[1] Ass et elo vu Virdeel e Judd ze sinn? Wat ass den Notze vun der Beschneidung?
[2] Vill a jidder Hisiicht! Un éischter Stell kruten d’Judden d’Aussoe vu Gott uvertraut.
[3] Wat ass, wann etlech vun hinnen net trei waren? Kann hir Ontrei d’Trei vu Gott ophiewen?
[4] Op kee Fall! Gott ass éierlech, och wann all Mënsch e Ligener ass. Et steet nämlech geschriwwen: „Fir datt s du duerch dat, wat s du sees, gerechtgesprach gëss a gewënns, wann s du geriicht gëss.“ (Psalmen 51,6)
[5] Mee wann eis Ongerechtegkeet d’Gerechtegkeet vu Gott ervirhieft, wat solle mir da soen? Gott, dee seng Roserei walte léisst, ass dach net ongerecht, oder? (Ech schwätzen hei a mënschlechen Termen.)
[6] Op kee Fall! Wéi kéint Gott d’Welt soss riichten?
[7] Wann duerch meng Ligen d’Wourecht vu Gott als nach méi grouss erwise gëtt fir seng Herrlechkeet, firwat ginn ech dann nach als Sënner geriicht?
[8] Firwat dann net soen: „Loosst eis Béises maachen, fir datt Guddes dorauser komme kann“? (Esou wéi gewësse Leit, déi eis beschäissen, vun eis behaapten, datt mir dat géife soen. Déi ginn zu Recht veruerteelt.)
[9] Wat solle mir da soen? Hu mir Judden iergende Virdeel? Absolut net! Mir hunn nämlech d’Uklo schonns erhuewen, datt d’Judden an och d’Griichen alleguer ënnert der Sënn stinn,
[10] esou wéi geschriwwe steet: „Et gëtt keen, dee gerecht ass, emol net een eenzegen.
[11] Et gëtt keen, dee versteet. Et gëtt keen, dee Gott sicht.
[12] Alleguer hu sech ewechgedréit, alleguer zesummen daache se näischt. Et gëtt keen, dee Guddes deet, mol net een eenzegen.“ (Psalmen 14,1-3)
[13] „Hir Strass ass en oppent Graf. Hir Zonge gebrauche si, fir ze bedréien.“ (Psalmen 5,10) „Schlaangegëft ass op hire Lëpsen.“ (Psalmen 140,4)
[14] „Hire Mond ass voller Fluch a Verbatterung.“ (Psalmen 10,7)
[15] „Hir Féiss tommele sech, fir ëmzebréngen.“ (Spréch 1,16)
[16] „Zerstéierung a Misär sinn op hire Weeër;
[17] de Wee vum Fridde kenne si net.“ (Yesaia 59,7-8)
[18] „Si hunn och kee Respekt vu Gott virun Aen.“ (Psalmen 36,2)
[19] Mir wëssen awer, datt wat d’Gesetz seet, et zu deene seet, déi ënnert dem Gesetz stinn, fir datt all Mond gestoppt gëtt an d’ganz Welt Rechenschaft viru Gott ofleet.
[20] Et gëtt nämlech kee Mënsch virun him gerechtgesprach, just well hien d’Gesetz anhält. Duerch d’Gesetz kënnt nämlech d’Erkenntnes vun der Sënn.
[21] Mee elo gouf eis d’Gerechtegkeet vu Gott gewisen, déi baussent dem Gesetz steet a vum Gesetz a vun de Prophéite bezeit gëtt.
[22] Et ass d’Gerechtegkeet, déi vu Gott kënnt duerch de Glawen un de Jesus Christus. Si ass fir jiddereen an u jiddereen, dee gleeft. Et gëtt nämlech keen Ënnerscheed gemaach,
[23] well jidderee gesënnegt an d’Herrlechkeet vu Gott net erreecht huet.
[24] Mee si gi gerechtgesprach duerch d’Gnod, ouni datt et si eppes kascht, duerch d’Erléisung, déi duerch de Jesus Christus kënnt.
[25] Gott hat de Jesus als Boussdeckel fir d’Sënn bestëmmt duerch de Glawen u säi Blutt. Hien huet dat als Zeeche vu senger Gerechtegkeet gemaach, well a senger Gedold hien iwwert d’Sënnen, déi an der Vergaangenheet begaange goufen, ewechgaangen ass.
[26] Dat war en Zeeche vu Gott senger Gedold zu dëser Zäit, fir ze weisen, datt hie gerecht ass an och gerecht mécht wéinst dem Glawen un de Jesus.
[27] Kann ee sech dann iwwerhaapt nach bretzen? Dat ass ausgeschloss. Duerch wéi e Gesetz ass et dann ausgeschloss? Duerch e Gesetz, dat op Wierker baut? Nee, mee duerch e Gesetz, dat op Glawe baséiert.
[28] Dofir schlussfolgere mir, datt e Mënsch duerch de Glawen an net duerch d’Anhale vum Gesetz gerechtgesprach gëtt.
[29] Oder ass Gott nëmmen de Gott vun de Judden? Ass hien net och de Gott vun den Net-Judden? Ma sécher ass hien och de Gott vun den Net-Judden.
[30] Gott ass nämlech eent an dofir sprécht hien déi Beschnidden duerch de Glawen an déi Onbeschnidden duerch de Glawe gerecht.
[31] Annuléiere mir elo d’Gesetz duerch de Glawen? Op kee Fall! Villméi affirméiere mir d’Gesetz.