Skip to content
Opens in a new window

[1] Ech recommandéieren iech eis Schwëster Phibi, déi eng Diakonin vun der Gemeinschaft zu Kenchrea ass.

[2] Huelt si am Här un, esou wéi et den Hellege wierdeg ass. Hëlleft hir och iwwerall, wou si iech brauch. Si war nämlech villen eng Hëllef, dorënner och mir.

[3] Gréisst d’Priska an den Aquila, meng Mataarbechter a Christus Jesus.

[4] Si hu fir mech hiert eegent Liewen op d’Spill gesat. Net nëmmen ech sinn hinnen dankbar, mee och all d’Gemeinschafte vun den Net-Judden.

[5] Gréisst d’Gemeinschaft, déi sech bei hinnen doheem trëfft. Gréisst mäi Frënd Epaenetos, deen ech gär hunn. Hie war deen Éischten a Klengasien, dee sech zu Christus bekéiert huet.

[6] Gréisst d’Maria, dat ganz vill fir eis geschafft huet.

[7] Gréisst den Andronicus an de Junias, déi och zu mengem Vollek gehéieren a Matprisonéier sinn. Si sinn ënnert den Apostele gutt bekannt an hu sech scho viru mir zu Christus bekéiert.

[8] Gréisst den Ampliatus, mäi Frënd, deen ech am Här gär hunn.

[9] Gréisst den Urbanus, eise Mataarbechter a Christus, a mäi Frënd Stachus, deen ech gär hunn.

[10] Gréisst den Apelles, dee sech a Christus bewäert huet. Gréisst all déi, déi zum Aristobulus sengem Stot gehéieren.

[11] Gréisst den Herodion, deen zu mengem Vollek gehéiert. Gréisst all déi aus dem Narcissus sengem Stot, déi am Här sinn.

[12] Gréisst d’Trypheena an d’Tryphosa, déi vill fir den Här geschafft hunn. Gréisst mäi Frënd Persis, deen ech gär hunn an dee vill fir den Här geschafft huet.

[13] Gréisst de Rufus, dee vum Här auserwielt gouf, a seng Mamm, déi och mir eng Mamm ginn ass.

[14] Gréisst den Asyncritus, de Phlegon, den Hermes, de Patrobas, den Hermas an d’Geschwëster, déi bei hinne sinn.

[15] Gréisst de Philologus an d’Julia, den Nereus a seng Schwëster an och den Olympas an all déi Helleg, déi bei hinne sinn.

[16] Gréisst een deen anere mat enger helleger Bees. All d’Gemeinschafte vu Christus loossen iech gréissen.

[17] Geschwëster, ech fuerderen iech op: Gitt uecht op déi, déi Trennunge verursaachen a Fale stellen, andeems si dat enseignéieren, wat géint d’Léier geet, déi dir geléiert hutt. Gitt deene Leit aus dem Wee!

[18] Esou Leit déngen net eisem Här Jesus Christus, mee hirem Bauch. Si verféieren duerch hiert schéint Schwätzen an hir geschéckerlech Rieden d’Häerzer vun den Onschëllegen.

[19] Et huet nämlech jiddereen héieren, datt dir follegt. Dofir freeën ech mech iwwert iech. Ech wëll awer, datt dir weis sidd, wat dat Gutt ugeet, mee onschëlleg, wat dat Béist ugeet.

[20] De Gott vum Fridden zertrëppelt geschwënn de Satan ënnert äre Féiss. D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech.

[21] Den Timothée, mäi Mataarbechter, gréisst iech. Dat maachen och de Lucius, de Yasson an de Sosipater, déi och zu mengem Vollek gehéieren.

[22] Ech, den Tertius, deen ech dëse Bréif opgeschriwwen hunn, gréissen iech och am Här.

[23] De Gaius, dee mir an der ganzer Gemeinschaft seng Dieren opgemaach huet, gréisst iech och. Den Erastos, den Tresorier vun der Stad, an de Brudder Quartus loossen iech och gréissen.

[24] D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all. Amen.

[25] Éier sief deem, deen iech stäerke kann, laut menger gudder Noriicht an der Verkënnegung vum Jesus Christus, laut der Offenbarung vum Geheimnis, dat zënter Zäitaltere verstoppt gouf

[26] an elo duerch d’prophéitesch Schrëften opgedeckt gouf laut dem Gebot vum éiwege Gott, dat all den Natioune bekanntgemaach gouf, fir datt si am Glawen him follegen.

[27] Dem eenzege weise Gott sief duerch de Jesus Christus Éier an all Éiwegkeet. Amen.

De Bréif un d’Réimer — Chapters