Skip to content
Opens in a new window

[1] Jidderee muss sech den ieweschten Autoritéiten ënnerwerfen. Et gëtt nämlech keng Autoritéit ausser déi, déi vu Gott ass, an déi, déi et gëtt, ass vu Gott agesat ginn.

[2] Wie sech also der Autoritéit widdersetzt, stellt sech géint den Uerder vu Gott. Déi, déi sech géint hie stellen, bréngen d’Geriicht iwwert sech selwer.

[3] Déi, déi leeden, brauch een nämlech net ze fäerten, wann ee Guddes mécht, mee wann ee Béises mécht. Wëlls du keng Angscht virun den Autoritéiten hunn? Maach dat, wat gutt ass, da gëss du vun hinne gelueft.

[4] Deen, dee leet, ass den Dénger vu Gott a fir däi Wuel do. Wann s du awer dat méchs, wat béis ass, dann hief Angscht! Hien dréit d’Schwäert nämlech net ëmsoss: Hien ass den Dénger vu Gott a bestrooft deen, dee Béises mécht.

[5] Dofir musst dir net nëmme wéinst der Roserei follegen, mee och wéinst ärem Gewëssen.

[6] Dofir bezuelt dir och Steieren, well d’Autoritéiten d’Dénger vu Gott sinn, déi an engem Stéck hir Aufgab erfëllen.

[7] Bezuelt jidderengem, wat dir him schëlleg sidd: Steieren, deenen dir Steiere schëlleg sidd; Zoll, deenen dir Zoll schëlleg sidd; Respekt, deenen dir Respekt schëlleg sidd; Éier, deenen dir Éier schëlleg sidd.

[8] Sidd kengem eppes schëlleg, ausser een deen anere gär ze hunn, well wie säi Matmënsch gär huet, huet d’Gesetz erfëllt.

[9] D’Geboter: „Briech d’Bestietnes net, andeems du friemgees; Ermort keen; Klau net; Begier net“, (2. Moses 20,13-15.17; 5. Moses 5,17-19.21) an all anert Gebot si mat där heiten Ausso zesummegefaasst: „Hief däin Nächste gär wéi dech selwer.“ (3. Moses 19,18)

[10] D’Léift deet dem Nächsten näischt Béises. Dofir ass d’Léift de ganzen Ausdrock vum Gesetz.

[11] Maacht dat, well dir iwwert d’Zäit Bescheed wësst. D’Stonn ass schonn do, datt dir aus dem Schlof erwächt. Eis Rettung ass nämlech elo méi no wéi zur Zäit, an där mir fir d’éischt gegleeft hunn.

[12] D’Nuecht ass bal erlaanscht an den Dag ass nobäi, dofir solle mir d’Dote vun der Däischtert ofleeën an d’Rüstung vum Liicht undoen.

[13] Loosst eis anstänneg liewen esou wéi während dem Dag, net mat exzessivem Gefréiss a Saufereien, net mat Houereien an engem verduerwene Liewen, net mat Streidereien an Näid.

[14] Villméi ditt den Här Jesus Christus un an huelt iech net vir, fir d’Verlaange vun der sënneger Natur zefriddenzestellen.

De Bréif un d’Réimer — Chapters