Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno goung de Jesus duerch Galilea. Hie wollt nämlech net duerch Judea goen, well d’Judden do probéiert hunn, hien ëmzebréngen.

[2] Et war kuerz virum jüddeschen Hüttefest.

[3] Dofir sote seng Bridder zu him: „Verlooss dës Géigend a géi a Judea, fir datt och deng Jénger deng Wierker kënne gesinn.

[4] Kee mécht nämlech eppes heemlech, wann hien ëffentlech bekannt wëllt ginn. Wann s du dat alles méchs, da weis dech der Welt.“

[5] Souguer seng Bridder hunn net op hie vertraut.

[6] Du sot de Jesus zu hinnen: „Meng Zäit ass nach net komm, mee är Zäit ass ëmmer do.

[7] D’Welt kann iech net haassen, mee mech haasst se, well ech bezeien, datt hir Wierker béis sinn.

[8] Gitt dir op d’Fest. Ech ginn nach net op d’Fest, well meng Zäit nach net erfëllt ass.“

[9] Nodeems hien dat gesot hat, blouf hien a Galilea.

[10] Mee nodeems seng Bridder sech op de Wee fir op d’Fest gemaach haten, goung de Jesus och op d’Fest, net ëffentlech, mee heemlech.

[11] Um Fest hunn d’Judden no him gesicht. „Wou ass hien?“, frote si.

[12] Ënnert de Leit hu sech der vill iwwert hie beklot. Verschiddener soten: „Hien ass e gudde Mënsch“, mee anerer soten: „Nee, am Géigendeel, hie féiert d’Leit ir.“

[13] Et huet awer keen eppes ëffentlech iwwert hie gesot, well si Angscht virun de Judden haten.

[14] Ongeféier an der Halschent vum Fest goung de Jesus an den Tempel erop an huet do enseignéiert.

[15] D’Judden hu sech gewonnert a soten: „Wéi ass et méiglech, datt hien esou vill vun der Schrëft weess, obschonn hien ni studéiert huet?“

[16] De Jesus huet hinne geäntwert: „Meng Léier ass net meng eegen; si ass vun deem, dee mech geschéckt huet.

[17] Wien de Wëlle vu Gott maache wëllt, erkennt un der Léier, ob se vu Gott kënnt oder ob ech vu mir aus schwätzen.

[18] Wie vu sech aus schwätzt, sicht seng eegen Éier. Mee wien deen éiere wëllt, deen hie geschéckt huet, seet d’Wourecht an et gëtt keng Ongerechtegkeet an him.

[19] Huet de Moses iech net d’Gesetz ginn? Et hält awer kee vun iech sech drun. Firwat probéiert dir mech ëmzebréngen?“

[20] „Du hues en Dämon an dir“, hunn d’Leit geäntwert, „wie wëllt dech dann ëmbréngen?“

[21] „Ech hat een eenzegt Wierk gemaach an dir waart all verwonnert“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[22] „De Moses hat iech d’Beschneidung ginn (och wa si net vum Moses koum, mee vun de Patriarchen) an dofir beschneit dir e Mann och um Sabbat.

[23] Wann dir e Mann um Sabbat beschneit, fir d’Gesetz vum Moses net ze briechen, firwat sidd dir da mat mir rosen, well ech e Mann um Sabbat ganz geheelt hunn?

[24] Riicht net nom baussechte Schäin, mee riicht mat engem gerechten Uerteel.“

[25] Du sote munch Leit vu Jerusalem: „Ass hien net de Mann, dee si wëllen ëmbréngen?

[26] Kuckt! Hie schwätzt hei esou couragéiert a si loossen hie gewäerden. D’Autoritéite wäerten dach net éieren erkannt hunn, datt hie wierklech de Messias ass?

[27] Mir wëssen nämlech, wou dëse Mann hierkënnt, mee wann de Messias kënnt, da weess keen, wou deen hierkënnt.“

[28] Wéi de Jesus am Tempel geléiert huet, huet hie geruff: „Dir kennt mech a wësst, wou ech hierkommen. Ech sinn net vu mir selwer aus komm, mee deen, dee mech geschéckt huet, gëtt et wierklech an dir kennt hien net.

