Skip to content
Opens in a new window

[1] Huelt deen un, deen am Glawe schwaach ass, an diedegt net iwwert verschidde Meenungen.

[2] Deen ee gleeft, alles iessen ze kënnen, mee dee Schwaachen ësst nëmme Geméis.

[3] Wien alles ësst, soll net op deen erofkucken, deen net alles ësst; a wien net alles ësst, soll deen net riichten, deen alles ësst, well Gott hien ugeholl huet.

[4] Wie bass du, fir engem anere säin Dénger ze riichten? Hie steet oder fält viru sengem eegene Meeschter. Hie bleift awer stoen, well Gott d’Kraaft huet, fir hien an der Riicht ze halen.

[5] Eng Persoun mengt, datt munch Deeg méi helleg si wéi anerer, an eng aner Persoun mengt, datt si all d’selwecht sinn. Jidderee soll vu senger Meenung iwwerzeegt sinn.

[6] Wien e bestëmmten Dag anhält, hält e fir den Här an. Wien e bestëmmten Dag net anhält, hält e fir den Här net an. Wien alles ësst, mécht et fir den Här, well hie Gott Merci seet. Wien net alles ësst, ënnerléisst et fir den Här a seet Gott Merci.

[7] Kee vun eis lieft nämlech fir sech selwer a kee vun eis stierft fir sech selwer.

[8] Wa mir nämlech liewen, da liewe mir fir den Här. Wa mir stierwen, da stierwe mir fir den Här. Dofir, ob mir liewen oder stierwen, gehéiere mir dem Här.

[9] Dowéinst ass Christus gestuerwen, operstanen an ass elo nees lieweg, fir datt hien den Här iwwert déi Doudeg an iwwert déi Lieweg ka sinn.

[10] Firwat riichts du däi Brudder? Oder och: Firwat kucks du op däi Brudder erof? Mir wäerten nämlech alleguer virum Riichterstull vu Christus stoen.

[11] Et steet nämlech geschriwwen: „‚Esou sécher wéi ech liewen‘, seet den Här, ‚wäert all Knéi sech viru mir béien an all Mond Gott bekennen.‘“ (Yesaia 45,23)

[12] Dofir wäert jidderee vun eis Gott Rechenschaft iwwert sech selwer ofleeën.

[13] Loosst eis dofir net méi een deen anere riichten. Villméi sollt dir dat hei riichten: Et soll kee sengem Brudder en Hindernis an de Wee leeën oder hien zu Fall bréngen.

[14] Ech weess a sinn och duerch den Här Jesus iwwerzeegt, datt vu sech aus näischt onhelleg ass. Mee wann ee mengt, datt eppes onreng wier, dann ass et fir hien onreng.

[15] Wann däi Brudder wéinst deem, wat s du ëss, gekränkt ass, da liefs du net méi opgrond vun der Léift. Zerstéier deen net duerch däin Iessen, fir dee Christus gestuerwen ass.

[16] Dofir soll net béis iwwert dat geschwat ginn, wat s du fir gutt häls.

[17] Am Kinnekräich vu Gott geet et nämlech net ëm Iessen an Drénken, mee ëm Gerechtegkeet, Fridden a Freed am hellege Geescht.

[18] Wie Christus esou déngt, un deem huet Gott Freed an dee gëtt vun de Mënsche respektéiert.

[19] Dofir solle mir deem nojoen, wat Fridde bréngt an een deen aneren erbaut.

[20] Zerstéier d’Wierker vu Gott net wéinst Iessen. Et ass jo alles reng, mee et ass fir dee Mënsch schiedlech, deen Ustouss hëlt un deem, wat hien ësst.

[21] Et ass gutt, kee Fleesch z’iessen, kee Wäin ze drénken oder soss iergendeppes ze maachen, wouru sech däi Brudder stéisst, wat hie kränkt oder schwaach mécht.

[22] Hues du eng Iwwerzeegung? Hal se fir dech viru Gott. Glécklech ass deen, dee sech net selwer riicht, fir dat, wat hie fir gutt hält!

[23] Mee wien zweiwelt, ass veruerteelt, wann hien ësst, well et net aus Glawe geschitt. Alles, wat net aus Glawe gemaach gëtt, ass Sënn.

De Bréif un d’Réimer — Chapters