[1] Soen ech elo, datt Gott säi Vollek verstouss huet? Op kee Fall! Ech sinn nämlech och en Israelit, en Nokomme vum Abraham, vum Stamm Benyamin.
[2] Gott huet säi Vollek, dat hie virun der Zäit kannt huet, net verstouss. Oder wësst dir net, wat d’Schrëft iwwert den Elia seet? Hien huet sech jo bei Gott iwwert Israel beklot:
[3] „Här, si hunn deng Prophéiten ëmbruecht an hunn deng Altär ofgerappt. Ech eleng sinn iwwereg bliwwen, an och mech probéiere si ëmzebréngen.“ (1. Kinneken 19,10.14)
[4] Mee wat äntwert Gott him? „Ech hunn nach ëmmer siwendausend Männer, déi sech net virum Baal vernäipt hunn.“ (1. Kinneken 19,18)
[5] Geneesou gëtt et zu dëser Zäit e Rescht, deen duerch Gnod auserwielt ass.
[6] Mee wann et duerch Gnod ass, dann ass et net duerch Doten, soss ass d’Gnod keng Gnod méi. Mee wann et duerch Dote wier, da wier et net duerch d’Gnod, soss wier d’Dot keng Dot méi.
[7] Wat elo? Israel huet net dat kritt, wat et gesicht huet. Déi Auserwielt hunn et awer kritt an déi, déi iwwereg bleiwen, goufe verbruet.
[8] Esou wéi et geschriwwe steet: „Gott huet hinne bis haut e schléifrege Geescht ginn, Aen, fir datt si net gesinn, an Oueren, fir datt si net héiere sollen.“ (5. Moses 29,3)
[9] Esou wéi den David seet: „Hiren Dësch soll hinnen zur Fal an zum Strack, zum Stolpersteen an zur Strof ginn!
[10] Hir Ae solle blann ginn, fir datt si näischt méi gesinn. Hir Récker solle fir ëmmer kromm sinn.“ (Psalmen 69,23-24)
[11] Ech froen also: Ass Israel esou getrollt, datt et gefall ass? Op kee Fall! Villméi ass duerch hir Iwwertriedung d’Rettung bei d’Net-Judde komm, fir d’Judde jalous ze maachen.
[12] Wann hir Iwwertriedung Räichtum fir d’Welt bedeit an hire Verloscht Räichtum fir d’Net-Judden, wéi vill méi Räichtum bedeit dann hir vollstänneg Zuel?
[13] Ech schwätze mat iech, Net-Judden! Als Apostel fir d’Net-Judden, verherrlechen ech mäin Déngscht,
[14] an der Hoffnung, iergendwéi mäin eegent Vollek jalous ze maachen an esou en etlech vun hinnen ze retten.
[15] Wann nämlech hiren Ausschloss Versöhnung fir d’Welt bedeit, wat ass et dann eréischt, wa Gott si unhëlt? Et ass dann näischt aneschtes ewéi Liewe vun den Doudegen.
[16] Wann déi éischt Portioun vum Deeg, déi geaffert gëtt, helleg ass, dann ass och de ganzen Deeg helleg. Wann d’Wuerzelen helleg sinn, da sinn och d’Äscht helleg.
[17] Wann awer munch Äscht ofgebrach goufen an du als Aascht vum wëllen Olivebam ënnert si geprafft goufs a mat hinnen un der Wuerzel an um Saaft vum Olivebam deelhëls,
[18] da sief net iwwerhieflech géintiwwer deenen aneren Äscht! Wann s du awer iwwerhieflech bass, da vergiess net: Du dréis net d’Wuerzel, mee d’Wuerzel dréit dech.
[19] Elo wäerts du soen: „Et goufen Äscht ofgebrach, fir datt ech geprafft kéint ginn.“
[20] Richteg! Si goufe wéinst Onglawen ofgebrach, mee du stees opgrond vum Glawen. Sief net agebilt, mee hief Angscht.
[21] Wa Gott nämlech déi natierlech Äscht net verschount huet, da verschount hien och dech bestëmmt net.
[22] Kuck elo wéi gutt a wéi streng Gott ass! Hien ass streng mat deenen, déi gefall sinn, mee mat dir ass hie gutt, wann s du a senger Guttheet bleifs, soss gëss och du erausgeschnidden.
[23] Och si gi geprafft, wa si net an hirem Onglawe bleiwen, well Gott si nees praffe kann.
[24] Wann s du aus engem wëllen Olivebam geschnidde goufs a géint d’Natur an e geziichten Olivebam geprafft goufs, ëm wéi vill méi kënnen dann déi natierlech Äscht nees an hiren eegenen Olivebam geprafft ginn?
[25] Geschwëster, ech wëll net, datt dir am Onwëssen iwwert dëst Geheimnis bleift, fir datt dir iech net selwer fir weis haalt: Israel ass deelweis verbruet, bis datt déi ganz Zuel vun den Net-Judden eragaangen ass.
[26] Esou gëtt ganz Israel gerett, wéi et geschriwwe steet: „Den Erléiser kënnt aus Zion an hien hëlt d’Gottlosegkeet vu Jakob ewech.
[27] Dat hei ass mäi Bond mat hinnen, wann ech hir Sënnen ewechhuelen.“ (Yesaia 59,20-21)
[28] Wat d’gutt Noriicht ugeet, si si wéinst ärer Feinde vu Gott, mee wat d’Auserwielung ugeet, huet Gott si wéinst hire Virfuere gär.
[29] D’Gowen an d’Beruffung vu Gott sinn nämlech onwidderrufflech.
[30] Geneesou wéi dir deemools Gott net gefollegt hutt, mee elo Erbaarmen erwise krut, och wann Israel net gefollegt huet,
[31] geneesou huet och Israel net gefollegt, fir datt och si duerch d’Erbaarmen, dat dir erwise krut, Erbaarmen erwise kréien.
[32] Gott huet nämlech jiddereen dozou bruecht, net ze follegen, fir datt hie sech jidderengem erbaarme kéint.
[33] O wéi déif sinn de Räichtum, d’Wäisheet an d’Wësse vu Gott! Seng Uerteeler sinn net z’erfuerschen a seng Weeër sinn net ze verstoen!
[34] „Wie kennt d’Gedanke vum Här? Oder wie ka säi Beroder sinn?“ (Yesaia 40,13)
[35] „Wien huet Gott fir d’éischt eppes ginn, fir datt Gott hie misst erëmbezuelen?“ (Hiob 41,3)
[36] Alles besteet nämlech wéinst him, duerch hien a fir hien. Him sief d’Herrlechkeet fir éiweg! Amen.