Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, mäin Häerzenswonsch a mäi Gebiet u Gott fir Israel sinn, datt si gerett ginn.

[2] Ech kann nämlech bestätegen, datt si äifreg fir Gott sinn, mee hiren Äifer ass net op Erkenntnes gebaut.

[3] Si hunn nämlech d’Gerechtegkeet vu Gott net kannt an hu probéiert hir eege Gerechtegkeet opzebauen. Dofir hu si sech der Gerechtegkeet vu Gott net ënnerworf.

[4] Christus ass nämlech d’Zil vum Gesetz an esou ka jiddereen, dee gleeft, Gerechtegkeet kréien.

[5] De Moses beschreift d’Gerechtegkeet, déi aus dem Gesetz staamt: „De Mënsch, deen dat alles anhält, lieft doduerch.“ (3. Moses 18,5)

[6] Mee d’Gerechtegkeet, déi aus dem Glawe staamt, seet dat hei: „So net an dengem Häerz: ‚Wie kann an den Himmel eropgoen?‘“ (5. Moses 30,12) (dat ass, fir Christus erofzehuelen),

[7] oder: „‚Wie kann an déi onendlech Déift erofgoen?‘“ (5. Moses 30,13) (dat ass, fir Christus vun den Doudegen zeréckzehuelen).

[8] Mee wat seet d’Schrëft? „D’Wuert ass dir no, an dengem Mond an an dengem Häerz.“ (5. Moses 30,14) Dat hei ass d’Botschaft vum Glawen, déi mir verkënnegen:

[9] Wann s du mat dengem Mond den Här Jesus bekenns an an dengem Häerz gleefs, datt Gott hie vun den Doudegen operstoe gelooss huet, da gëss du gerett.

[10] Mam Häerz gleeft een nämlech an da gëtt ee gerechtgesprach; mam Mond bekennt een an da gëtt ee gerett.

[11] D’Schrëft seet nämlech: „Wien un hie gleeft, gëtt net enttäuscht.“ (Yesaia 28,16)

[12] Et gëtt nämlech keen Ënnerscheed tëschent Judd a Griich, well deeselwechten Här Här vu jidderengem ass. Hien ass mat jidderengem generéis, dee sech op hie berifft.

[13] „Jiddereen, dee sech op den Numm vum Här berifft, gëtt gerett.“ (Yoël 3,5)

[14] Mee wéi solle si sech op dee beruffen, un dee si net gleewen? Wéi solle si un dee gleewen, vun deem si näischt héieren hunn? Wéi solle si héieren ouni een, deen hinne priedegt?

[15] Wéi solle si priedegen, wa si net geschéckt goufen? Esou wéi geschriwwe steet: „Wéi wëllkomm sinn d’Féiss vun deenen, déi Fridde verkënnegen, déi d’gutt Noriicht vu Guddem verkënnegen!“ (Yesaia 52,7)

[16] Si hunn awer net alleguer der gudder Noriicht gefollegt. De Yesaia seet: „Här, wien huet eiser Priedegt gegleeft?“ (Yesaia 53,1)

[17] De Glawe kënnt duerch d’Priedegt an d’Priedegt duerch d’Wuert vu Gott.

[18] Ech froen awer: Hu si net héieren? Ma sécher! „Hir Stëmm ass uechter d’Welt gaangen an hir Wierder bis un d’Enn vun der Äerd.“ (Psalmen 19,5)

[19] Mee ech froen: Huet Israel net verstanen? Fir d’éischt sot de Moses: „Ech wëll iech jalous maachen op e Vollek, dat keent ass; iwwert e Vollek, dat näischt versteet, wëll ech iech rose maachen.“ (5. Moses 32,21)

[20] De Yesaia traut sech esouguer ze soen: „Ech gouf vun deene fonnt, déi mech net gesicht hunn an deenen, déi net no mir gefrot hunn, gouf ech sichtbar.“ (Yesaia 65,1)

[21] Mee iwwert Israel seet hien: „De ganzen Dag hunn ech meng Hänn no engem Vollek ausgestreckt, dat net follegt an tockeg ass.“ (Yesaia 65,2)

De Bréif un d’Réimer — Chapters