[1] Wat solle mir da vum Abraham soen? Wat huet hien, eise Virfueren, erausfonnt?
[2] Wann den Abraham nämlech duerch dat, wat hie gemaach huet, gerechtgesprach gouf, dann hätt hien e Grond, fir sech ze bretzen, mee net viru Gott.
[3] Wat seet d’Schrëft dozou? „Den Abraham huet Gott gegleeft an dat gouf him als Gerechtegkeet ugerechent.“ (1. Moses 15,6)
[4] Wann e Mënsch schaffe geet, kritt hien de Loun net als Kaddo, mee well hien e verdéngt huet.
[5] Deemjéinegen, deen net schafft, mee op dee vertraut, deen déi Gottlos gerechtsprécht, deem gëtt säi Glawen als Gerechtegkeet ugerechent.
[6] Geneesou schwätzt den David vum Sege vum Mënsch, deem Gott Gerechtegkeet onofhängeg vun Doten urechent:
[7] „Geseent sinn déi, déi hir gesetzlos Dote verzie kruten, an deenen hir Sënnen zougedeckt goufen.
[8] Geseent ass de Mënsch, dee seng Sënn net vum Här ugerechent kritt.“ (Psalmen 32,1-2)
[9] Gëllt dëse Segen dann nëmme fir déi Beschnidden oder och fir déi Onbeschnidden? Mir soe jo, datt „de Glawen dem Abraham als Gerechtegkeet ugerechent gouf.“
[10] Wéi gouf en him dann ugerechent? War et éier hie beschnidde gouf oder duerno? Et war éier hie beschnidde gouf, net duerno!
[11] Hie krut d’Zeeche vun der Beschneidung als Sigel vun der Gerechtegkeet, déi him ugerechent gouf op Grond vu sengem Glawen, wéi hien nach onbeschnidde war. Esou gouf hien de Papp vun all deenen, déi gleewen an net beschnidde sinn, fir datt och hinne Gerechtegkeet ugerechent gëtt.
[12] Hie gouf och de Papp vun all de Beschniddenen, déi net nëmme beschnidde sinn, mee och an de Foussspure vum Glawe ginn, deen eise Papp Abraham hat, wéi hien nach onbeschnidde war.
[13] Et war nämlech net wéinst dem Gesetz, datt dem Abraham a sengen Nokommen d’Versprieche gemaach gouf, datt hie géif d’Welt ierwen, mee et war wéinst der Gerechtegkeet, déi duerch de Glawe kënnt.
[14] Wa si nämlech wéinst dem Gesetz zu Ierwe ginn, dann ass de Glawe sënnlos an d’Verspriechen ass annuléiert.
[15] Dat Gesetz bewierkt nämlech Roserei; an do, wou et dat Gesetz net gëtt, gëtt et och keng Iwwertriedung.
[16] Dofir kënnt d’Verspriechen duerch de Glawen, fir datt et d’Gnod vu Gott erweise kann an esou all dem Abraham sengen Nokomme verséchert ka ginn. D’Versprieche gëtt net nëmmen deene verséchert, déi duerch d’Gesetz Nokomme sinn, mee och deenen, déi dem Abraham säi Glawen hunn, deen de Papp vun eis all ass.
[17] (Grad ewéi geschriwwe steet: „Ech hunn dech zum Papp vu villen Natioune gemaach.“ (1. Moses 17,5)) Hien ass eise Papp viru Gott, deem hie gegleeft huet an deen den Doudege Liewe schenkt an dat, wat net existéiert, an d’Existenz rifft.
[18] Entgéint all Hoffnung huet den Abraham voller Hoffnung gegleeft an esou gouf hien de „Papp vu villen Natiounen“, esou wéi hie gesot krut: „Esou grouss gëtt d’Zuel vun dengen Nokommen.“ (1. Moses 15,5)
[19] Ouni am Glawe schwaach ze ginn, huet hie festgestallt, datt säi Kierper schonn esou gutt ewéi dout war (well hien ongeféier honnert Joer al war) an datt d’Sara keng Kanner méi kréie konnt.
[20] Hien huet net am Onglawen um Versprieche vu Gott gezweiwelt, mee villméi gouf hien am Glawe gestäerkt, wéi hie Gott verherrlecht huet.
[21] Hie war nämlech fest dovunner iwwerzeegt, datt Gott dat maache kann, wat hie versprach huet.
[22] Dofir gouf säi Glawen him als Gerechtegkeet ugerechent.
[23] „Dat gouf him ugerechent“ gouf net eleng fir den Abraham geschriwwen,
[24] mee och fir eis. Och eis gëtt en ugerechent, déi un dee gleewen, deen eisen Här Jesus vun den Doudegen operstoe gelooss huet.
[25] De Jesus gouf wéinst eisen Iwwertriedungen ausgeliwwert a gouf operwächt, fir eis gerecht ze maachen.