[29] Ech kennen hien, well ech vun him kommen, an hien huet mech geschéckt.“

[30] Dunn hu si probéiert, hie festzehuelen, mee et huet keen Hand un hie geluecht, well seng Zäit nach net komm war.

[31] Vun de Leit hunn der vill op hie vertraut a si soten: „Wann de Messias kënnt, wäert deen dann éiere méi Zeeche maache wéi deen heite Mann?“

[32] D’Pharisäer hunn d’Leit dat alles iwwert hie pësperen héieren. Doropshin hunn d’Pharisäer an d’iewescht Priister Tempelwiechter bei hie geschéckt, fir hie festzehuelen.

[33] „Ech sinn nëmmen nach eng kuerz Zäit bei iech an da ginn ech bei deen hannescht, dee mech geschéckt huet“, sot de Jesus zu hinnen.

[34] „Da sicht dir mech, mee dir fannt mech net. Do, wou ech sinn, kënnt dir net hikommen.“

[35] D’Judden hunn een zum anere gesot: „Wou wëllt hien dann higoen, datt mir hien net fanne sollten? Huet hie wëlles, an d’Diaspora ënnert d’Griichen ze goen an och nach d’Griichen z’enseignéieren?

[36] Wat mengt hien domat, wann hie seet: ‚Da sicht dir mech, mee dir fannt mech net. Do, wou ech sinn, kënnt dir net hikommen‘?“

[37] Um leschten Dag vum Fest, dem wichtegsten Dag, stoung de Jesus op an huet haart geruff: „Wien duuschtereg ass, soll bei mech kommen an drénken!

[38] Wien op mech vertraut, ‚aus sengem Wiese fléisse Flëss vu liewegem Waasser‘, esou wéi et an der Schrëft steet.“

[39] Heimat huet hien de Geescht gemengt, deen déi kréie géifen, déi op hie vertrauen. Den hellege Geescht gouf jo nach net ginn, well de Jesus nach net verherrlecht gi war.

[40] Nodeems si déi Wierder héieren haten, sote vill vun de Leit: „Deen hei ass ganz sécher de Prophéit!“

[41] Aner Leit soten: „Hien ass de Messias.“ Nach anerer soten: „De Messias ka jo awer net aus Galilea kommen?

[42] Seet d’Schrëft net, datt de Messias vum Nokomme vum David an aus dem Duerf Betlehem kënnt, wou den David hierkoum?“

[43] Dofir waren d’Leit sech wéinst dem Jesus senger oneens.

[44] Munch Leit wollten hie festhuelen, mee et huet keen Hand un hie geluecht.

[45] Wéi d’Tempelwiechter bei d’iewescht Priister a bei d’Pharisäer zeréckkoumen, froten déi si: „Firwat hutt dir hien net matbruecht?“

[46] D’Tempelwiechter hu geäntwert: „Nach ni huet e Mann esou wéi deen heite geschwat!“

[47] „Sidd dir och irgeféiert ginn?“, froten d’Pharisäer.

[48] „Huet iergendee vun den Autoritéiten oder vun de Pharisäer op hie vertraut?

[49] Mee dës Volleksmass, déi d’Gesetz net kennt, ass verflucht!“

[50] Den Nikodemos, ee vun hinnen, deen eng Kéier nuets bei de Jesus gaange war, sot zu hinnen:

[51] „Gëtt e Mënsch vun eisem Gesetz veruerteelt, éier hie verhéiert an erausfonnt ginn ass, wat hie gemaach huet?“

[52] Si hu geäntwert: „Kënns du éieren och aus Galilea? Sich an der Schrëft no! Da gesäis du, datt e Prophéit net aus Galilea kënnt!“

[53] Dunn ass jidderee bei sech heemgaangen.

De Jean — Chapters