[1] Dofir gëtt et elo keng Veruerteelung fir déi, déi a Christus Jesus sinn, déi net no der sënneger Natur liewen, mee nom Geescht.
[2] D’Gesetz vum Geescht, dee Liewe gëtt, huet mech nämlech duerch Christus Jesus vum Gesetz vun der Sënn a vum Doud befreit.
[3] Wat d’Gesetz net maache konnt, well et duerch déi sënneg Natur schwaach war, huet Gott gemaach, andeems hie säin eegene Jong a Form vun engem stierfleche Kierper wéinst der Sënn geschéckt huet. Esou huet hien d’Sënn an der mënschlecher Natur veruerteelt,
[4] fir datt d’Gerechtegkeet, déi d’Gesetz verlaangt, an eis erfëllt ka ginn, déi net no der sënneger Natur, mee nom Geescht liewen.
[5] Déi, déi no der sënneger Natur liewen, hunn d’Aart a Weis, fir ze denken, vun der sënneger Natur, mee déi, déi nom Geescht liewen, hunn d’Aart a Weis, fir ze denken, vum Geescht.
[6] D’Aart a Weis, fir ze denken, vun der sënneger Natur ass den Doud, mee d’Aart a Weis, fir ze denken, vum Geescht ass Liewen a Fridden.
[7] D’Aart a Weis, fir ze denken, vun der sënneger Natur ass nämlech Feindschaft mat Gott; si uerdent sech nämlech dem Gesetz vu Gott net ënner a si kann dat och net.
[8] Déi, déi no der sënneger Natur liewen, kënne Gott net gefalen.
[9] Dir lieft awer net no der sënneger Natur, mee nom Geescht, wann de Geescht vu Gott an iech lieft. Wien awer de Geescht vu Christus net huet, dee gehéiert him net.
[10] Mee wa Christus an iech ass, dann ass äre Kierper wéinst der Sënn dout, mee de Geescht ass Liewe wéinst der Gerechtegkeet.
[11] Wann awer de Geescht vun deem, deen de Jesus vun den Doudegen operstoe gelooss huet, an iech lieft, da mécht deen, deen de Christus vun den Doudegen operstoe gelooss huet, och är stierflech Kierperen duerch de Geescht, deen an iech lieft, lieweg.
[12] Dowéinst, Geschwëster, si mir eiser sënneger Natur näischt schëlleg, fir no der sënneger Natur ze liewen.
[13] Wann dir no der sënneger Natur lieft, da stierft dir. Mee wann dir duerch de Geescht d’Dote vum Kierper ëmbréngt, da lieft dir.
[14] All déi, déi vum Geescht vu Gott geleet ginn, si Kanner vu Gott.
[15] Dir hutt nämlech net nees e Geescht vun der Sklaverei kritt, fir zeréck an d’Angscht ze falen, mee dir hutt e Geescht vun der Adoptioun kritt, duerch dee mir ruffen: „Abba! Papp!“
[16] De Geescht selwer bestätegt zesumme mat eisem Geescht, datt mir Kanner vu Gott sinn.
[17] Wa mir Kanner sinn, da si mir och Ierwen (Ierwe vu Gott a Mat-Ierwe vu Christus), wa mir wierklech zesumme mat him leiden, fir och zesumme mat him verherrlecht ze ginn.
[18] Ech sinn iwwerzeegt, datt d’Leiden, duerch déi mir elo ginn, net mat der Herrlechkeet, déi nach an eis geoffenbaart gëtt, ze vergläiche sinn.
[19] D’Schëpfung waart mat Spannung op dee Moment, an deem d’Kanner vu Gott geoffenbaart ginn.
[20] D’Schëpfung gouf nämlech der Sënnlosegkeet ënnerworf, net aus fräie Stécker, mee wéinst deem, dee se ënnerworf huet, an der Hoffnung,
[21] datt d’Schëpfung selwer aus dem Verdierfnes befreit gëtt, deem se versklaavt ass, fir an déi herrlech Fräiheet vun de Kanner vu Gott ze kommen.
[22] Mir wëssen nämlech, datt d’ganz Schëpfung bis elo gekeimt huet, wéi wa si an de Wéie léich.
[23] Net nëmmen d’Schëpfung keimt, mee och mir, déi mir d’Éischtfruucht vum Geescht hunn, keimen ënnerlech, andeems mir ongedëlleg op eis Adoptioun waarden, dat heescht d’Erléisung vun eisem Kierper.
[24] An dëser Hoffnung goufe mir gerett. Mee Hoffnung, déi ee gesäit, ass keng Hoffnung. Wien hofft schonn op dat, wat hie gesäit?
[25] Mee wa mir op dat hoffen, wat mir net gesinn, da waarde mir gedëlleg drop.
[26] Geneesou hëlleft de Geescht eis an eiser Schwächt, well mir wëssen net, wéi mir biede sollen, esou wéi et sech gehéiert. De Geescht selwer trëtt fir eis mat Gekeims an, dat net kann a Wierder gefaasst ginn.
[27] Deen, deen eis Häerzer erfuerscht, weess, wat de Geescht am Sënn huet, well de Geescht nom Wëlle vu Gott fir déi Helleg antrëtt.
[28] Mir wëssen och, datt Gott bei deenen, déi hie gär hunn, alles zum Gudde féiert, bei deenen, déi no sengem Plang beruff sinn.
[29] Déi, déi Gott nämlech am Viraus kannt huet, huet hien och am Viraus dozou bestëmmt, fir sengem Jong ëmmer méi ze gläichen, fir datt hien den Éischtgebuerenen ënnert ville Geschwëster wier.
[30] Déi, déi hie virausbestëmmt huet, huet hien och beruff; déi, déi hie beruff huet, huet hien och gerechtgesprach; déi, déi hie gerechtgesprach huet, huet hien och verherrlecht.
[31] Wat solle mir dann elo heizou soen? Wa Gott fir eis ass, wie kann da géint eis sinn?
[32] Hien huet säin eegene Jong net verschount, mee huet hie fir eis all hierginn. Wéi sollt hien net och eis alles mat him schenken?
[33] Wie kann déi Auserwielte vu Gott ukloen? Keen! Et ass nämlech Gott, dee gerechtsprécht.
[34] Wien ass deen, dee veruerteelt? Keen! Et ass nämlech Christus, dee gestuerwen ass (villméi nach, deen operstanen ass), deen zur Rietser vu Gott sëtzt an dee fir eis antrëtt.
[35] Wie kann eis vun der Léift vu Christus trennen? Kënne Leed, Misär, Verfolgung, Honger, Nout, Gefor oder Krich dat maachen?
[36] Et steet jo geschriwwen: „Wéinst denger gi mir de ganzen Dag ëmbruecht, mir gi wéi Schof betruecht, déi geschluecht ginn.“ (Psalmen 44,23)
[37] Nee! An all deem si mir absolut Gewënner duerch deen, deen eis gär hat.
[38] Ech sinn nämlech iwwerzeegt, datt weder den Doud nach d’Liewen, weder Engelen nach Dämonen nach Muechten, weder dat, wat an der Géigewaart ass, nach dat, wat an der Zukunft läit,
[39] weder den héchsten Himmel nach déi déifsten Äerd nach soss iergendeppes, wat erschafe gouf, eis vun der Léift vu Gott trenne kann, déi duerch Christus Jesus, eisen Här, gewise gouf.