[1] Dofir bass du, wien och ëmmer s du bass, Mënsch, net z’entschëllegen, wann s du jugéiers. Wann s du nämlech een anere jugéiers, da veruerteels du dech selwer, well s du, deen s du jugéiers, datselwecht méchs.
[2] Mir wëssen och, datt d’Uerteel vu Gott der Wourecht entsprécht a géint déijéineg ass, déi esou Dote beginn.
[3] Du bass een, deen anerer jugéiert, déi esou Dote beginn, mee du begees se selwer. Mengs du da wierklech, datt s du, Mënsch, dem Uerteel vu Gott entkomme kanns?
[4] Oder veruechts du de Räichtum vu senger Guttheet, senger Ausdauer a senger Gedold, andeems du net erkenns, datt d’Guttheet vu Gott dech zur Ëmkéier féiere soll?
[5] Du bass déckkäppeg an däin Häerz refuséiert, fir ëmzekéieren. Dofir sammels du dir Roserei un fir den Dag vun der Roserei, da wann d’gerecht Uerteel vu Gott geoffenbaart gëtt.
[6] Gott „bezilt jidderee sengen Doten entspriechend zeréck“ (Psalmen 62,13):
[7] Déi, déi Herrlechkeet, Éier an Onstierflechkeet sichen, andeems si gedëlleg gutt Dote maachen, déi kréien éiwegt Liewen;
[8] déi awer, déi egoistesch sinn an der Wourecht net follegen, mee der Ongerechtegkeet noginn, déi kréien d’Rage an d’Roserei ze spieren.
[9] Nout a Misär kommen iwwert all Mënsch, dee Béises mécht, fir de Judd fir d’éischt an da fir de Griich.
[10] Herrlechkeet, Éier a Fridde kommen awer iwwert all déi, déi Guddes doen, fir d’éischt iwwer de Judd an dann iwwer de Griich.
[11] Gott behandelt nämlech jiddereen d’selwecht.
[12] All déi, déi ouni d’Gesetz gesënnegt hunn, stierwen och ouni d’Gesetz. All déi, déi ënnert dem Gesetz gesënnegt hunn, ginn och duerch d’Gesetz geriicht.
[13] Et sinn nämlech net déi an den Ae vu Gott gerecht, déi d’Gesetz héieren; mee et ginn déi gerechtgesprach, déi d’Gesetz anhalen.
[14] Wann d’Net-Judden, déi d’Gesetz net hunn, vun Natur aus dat maachen, wat d’Gesetz verlaangt, si si sech selwer e Gesetz, och wa si d’Gesetz net hunn.
[15] Si weisen domat, datt d’Behuelen, dat vum Gesetz verlaangt gëtt, an hiren Häerzer geschriwwe steet. Hir Gewësse bestätegen et och, well hir Gedanke si entweder ukloen oder och entschëllegen
[16] op deem Dag, wa Gott d’Geheimnisser vum Mënsch duerch Christus Jesus riicht, opgrond vu menger gudder Noriicht.
[17] Wann s du dech e Judd nenns, dech op d’Gesetz verléiss, iwwert däi Gott houfreg bass,
[18] säi Wëlle kenns an dat, wat gutt ass, préiwe kanns, well s du aus dem Gesetz ënnerriicht goufs,
[19] a wann s du och selwer dovunner iwwerzeegt bass, datt s du e Guide fir déi Blann bass, e Liicht fir déi an der Däischtert,
[20] en Erzéier vun den Onverstännegen a Léiermeeschter vun de Kanner, well s du jo mengs am Gesetz d’Verkierperung selwer vum Wëssen an der Wourecht ze hunn,
[21] firwat léiers du dech dann net selwer, du, deen s du een aneren ënnerriichte wëlls? Du, deen s du priedegs, datt een net klaue soll, firwat klaus du?
[22] Du, deen s du sees, et soll een net friemgoen an d’Bestietnes briechen, firwat gees du friem a bréchs d’Bestietnes? Du, deen s du Gëtzen haass, firwat klaus du aus den Tempelen?
[23] Du, deen s du esou houfreg iwwert d’Gesetz bass, firwat entéiers du Gott, andeems du d’Gesetz bréchs?
[24] Et steet nämlech geschriwwen: „Den Numm vu Gott gëtt wéinst ärer ënnert den Net-Judde gelästert.“ (Yesaia 52,5)
[25] D’Beschneidung ass effektiv vun Notzen, wann s du d’Gesetz anhäls. Mee wann s du d’Gesetz bréchs, dann ass deng Beschneidung zur Onbeschneidung ginn.
[26] Dofir wann en Onbeschniddenen dat anhält, wat d’Gesetz verlaangt, wäert dann net seng Onbeschneidung als Beschneidung ugerechent ginn?
[27] Deen, dee physesch onbeschnidden ass an d’Gesetz anhält, wäert dech riichten. Du hues nämlech d’Schrëft an d’Beschneidung, mee bréchs d’Gesetz.
[28] E Mënsch ass net e Judd, wann hie just no baussen een ass, an d’Beschneidung ass och net eppes, wat just no baussen a physesch ass.
[29] Villméi ass e Mënsch e Judd, wann hien ee vu bannen ass. D’Beschneidung ass am Häerz geschitt duerch de Geescht, net duerch d’Schrëft. Dësem Mënsch säi Luef kënnt net vun de Mënschen, mee vu Gott.