Skip to content
Opens in a new window

[1] Ech soen d’Wourecht a Christus! Ech léien net! Mäi Gewësse bestätegt mir duerch den hellege Geescht,

[2] datt mäin Häerz voller Trauer a bestänneger Péng ass.

[3] Ech wënsche mir, datt ech selwer verflucht wier, vu Christus getrennt, wann dat menge Geschwëster hëllefe kéint, déi déiselwecht Ofstamung hunn ewéi ech.

[4] Si sinn Israeliten. Hinne gehéiert d’Adoptioun, d’Herrlechkeet vu Gott, d’Allianzen, d’Gesetz, d’Déngschter am Tempel an d’Verspriechen.

[5] Hinne gehéieren och d’Patriarchen, vun deenen de Messias als Mënsch ofstaamt, deen iwwert allem steet, dee Gott ass an deen éiweg gelueft gëtt. Amen.

[6] Et ass jo awer net esou, datt d’Wuert vu Gott hifälleg gi wier. Et sinn nämlech net alleguer déi, déi vun Israel ofstamen, en Deel vun Israel.

[7] Si sinn och net alleguer Kanner vum Abraham, just well si seng Nokomme sinn. Villméi: „Duerch den Isaak gëtt däin Nokomme genannt.“ (1. Moses 21,12)

[8] Dat heescht, datt d’Kanner vu mënschlecher Ofstamung net d’Kanner vu Gott sinn, mee villméi ginn d’Kanner vum Verspriechen als Nokomme betruecht.

[9] D’Versprieche gouf nämlech esou ausgedréckt: „Ech kommen d’nächst Joer ëm dës Zäit bei dech zeréck an dann huet deng Fra Sara e Jong.“ (1. Moses 18,10)

[10] Et war net nëmme beim Sara esou, mee och beim Rebekka, dat vun engem eenzege Mann, eisem Papp Isaak, schwanger gouf.

[11] Nach éier d’Kanner op d’Welt komm waren a weder Guddes nach Béises gemaach haten (dat war, fir datt de Plang vu Gott géif bestoe bleiwen, well e sengem Choix entsprieche géif, e Choix, deen net op Dote baséiert, mee op deen, dee berifft),

[12] krut hatt gesot: „Den Eelsten déngt dem Jéngsten.“ (1. Moses 25,23)

[13] Esou wéi geschriwwe steet: „De Jakob hat ech gär, mee den Esau hunn ech gehaasst.“ (Malachi 1,2-3)

[14] Wat solle mir dozou soen? Gëtt et bei Gott éieren Ongerechtegkeet? Op kee Fall!

[15] Zum Moses seet hien: „Wiem ech mech erbaarmen, deem erbaarmen ech mech a mat wiem ech Matleed hunn, mat deem hunn ech Matleed.“ (2. Moses 33,19)

[16] Schlussendlech hänkt et also net vum mënschleche Wëllen oder Striewen of, mee vum Erbaarme vu Gott.

[17] D’Schrëft seet nämlech zum Pharao: „Grad aus dësem Grond hunn ech dech erhuewen, fir kënne meng Muecht duerch dech ze weisen an datt mäin Numm uechter d’ganz Welt verkënnegt gëtt.“ (2. Moses 9,16)

[18] Dofir erbaarmt sech Gott deenen, deenen hie sech erbaarme wëllt, an hie mécht déi verbruet, déi hie wëllt verbruet maachen.

[19] Elo wäerts du mech froen: „Firwat reprochéiert hien eis dann nach eppes? Wie ka sengem Wëlle widderstoen?“

[20] Am Géigendeel, wie bass du, Mënsch, fir Gott ze widderspriechen? Seet éieren dat, wat geformt gouf, zu deem, deen et geformt huet: „Firwat hues du mech esou gemaach?“

[21] Ass den Aulebäcker net Meeschter iwwert säi Leem? Kann hien net aus därselwechter Mass e Behälter fir den éierbaren an ee fir den onéierbare Gebrauch maachen?

[22] Wat ass wa Gott, dee seng Roserei a seng Muecht bekanntmaache wollt, mat grousser Gedold d’Behälter erdroen huet, déi gemaach goufen, fir zerstéiert ze ginn?

[23] Wat ass wann hien dat gemaach huet, fir de Räichtum vu senger Herrlechkeet un de Behälter vum Erbaarmen z’erweisen, déi hie schonns am Viraus fir d’Herrlechkeet virbereet huet?

[24] Mir sinn déi, déi hie beruff huet, net nëmme vun de Judden, mee och vun den Net-Judden.

[25] Hie seet och beim Hoschea: „Dat, wat net mäi Vollek war, nennen ech ‚mäi Vollek‘ (Hoschea 2,25) an dat Vollek, wat kee gär hat, nennen ech ‚Dat, wat ech gär hunn‘.“

[26] „Et geschitt op där Plaz, wou hinne gesot gouf: ‚Dir sidd net mäi Vollek‘, datt si do Kanner vum liewege Gott genannt ginn.“ (Hoschea 2,1)

[27] De Yesaia rifft iwwert Israel aus: „Och wann d’Zuel vun de Kanner vun Israel ewéi de Sand um Mier ass, dach gëtt nëmmen e Rescht gerett.

[28] Hie féiert nämlech d’Uerteel an der Gerechtegkeet aus a bréngt et zu Enn, well den Här féiert d’Uerteel séier a grëndlech iwwert d’Äerd aus.“ (Yesaia 10,22-23)

[29] Esou huet och de Yesaia prophezeit: „Wann den Här vun den himmleschen Arméien eis net en Nokomme gelooss hätt, da wiere mir wéi Sodom ginn an hätte Gomorra geglach.“ (Yesaia 1,9)

[30] Wat solle mir dozou soen? Dat hei: D’Net-Judden, déi der Gerechtegkeet net nogejot sinn, krute Gerechtegkeet, mee eng Gerechtegkeet, déi aus dem Glawe staamt.

[31] Mee Israel huet d’Gesetz vun der Gerechtegkeet net erreecht, och wann et nom Gesetz vun der Gerechtegkeet gestrieft huet.

[32] Firwat? Si hunn net aus dem Glawen duerno gestrieft, mee esou wéi wann et géif aus Dote vum Gesetz stamen. Si sinn nämlech iwwert de Stolperstee getrollt.

[33] Esou wéi geschriwwe steet: „Kuck! Ech leeën e Steen, fir driwwer ze trëllen, an e Fiels vun der Beleidegung an Zion nidder.“ (Yesaia 8,14) „Wien un hie gleeft, gëtt net enttäuscht.“ (Yesaia 28,16)

De Bréif un d’Réimer — Chapters