Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, wësst dir dann net (ech schwätze jo mat deenen, déi d’Gesetz kennen), datt d’Gesetz iwwert e Mënsch Autoritéit huet esoulaang hie lieft?

[2] Zum Beispill ass eng bestuete Fra duerch d’Gesetz un hire Mann gebonnen, esoulaang hie lieft. Wann de Mann awer stierft, dann ass si fräi wat d’Gesetz iwwert de Mann ugeet.

[3] Dofir gëtt si als Fra, déi friemgaangen ass, bezeechent, wa si sech zu Liefzäit vun hirem Mann mat engem anere Mann aléisst. Mee wann hire Mann stierft, dann ass si fräi vun dësem Gesetz. Wa si sech da mat engem anere Mann aléisst, da gëtt si net als Fra, déi friemgaangen ass, bezeechent.

[4] Meng Geschwëster, geneesou sidd och dir duerch de Läif vu Christus gestuerwen, wat d’Gesetz ugeet, fir datt dir engem anere gehéiert, nämlech him, dee vun den Doudegen operstanen ass, esou datt dir fir Gott Friichten drot.

[5] Wéi mir nämlech nach no eiser natierlecher Tendenz gelieft hunn, hunn d’sënneg Begierlechkeeten duerch d’Gesetz an all eise Glidder gewierkt, esou datt mir dem Doud Friichte bruecht hunn.

[6] Elo si mir awer vum Gesetz befreit ginn, well mir dout si fir dat, wat eis festgehalen huet. Mir si befreit ginn, fir datt mir an enger neier Manéier vum Geescht déngen an net an der aler Manéier vum Geschriwwenen.

[7] Wat solle mir elo soen? Ass d’Gesetz Sënn? Op kee Fall! Am Géigendeel, ech hätt d’Sënn net kennegeléiert, wann d’Gesetz net gewiescht wier. Zum Beispill hätt ech net gewosst, wat et wier ze begieren, wann d’Gesetz net gesot hätt: „Begier net!“ (2. Moses 20,17)

[8] Mee d’Sënn huet duerch d’Gebot eng Geleeënheet erfaasst an huet a mir jidder Zort vu Begierlechkeeten ervirgeruff. Ouni d’Gesetz ass d’Sënn nämlech dout.

[9] Fréier hunn ech ouni d’Gesetz gelieft, mee wéi d’Gebot koum, gouf d’Sënn a mir nees lieweg an ech si gestuerwen.

[10] D’Gebot, dat Liewe brénge sollt, huet fir mech zum Doud geféiert.

[11] D’Sënn huet nämlech duerch d’Gebot eng Geleeënheet ergraff, huet mech verféiert an duerch d’Gebot huet se mech ëmbruecht.

[12] D’Gesetz ass also helleg an d’Gebot ass helleg, gerecht a gutt.

[13] Huet dann elo dat, wat gutt ass, mir den Doud bruecht? Op kee Fall! Am Géigendeel, d’Sënn huet den Doud a mir bewierkt duerch dat, wat gutt ass, fir datt d’Sënn als Sënn erkannt gëtt an datt duerch d’Gebot d’Sënn duerch an duerch sënneg gëtt.

[14] Mir wëssen nämlech, datt d’Gesetz geeschtlech ass. Ech awer sinn aus Fleesch a Blutt a sinn un d’Sënn verkaf ginn.

[15] Ech verstinn nämlech net, wat ech maachen: Ech maachen net dat, wat ech mache wëll, mee maachen dat, wat ech haassen.

[16] Wann ech dat maachen, wat ech net maache wëll, stëmmen ech zou, datt d’Gesetz gutt ass.

[17] Et sinn also net ech selwer, deen esou handelt, mee et ass d’Sënn, déi a mir lieft.

[18] Ech weess nämlech, datt näischt Guddes a mir ass, dat heescht a menger sënneger Natur. Ech hunn zwar de Wonsch a mir, dat Gutt ze maachen, mee d’Capacitéit, fir et ze maachen, feelt mir.

[19] Dat Gutt, wat ech maache wëll, maachen ech net. Amplaz dovun, maachen ech dat Béist, wat ech net maache wëll!

[20] Wann ech dat maachen, wat ech net maache wëll, da sinn net ech et, deen et mécht, mee d’Sënn, déi a mir lieft.

[21] Ech hunn also dës Regel erausfonnt: Och wann ech dat Gutt maache wëll, ass dat Béist bei mir.

[22] A mengem bannenzege Wiese freeën ech mech um Gesetz vu Gott,

[23] mee a menge Glidder gesinn ech en anert Gesetz, dat géint d’Gesetz vu mengem Verstand kämpft a mech ënnert dem Gesetz vun der Sënn, dat a menge Glidder ass, gefaangen hält.

[24] Wat sinn ech e miserabele Mënsch! Wie soll mech aus dësem stierfleche Kierper retten?

[25] Ech soe Gott Merci – dat geschitt duerch de Jesus Christus eisen Här! Deemno déngen ech engersäits mat mengem Verstand dem Gesetz vu Gott, mee anerersäits déngen ech mat der sënneger Natur dem Gesetz vun der Sënn.

De Bréif un d’Réimer — Chapters