[1] Wéi den Här gewuer gouf, datt de Pharisäer zu Ouere komm war, datt de Jesus méi Mënschen zu Jénger maachen an deefe géif wéi de Jean
[2] (obwuel de Jesus net selwer gedeeft huet, mee seng Jénger),
[3] huet de Jesus Judea verlooss an ass a Galilea gaangen.
[4] Hien huet awer missen duerch Samarien goen.
[5] Esou koum hien an eng Stad vu Samarien, déi Suchar geheescht huet an déi no beim Stéck Land louch, dat de Jakob sengem Jong Yossef ginn hat.
[6] Do war och dem Jakob säi Pëtz, a well de Jesus vu senger Rees midd war, huet hie sech bei de Pëtz gesat. Et war ëm d’Mëttesstonn.
[7] Du koum eng Fra aus Samarien, fir Waasser ze schäffen. De Jesus sot zu hir: „Gëff mir eppes ze drénken!“
[8] (Seng Jénger waren nämlech an d’Stad gaangen, fir eppes fir z’iessen ze kafen.)
[9] D’Fra aus Samarien frot hien: „Wéi kënnt et, datt s du als Judd mech, eng Samariterin, ëm eppes ze drénke frees?“ (D’Judde wëllen nämlech näischt mat de Samariter ze dinn hunn.)
[10] De Jesus huet geäntwert: „Wann s du de Kaddo vu Gott kenne géifs a wann s du wéisst, wien deen ass, deen dech freet: ‚Gëff mir eppes ze drénken!‘, da géifs du hie froen an da géif hien dir liewegt Waasser ginn.“
[11] „Här, du hues näischt, fir ze schäffen an de Pëtz ass déif. Vu wou hëls du dann dat liewegt Waasser hier?“, frot d’Fra hien.
[12] „Bass du éiere méi dichteg wéi eise Papp Jakob, deen eis de Pëtz ginn huet an deen dovunner gedronk huet, genee wéi seng Jongen an och seng Béischten?“
[13] De Jesus huet geäntwert: „Jiddereen, dee vun dësem Waasser drénkt, gëtt nees duuschtereg,
[14] mee jiddereen, dee vun deem Waasser drénkt, dat ech him ginn, gëtt ni méi duuschtereg. Am Géigendeel, d’Waasser, dat ech him ginn, gëtt an him zu enger Waasserquell, aus där éiwegt Liewen erausspruddelt.“
[15] „Här, gëff mir dëst Waasser, fir datt ech net méi duuschtereg ginn an net méi muss heihin zeréckkommen, fir Waasser ze schäffen“, sot d’Fra zu him.
[16] „Géi, ruff däi Mann a bréng hien heihin“, sot de Jesus zu hir.
[17] „Ech hu kee Mann“, huet d’Fra geäntwert. „Du hues Recht“, sot de Jesus, „du hues kee Mann:
[18] Du has scho fënnef Männer, an dee Mann, mat deem s du elo zesummeliefs, mat deem bass du net bestuet! Du hues d’Wourecht gesot!“
[19] „Här, ech gesinn, datt s du e Prophéit bass“, sot d’Fra zu him.
[20] „Eis Virfueren hu Gott op dësem Bierg ugebiet, mee dir sot, datt ee Gott zu Jerusalem ubiede muss.“
[21] „Fra, gleef mir“, sot de Jesus zu hir, „et kënnt eng Zäit, an där dir de Papp weder op deem heite Bierg nach zu Jerusalem ubiet.
[22] Dir biet dat un, wat dir net kennt; mir bieden dat un, wat mir kennen, well d’Rettung vun de Judde kënnt.
[23] Mee d’Zäit kënnt a si ass schonn do, an där déi, déi de Papp wahrhafteg ubieden, hien am Geescht an an der Wourecht ubieden. De Papp sicht Leit, déi hien esou ubieden.
[24] Gott ass Geescht, an déi, déi hien ubieden, mussen hien am Geescht an an der Wourecht ubieden.“
[25] D’Fra sot zu him: „Ech weess, datt de Messias kënnt, dee Christus genannt gëtt. Wann hie kënnt, erkläert hien eis alles.“
[26] „Ech, deen hei mat dir schwätzt, sinn et“, huet de Jesus geäntwert.
[27] An deem Moment koume seng Jénger zeréck. Si ware verwonnert, datt hie mat enger Fra schwätze géif. Et huet awer kee vun hinne gesot: „Wat wëlls du vun hir?“, oder: „Firwat schwätz du mat hir?“
[28] D’Fra huet dunn hire Waasserkrou stoe gelooss, ass hannescht an d’Stad gaangen an huet do zu de Leit gesot:
[29] „Kommt a kuckt, do ass e Mann, dee mir alles gesot huet, wat ech jee gemaach hunn! Kéint hien de Messias sinn?“
[30] Dunn hu si d’Stad verlooss a si bei hie gaangen.
[31] An der Tëschenzäit hu seng Jénger hie gebieden: „Rabbi, iess dach eppes!“
[32] Hien huet hinnen awer geäntwert: „Ech hunn eppes z’iessen, wat dir net kennt!“
[33] Doropshi sote seng Jénger een zum aneren: „Huet éieren een him eppes fir z’iesse bruecht?“
[34] „Mäin Iessen ass de Wëlle vun deem auszeféieren, dee mech geschéckt huet, a säi Wierk ofzeschléissen“, sot de Jesus zu hinnen.
[35] „Sot dir net: ‚Nach véier Méint an dann ass Karschnatz‘? Kuckt, ech soen iech, maacht är Aen op a kuckt d’Stécker, well d’Fruucht ass zeideg, fir erageholl ze ginn!
[36] Deen, deen am Karschnatz ass, kritt e Loun a sammelt Fruucht fir d’éiwegt Liewen an, fir datt deen, dee séit, an deen, deen eranhëlt, sech zesumme freeë kënnen.
[37] D’Spréchwuert, dat seet: ‚Deen ee séit an deen aneren hëlt d’Fruucht eran‘, ass hei ubruecht.
[38] Ech hunn iech geschéckt, fir dat, woufir dir net geschafft hutt, eranzehuelen. Anerer hunn dofir geschafft an dir profitéiert elo vun hirer Aarbecht.“
[39] Vill Samariter aus där Stad hunn un hie gegleeft, well d’Fra ausgesot huet: „Hien huet mir alles gesot, wat ech jee gemaach hunn.“
[40] Wéi d’Samariter bei hie koumen, hu si drop gehalen, datt hie bei hinne bleiwe sollt. Hie blouf dunn zwee Deeg do.
[41] An et hunn der nach vill méi wéinst deem, wat hie gesot huet, gegleeft.
[42] Si soten zur Fra: „Elo gleewe mir net nëmme wéinst deem, wat s du eis sos, mee och well mir hie selwer héieren hunn, a well mir wëssen, datt hie wierklech de Messias ass, de Retter vun der Welt.“
[43] No zwee Deeg goung de Jesus vun do fort a Galilea,
[44] well hie selwer hat ausgesot, datt e Prophéit keng Éier a senger eegener Heemecht kritt.
[45] Wéi hien a Galilea koum, hunn d’Galileeër hie wëllkomm geheescht: Si haten nämlech alles gesinn, wat hien deemools zu Jerusalem um Fest gemaach hat, well si selwer och um Fest dobäi waren.
[46] De Jesus koum nach eng Kéier op Kana a Galilea, do wou hie Waasser a Wäin verwandelt hat. Do gouf et en adelegen Offizéier, deem säi Jong zu Kapernaum war a krank war.
[47] Wéi dëse Mann héieren huet, datt de Jesus vu Judea a Galilea zeréckkomm wier, goung hie bei de Jesus an huet hie gebieden, erofzekommen a säi Jong ze heelen, well deen um Stierwe louch.
[48] „Dir alleguer gleeft net, esoulaang dir keng Zeechen a Wonner gesitt“, sot de Jesus zu him.
[49] „Här, komm éier mäi Kand stierft!“, sot den Offizéier zu him.
[50] „Géi heem! Däi Jong lieft“, huet de Jesus geäntwert. De Mann huet deem, wat de Jesus gesot huet, gegleeft an huet sech op de Wee gemaach.
[51] Wéi hien op Kapernaum erofgoung, koume seng Dénger him entgéint a soten him, datt säi Jong um Liewe wier.
[52] Doropshi frot hie si, um wéi vill Auer de Jong gesond gi wier, a si hu geäntwert, datt d’Féiwer hie gëschter um eng Auer nomëttes verlooss hätt.
[53] De Papp wousst, datt dat dee Moment war, an deem de Jesus him gesot hat, datt säi Jong um Liewe wier. Doropshin huet hie mat sengem ganze Stot gegleeft.
[54] Dat war dat zweet Zeechen, dat de Jesus gemaach huet, nodeems hie vu Judea a Galilea komm war.