Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, deen duerch de Wëlle vu Gott zum Apostel vum Jesus Christus beruff gouf, a vum Brudder Sosthenes,

[2] un d’Gemeinschaft vu Gott, déi zu Korinth ass, un all déi, déi duerch Christus Jesus gehellegt goufen an als Helleger beruff sinn, zesumme mat all deenen, déi iwwerall den Numm vun eisem Här Jesus Christus uruffen (hien ass hiren an och eisen Här):

[3] Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus!

[4] Ech soe mengem Gott allzäit fir iech Merci wéinst der Gnod vu Gott, déi dir duerch Christus Jesus krut.

[5] Duerch hie sidd dir nämlech an allem räich gemaach ginn; an allem, wat d’Wuert an d’Erkenntnes ugeet,

[6] well d’Ausso iwwert Christus ënnert iech gefestegt gouf,

[7] esou datt et iech u kenger Gof feelt, während dir gedëlleg op d’Erschénge vun eisem Här Jesus Christus waart.

[8] Hie festegt iech och bis zum Schluss, fir datt dir um Dag vun eisem Här Jesus Christus irreprochabel sidd.

[9] Gott ass trei, duerch deen dir zur Gemeinschaft mat sengem Jong, dem Jesus Christus, eisem Här, beruff gouft.

[10] Geschwëster, ech fuerderen iech op am Numm vun eisem Här Jesus Christus: Sidd iech all an deem, wat dir sot, eens; hutt kee Sträit ënnereneen a sidd ganz enges Sënns an enger Meenung.

[11] Meng léif Geschwëster, ech gouf nämlech vum Chloé senge Leit informéiert, datt et Streidereien ënnert iech géif ginn.

[12] Dat hei ass, wat ech mengen: Jidderee vun iech seet eppes anescht: „Ech ginn dem Paul no“, „Ech ginn dem Apollos no“, „Ech ginn dem Kefas no“, „Ech gi Christus no.“

[13] Wéi? Ass Christus éiere gedeelt? Gouf éieren de Paul fir iech gekräizegt? Oder gouft dir éieren am Numm vum Paul gedeeft?

[14] Ech soe Gott Merci, datt ech kee vun iech gedeeft hunn, ausser de Krispus an de Gaius,

[15] fir datt kee vun iech soe kann, hie wier a mengem Numm gedeeft ginn!

[16] (A jo, ech hunn och dem Stephanas säi Stot gedeeft. Soss wéisst ech keen, deen ech gedeeft hätt.)

[17] Christus huet mech nämlech net geschéckt, fir ze deefen, mee fir d’gutt Noriicht ze priedegen, an dat net mat weise Rieden, fir datt d’Kräiz vu Christus net ëm seng Kraaft bruecht gëtt.

[18] D’Botschaft vum Kräiz ass nämlech Topegkeet fir déi, déi zerstéiert ginn, mee fir eis, déi gerett ginn, ass si d’Kraaft vu Gott.

[19] Et steet nämlech geschriwwen: „Ech zerstéieren d’Wäisheet vun de Weisen an de Verstand vun den Intelligente verwerfen ech.“ (Yesaia 29,14)

[20] Wou ass de Weisen? Wou ass de Léiermeeschter vum Gesetz? Wou ass de Sträitmécher vun dësem Zäitalter? Huet Gott net d’Wäisheet vun dëser Welt zur Topegkeet gemaach?

[21] Gott a senger Wäisheet huet virgesinn, datt d’Welt hien net erkenne géif unhand vun hirer eegener Wäisheet. Dofir huet et Gott gefall, déi Gleeweg duerch d’Topegkeet vun der Verkënnegung ze retten.

[22] Während d’Judden en Zeeche fuerderen an d’Griiche Wäisheet sichen,

[23] verkënnege mir Christus, dee gekräizegt gouf. Fir d’Judden ass hien e Stolpersteen a fir d’Griichen Topegkeet.

[24] Fir déi awer, déi beruff sinn (Judde wéi och Griichen), ass Christus d’Kraaft vu Gott an d’Wäisheet vu Gott.

[25] D’Topegkeet vu Gott ass nämlech méi weis wéi de Mënsch an d’Schwächt vu Gott ass méi staark wéi de Mënsch.

[26] Geschwëster, denkt emol iwwert är Beruffung no: De mënschleche Kritären no waren der net vill vun iech weis, et waren der net vill vun iech mächteg an net vill vun iech koumen aus adelege Famillen.

[27] Gott huet awer déi Topeg an der Welt erwielt, fir déi Weis ze blaméieren; Gott huet déi Schwaach an der Welt erwielt, fir déi Staark ze blaméieren;

[28] Gott huet déi, déi an der Welt onwichteg sinn, an déi, déi veruecht ginn, (dat heescht, déi, déi näischt sinn) erwielt, fir deenen, déi eppes sinn, d’Muecht ze huelen,

[29] fir datt kee Mënsch sech viru Gott bretze kann.

[30] Wéinst senger sidd dir awer a Christus Jesus, dee fir eis d’Wäisheet, déi vu Gott kënnt, an och d’Gerechtegkeet, d’Hellegung an d’Erléisung gouf.

[31] D’Zil dovunner ass dat hei, esou wéi et geschriwwe steet: „Wie sech bretzt, muss sech mam Här bretzen!“ (Yeremia 9,23)

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters