[1] Wat solle mir elo soen? Solle mir weiderhi sënnegen, fir datt d’Gnod offensichtlech ka ginn?
[2] Op kee Fall! Wéi kënne mir, déi mir dout si fir d’Sënn, nach ëmmer an der Sënn liewen?
[3] Wësst dir net, datt mir, déi mir a Christus Jesus gedeeft goufen, och a säin Doud gedeeft goufen?
[4] Mir goufe jo duerch d’Daf zesumme mat him an den Doud begruewen, fir datt och mir kënnen an engem neie Liewe liewen, esou wéi Christus duerch dem Papp seng Herrlechkeet vun den Doudegen operwächt gouf.
[5] Wa mir nämlech duerch säin Doud mat him vereent an identifizéiert gi sinn, da gi mir och duerch eng Operstéiung wéi seng mat him vereent an identifizéiert.
[6] Mir wësse jo, datt eis al Persoun zesumme mat him gekräizegt gouf, fir datt de sënnege Kierper keng Muecht méi iwwert eis huet, esou datt mir der Sënn net méi ënnerdéngeg sinn
[7] (well deen, dee gestuerwen ass, gouf vun der Sënn fräigesprach).
[8] Wa mir awer mat Christus gestuerwe sinn, da gleewe mir och, datt mir mat him liewen.
[9] Mir wëssen, datt Christus vun den Doudegen operwächt ginn ass an ni méi stierft. Den Doud huet keng Autoritéit méi iwwert hien.
[10] Wéi hien nämlech gestuerwen ass, war hien ee fir alle Mol dout fir d’Sënn. D’Liewen, dat hien elo lieft, lieft hie fir Gott.
[11] Esou musst och dir iech der Sënn géintiwwer als dout betruechten, mee Gott géintiwwer als lieweg duerch de Jesus Christus, eisen Här.
[12] Dofir loosst d’Sënn äre stierfleche Kierper net kontrolléieren, fir datt dir senge Verlaangen net follegt.
[13] Dir däerft och keen Deel vun ärem Kierper als Waffe vun der Ongerechtegkeet an den Déngscht vun der Sënn stellen. Mee stellt iech an den Déngscht vu Gott, wéi Mënschen, déi vun den Doudegen operwächt sinn. Stellt är Glidder als Waffe vun der Gerechtegkeet an den Déngscht vu Gott.
[14] D’Sënn huet nämlech keng Autoritéit iwwert iech, well dir net ënnert dem Gesetz stitt, mee ënnert der Gnod.
[15] Wat elo? Solle mir weiderhi sënnegen, well mir net ënnert dem Gesetz stinn, mee ënnert der Gnod? Op kee Fall!
[16] Dir wësst dach: Wann dir iech als Dénger dozou verflicht, fir ze follegen, da sidd dir Dénger vun deem, deem dir follegt, sief dat der Sënn, wat zum Doud féiert, oder dem Follegen, wat zur Gerechtegkeet féiert.
[17] Mir soe Gott Merci, datt dir mat ganzem Häerz dem Virbild vun der Léier, déi iech iwwerliwwert gouf, gefollegt hutt, och wann dir Dénger vun der Sënn waart.
[18] Dir gouft vun der Sënn befreit a sidd Dénger vun der Gerechtegkeet ginn.
[19] (Ech schwätzen a mënschlechen Termen, wéinst ärer mënschlecher Schwaachheet.) Grad wéi dir fréier är Glidder an den Déngscht vun der Onmoraleschkeet an der Gesetzlosegkeet gestallt hutt, déi zur Gesetzlosegkeet geféiert hunn, esou sollt dir elo är Glidder an den Déngscht vun der Gerechtegkeet stellen, déi zur Hellegung féiert.
[20] Wéi dir nämlech am Déngscht vun der Sënn waart, waart dir fräi, wat d’Gerechtegkeet ugeet.
[21] Wat fir e Benefice hat dir deemools vun deem, wéinst deem dir iech elo schummt? D’Resultat vun all deem ass den Doud.
[22] Dir sidd awer elo vun der Sënn befreit an Dénger vu Gott ginn. Elo hutt dir äre Benefice, deen zur Hellegung féiert, an d’Resultat ass éiwegt Liewen.
[23] De Loun vun der Sënn ass nämlech den Doud, mee de Kaddo vu Gott ass éiwegt Liewen duerch Christus Jesus, eisen Här.