[1] Nodeems de Jesus dat gesot hat, goung hie mat senge Jénger eraus op déi aner Säit vun der Baach Kidron. Do gouf et e Gaart, an deen de Jesus a seng Jénger eragoungen.
[2] De Judas, deen hie verroden huet, huet dës Plaz kannt, well de Jesus sech dacks mat senge Jénger do getraff hat.
[3] De Judas huet also eng Kohort Zaldoten an Tempelwiechter vun den ieweschte Priister an de Pharisäer matgeholl a si koume mat Fakelen, Lanteren a Waffen dohinner.
[4] De Jesus, deen alles wousst, wat mat him geschéie géif, goung hinnen entgéint a sot: „Wie sicht dir?“
[5] „De Jesus vun Nazaret“, hu si geäntwert. „Ech sinn et!“, sot hien zu hinnen. (De Judas, deen hie verroden huet, stoung och bei hinnen.)
[6] Wéi hien zu hinne sot: „Ech sinn et!“, si si hannerzeg gaangen an op de Buedem gefall.
[7] Hie frot nach eng Kéier: „Wie sicht dir?“ Si hu geäntwert: „De Jesus vun Nazaret.“
[8] Doropshi sot de Jesus: „Ech sot iech schonn, datt ech et sinn. Wann dir mech sicht, da loosst déi aner hei lafen.“
[9] Esou sollt an Erfëllung goen, wat hie gesot hat: „Ech hu keen eenzege vun deene verluer, déi s du mir ginn hues.“
[10] De Schimon-Péitrus, deen e Schwäert dobäi hat, huet et erausgezunn an huet domat den Dénger vum Haaptpriister ugegraff an him esou säi rietst Ouer erofgehaen. (Den Dénger huet Malchus geheescht.)
[11] Doropshi sot de Jesus zum Péitrus: „Stiech däi Schwäert hannescht an d’Scheek! Soll ech net aus dem Kellech drénken, deen de Papp mir ginn huet?“
[12] Dunn hunn d’Kohort, den ieweschte Kommandant an d’jüddesch Tempelwiechter de Jesus verhaft a gefesselt.
[13] Si hunn hie fir d’éischt bei den Hannan bruecht, de Schwéierpapp vum Kayafa, deen dat Joer den Haaptpriister war.
[14] (Et war de Kayafa, deen de Judde gesot hat, datt et besser wier, wa just ee Mënsch fir d’Vollek stierwe géif.)
[15] De Schimon-Péitrus an och nach en anere Jénger sinn dem Jesus nogaangen. Dee Jénger war e Kënnege vum Haaptpriister a goung dowéinst mam Jesus an den Haff vum Haaptpriister eran.
[16] Mee de Péitrus ass baussent der Dier stoe bliwwen. Du koum deen anere Jénger, deen den Haaptpriister kannt huet, eraus, huet e puer Wuert mat der Mod geschwat, déi bei der Dier opgepasst huet, an huet de Péitrus mat erageholl.
[17] Du frot d’Mod, déi bei der Dier opgepasst huet, de Péitrus: „Bass du dann net och ee vun dësem Mann senge Jénger?“ „Neen, dat sinn ech net!“, huet hie geäntwert.
[18] D’Dénger an d’Tempelwiechter stounge ronderëm d’Feier, dat si aus Holzkuele gemaach haten, well et kal war, a si hu sech gewiermt. De Péitrus stoung bei hinnen an huet sech och gewiermt.
[19] Den Haaptpriister huet de Jesus dunn iwwert seng Jénger a seng Léier ausgefrot.
[20] De Jesus huet him geäntwert: „Ech hunn ëffentlech virun der Welt geschwat. Ech hunn ëmmer an de Synagogen an am Tempel enseignéiert, do wou d’Judde sech ëmmer treffen. Ech hunn näischt heemlech gesot.
