Skip to content
Opens in a new window

[1] Mir goufen duerch de Glawe gerechtgesprach an dofir hu mir Fridde mat Gott duerch eisen Här Jesus Christus.

[2] Duerch hien hu mir och opgrond vun eisem Glawen Zougang zu dëser Gnod, an där mir stinn. Mir bretzen eis wéinst der herrlecher Hoffnung, déi vu Gott kënnt.

[3] Mee net nëmmen dat! Mir bretzen eis och wéinst eiser Nout, well mir wëssen, datt Nout Ausdauer bewierkt,

[4] Ausdauer e staarke Charakter an e staarke Charakter Hoffnung.

[5] An Hoffnung enttäuscht net, well d’Léift vu Gott ass an eis Häerzer ausgeschott ginn duerch den hellege Geescht, deen eis gi gouf.

[6] Wéi mir nach hëlleflos waren, ass Christus zum richtege Moment fir déi Gottlos gestuerwen.

[7] Et ass ganz seelen, datt ee fir e gerechte Mënsch stierft, obwuel ee sech villäicht géif trauen, fir e gudde Mënsch säi Liewen ze loossen.

[8] Mee Gott huet seng Léift fir eis op dës Manéier gewisen: Wéi mir nach Sënner waren, ass Christus fir eis gestuerwen.

[9] Wa mir elo duerch säi Blutt gerechtgesprach goufen, da gi mir ëmsou méi duerch hie vun der Roserei gerett.

[10] Wa mir mat him duerch den Doud vu sengem Jong versöhnt goufen, wéi mir nach Feinde vu Gott waren, ëm wéi vill méi gi mir, nodeems mir elo versöhnt goufen, duerch säi Liewe gerett!

[11] An net nëmmen dat, mir bretzen eis och nach a Gott duerch eisen Här Jesus Christus, duerch dee mir mat Gott versöhnt goufen.

[12] Dofir, grad wéi duerch ee Mënsch d’Sënn an d’Welt koum an duerch d’Sënn den Doud, esou huet den Doud sech an all Mënsch verbreet, well jidderee gesënnegt huet.

[13] D’Sënn war an der Welt éier et d’Gesetz gouf an dach gëtt d’Sënn engem net ugerechent, wann et kee Gesetz gëtt.

[14] Trotzdeem huet den Doud vum Adam bis bei de Moses regéiert, esouguer iwwert déi, déi net esou wéi den Adam gesënnegt haten. Den Adam huet op deen higewisen, deen nach komme sollt.

[15] Mee de Kaddo ass net ewéi d’Iwwertriedung. Wann der nämlech vill duerch engem Mann seng Iwwertriedung gestuerwe sinn, ëm wéi vill méi kruten déi vill d’Gnod vu Gott an de Kaddo iwwerméisseg geschenkt duerch d’Gnod vun deem enge Mann, de Jesus Christus!

[16] De Kaddo kann och net mat der Sënn vun deem enge Mann verglach ginn. D’Uerteel, dat wéinst där enger Iwwertriedung gesprach gouf, huet nämlech zum Verdame geféiert, mee de Kaddo, dee wéinst villen Iwwertriedunge koum, huet zur Gerechtspriechung geféiert.

[17] Wann nämlech den Doud duerch deen ee regéiert huet wéinst deem enge Mann senger Iwwertriedung, ëmsou méi wäerten déi, déi den Iwwerfloss vun der Gnod an de Kaddo vun der Gerechtegkeet unhuelen, duerch deen ee Mann, de Jesus Christus, am Liewe regéieren.

[18] An anere Wierder: Esou wéi eng Iwwertriedung zum Verdame vun all Mënsch geféiert huet, esou huet eng gerecht Dot zur Gerechtegkeet, déi Liewe bréngt, fir all Mënsch geféiert.

[19] Esou wéi deen ee Mann net gefollegt huet an der vill esou zu Sënner gemaach goufen, esou ginn der vill gerechtgesprach, well deen ee Mann gefollegt huet.

[20] D’Gesetz koum dobäi, fir d’Iwwertriedung méi offensichtlech ze maachen. Mee do, wou d’Sënn méi offensichtlech ginn ass, ass d’Gnod ëmsou méi offensichtlech ginn.

[21] Dat ass geschitt, fir datt esou wéi d’Sënn duerch den Doud regéiert huet, elo och d’Gnod duerch d’Gerechtegkeet regéiere soll, wat zu éiwegem Liewe féiert duerch eisen Här Jesus Christus.

De Bréif un d’Réimer — Chapters