[1] Ech hunn iech dat alles gesot, fir datt dir net vum Glawen offaalt.
[2] Si schléissen iech dann aus de Synagogen aus. D’Zäit kënnt, an där all déi, déi iech ëmbréngen, mengen, Gott domat en Déngscht ze leeschten.
[3] Si maachen dat alles, well si weder de Papp nach mech kennen.
[4] Ech hunn iech dat awer gesot, fir datt dir iech, wann d’Zäit kënnt, drun erënnert, datt ech iech dovunner verzielt hat. Ech hunn iech dat alles net vun Ufank u gesot, well ech nach bei iech war.
[5] Elo ginn ech bei deen, dee mech geschéckt huet, mee kee vun iech freet mech, wou ech higinn.
[6] Äert Häerz ass elo voller Trauer, well ech iech dat alles gesot hunn.
[7] An dach soen ech iech d’Wourecht. Et ass besser fir iech, wann ech fortginn; well wann ech net fortginn, kënnt de Begleeder net bei iech; mee wann ech ginn, da schécken ech hie bei iech.
[8] Wann hien da kënnt, iwwerféiert hien d’Welt vun der Sënn, der Gerechtegkeet an dem Geriicht:
[9] vun der Sënn, well si net u mech gleewen;
[10] vun der Gerechtegkeet, well ech bei mäi Papp ginn an dir mech net méi gesitt;
[11] vum Geriicht, well den Herrscher vun dëser Welt veruerteelt gouf.
[12] Ech hunn iech nach villes ze soen, mee dir kënnt dat am Moment net erdroen.
[13] Mee wann de Geescht vun der Wourecht kënnt, hëlleft hien iech d’ganz Wourecht z’erkennen. Hie schwätzt net vu sech aus, mee hie seet dat, wat hien héiert, a verkënnegt iech dat, wat nach kënnt.
[14] Da verherrlecht hie mech, well hie vu Mengem hëlt an iech et verkënnegt.
[15] Alles, wat dem Papp gehéiert, gehéiert och mir. Dofir sot ech, datt hien dat, wat mir gehéiert, hëlt an iech et verkënnegt.
[16] Nach eng Weilchen an da gesitt dir mech net méi. Mee kuerz drop gesitt dir mech nees, well ech bei de Papp ginn.“
[17] Doropshin hu seng Jénger sech ënnertenee gefrot: „Wat mengt hie wuel, wann hien zu eis seet: ‚Nach eng Weilchen an da gesitt dir mech net méi. Mee kuerz drop gesitt dir mech nees‘? Oder och nach: ‚Ech gi bei de Papp‘?“
[18] Si soten also: „Wat mengt hie mat ‚nach eng Weilchen‘? Mir verstinn net, wat hie soe wëllt.“
[19] De Jesus, dee gemierkt hat, datt si hie froe wollten, sot zu hinnen: „Zerbriecht dir iech de Kapp, well ech sot: ‚Nach eng Weilchen an da gesitt dir mech net méi. Mee kuerz drop gesitt dir mech nees‘?
[20] Ech soen iech d’Wourecht! Dir kräischt a trauert dann, mee d’Welt freet sech; dir sidd dann am Trauer, mee är Trauer verwandelt sech a Freed.
[21] Wann eng Fra accouchéiert, huet si Wéien, well hir Zäit komm ass. Mee wa si d’Kand bis op d’Welt bruecht huet, denkt si net méi un hir Péng, well si sech freet, datt e Mënsch op d’Welt komm ass.
[22] Esou ass et och mat iech: Dir sidd elo am Leed, mee ech gesinn iech erëm an da freet äert Häerz sech a kee kann iech déi Freed huelen.
[23] Deen Dag frot dir mech ëm näischt. Ech soen iech d’Wourecht! Wat dir de Papp a mengem Numm frot, dat gëtt hien iech.
[24] Bis elo hutt dir näischt a mengem Numm gefrot. Frot, da kritt dir et an är Freed gëtt vollkommen.
[25] Ech hunn iech dat alles a Biller verzielt, mee d’Zäit kënnt, an där ech net méi a Biller mat iech schwätzen. Dann erzielen ech iech am Kloertext vum Papp.
[26] Deen Dag frot dir hien a mengem Numm. Ech soen iech net, datt ech zum Papp fir iech bieden.
[27] De Papp selwer huet iech nämlech gär, well dir mech gär hutt a gegleeft hutt, datt ech vu Gott koum.
[28] Ech goung vum Papp aus a koum an d’Welt; an elo verloossen ech d’Welt a gi bei de Papp.“
[29] „A! Elo schwätz du mol Kloertext an net méi a Biller“, sote seng Jénger zu him.
[30] „Elo wësse mir, datt s du alles weess an datt s du et net néideg hues, datt een dir Froe stellt. Dofir gleewe mir, datt s du vu Gott kënns.“
[31] „Gleeft dir elo?“, huet de Jesus hinne geäntwert.
[32] „Lauschtert, d’Zäit kënnt an ass schonn do, an där jidderee vun iech a verschidde Richtunge verspreet gëtt an an där ech eleng gelooss ginn. Ech sinn awer net eleng, well de Papp bei mir ass.
[33] Ech hunn iech dat alles gesot, fir datt dir a mir Fridde fannt. An der Welt hutt dir Leed. Mee Courage! Ech hunn d’Welt iwwerwonnen.“