[21] Firwat frees du mech? Fro dach déi, déi mech héieren hu schwätzen. Si wëssen, wat ech sot.“
[22] Wéi hien dat alles gesot hat, huet ee vun den Tempelwiechter, deen dobäi stoung, de Jesus op de Bak gehaen a sot: „An esou äntwers du dem Haaptpriister?“
[23] „Wann ech eppes Béises gesot hunn, da so iwwert dat Béist aus, mee wann ech d’Wourecht gesot hunn, firwat hees du mech dann?“, huet de Jesus him geäntwert.
[24] Doropshin huet den Hannan de Jesus, dee gefesselt war, bei de Kayafa, den Haaptpriister, geschéckt.
[25] An der Tëschenzäit stoung de Schimon-Péitrus beim Feier an huet sech gewiermt. „Bass du net och ee vu senge Jénger?“, frote si hien dunn. Hien huet et geleegent a sot: „Neen, dat sinn ech net.“
[26] Ee vum Haaptpriister sengen Dénger, dee Famill mam Mann war, deem de Péitrus d’Ouer erofgehaen hat, frot: „Hunn ech dech net virdru mat him am Gaart gesinn?“
[27] De Péitrus huet et nach eng Kéier geleegent, an nach am nämmlechten Abléck huet en Hunn gekréit.
[28] Duerno hu si de Jesus vum Kayafa an d’Residenz vum Gouverneur bruecht. Et war nach fréi am Moien. Si selwer sinn awer net an d’Residenz vum Gouverneur eragaangen, well si net wollten onreng ginn, fir kënnen d’Passamoolzecht z’iessen.
[29] Du koum de Pilatus eraus a frot si: „Wat hutt dir als Uklo géint dëse Mann?“
[30] „Wann hie kee Kriminelle wier, dann hätte mir dir hien net ausgeliwwert“, hu si geäntwert.
[31] „Dann huelt hien a riicht hie selwer no ärem eegene Gesetz“, sot de Pilatus dunn zu hinnen. „Et ass eis net erlaabt, fir een hinzeriichten“, hunn d’Judden him geäntwert.
[32] (Esou sollt d’Wuert an Erfëllung goen, mat deem de Jesus ugedeit hat, op wéi eng Manéier hie stierwe géif.)
[33] Du goung de Pilatus nees an d’Residenz vum Gouverneur eran, huet de Jesus ruffe gelooss an huet hie gefrot: „Bass du de Kinnek vun de Judden?“
[34] „Frees du dat vun dir aus oder hunn anerer dir dat vu mir verzielt?“, huet de Jesus geäntwert.
[35] „Sinn ech éieren e Judd? Däin eegent Vollek an d’iewescht Priister hunn dech u mech ausgeliwwert“, huet de Pilatus geäntwert. „Wat hues du da gemaach?“
[36] De Jesus huet geäntwert: „Mäi Kinnekräich ass net vun dëser Welt. Wa mäi Kinnekräich vun dëser Welt wier, da géife meng Dénger kämpfen, fir datt ech de Judden net ausgeliwwert géif ginn. Mee elo ass mäi Kinnekräich net vun hei.“
[37] „Du bass also e Kinnek!“, sot de Pilatus. „Du sees et, ech sinn e Kinnek“, huet de Jesus geäntwert. „Dofir gouf ech gebuer an dofir koum ech an d’Welt: datt ech fir d’Wourecht aussoen. Jiddereen, deen aus der Wourecht ass, lauschtert op meng Stëmm.“
[38] „Wat ass d’Wourecht?“, sot de Pilatus zu him. Nodeems hien dat gesot hat, goung hien nees bei d’Judden eraus a sot zu hinnen: „Ech fanne keng Schold un him.
[39] Dir hutt dach d’Traditioun, datt ech iech um Passafest e Prisonéier fräiloossen. Wëllt dir, datt ech iech de Kinnek vun de Judde fräiloossen?“
[40] Si hunn awer gejaut: „Neen, net dëse Mann, mee de Bar-Abba!“ (De Bar-Abba war e Brigang.)