ech hunn dech erkannt an déi, déi s du mir ginn hues, wëssen, datt s du mech geschéckt hues.
[26] Ech hunn hinnen däin Numm verkënnegt an ech verkënnegen en och weider, fir datt déi Léift, mat där s du mech gär has, an hinnen ass an ech och an hinne sinn.“