[1] Mir, déi mir staark sinn, si verflicht d’Schwächte vun de Schwaachen ze droen a sollen net fir eisen eegene Pleséier liewen.
[2] Jidderee muss sengem Nächste géintiwwer déngschtbereet sinn, fir deem säi Wuel an hien esou z’erbauen.
[3] Och Christus huet net fir säin eegene Pleséier gelieft, mee esou wéi et geschriwwe steet: „D’Beleidegunge vun deenen, déi dech beleidegt hunn, sinn op mech gefall.“ (Psalmen 69,10)
[4] Wat och ëmmer virdru geschriwwe gouf, gouf eis zur Léier geschriwwen, fir datt mir duerch d’Gedold an den Trouscht aus der Schrëft Hoffnung kënnen hunn.
[5] De Gott vun der Gedold a vum Trouscht soll iech et erméiglechen, ënnertenee gläichgesënnt ze sinn, esou wéi et Christus Jesus entsprécht,
[6] fir datt dir mat enger Stëmm a mat engem Mond de Gott a Papp vun eisem Här Jesus Christus verherrlecht.
[7] Dofir huelt een deen aneren un, esou wéi Christus eis ugeholl huet zur Éier vu Gott.
[8] Ech soen nämlech, datt de Jesus Christus en Dénger vun de Beschniddene gouf, fir ze weisen, datt Gott d’Wourecht seet, fir d’Verspriechen un d’Pappen ze bestätegen,
[9] a fir datt d’Net-Judde Gott wéinst senger Baarmhäerzegkeet luewen. Esou wéi et geschriwwe steet: „Dofir wëll ech dech ënnert den Net-Judde luewen an dengem Numm Lueflidder sangen.“ (Psalmen 18,50; 2. Samuel 22,50)
[10] An nees seet d’Schrëft: „Freet iech, Net-Judden, mat sengem Vollek.“ (5. Moses 32,43)
[11] An nees: „Lueft den Här, all dir Net-Judden! Lueft hien, all dir Vëlker!“ (Psalmen 117,1)
[12] An nees seet de Yesaia: „D’Wuerzel vum Ischai schéisst aus. Hien erhieft sech, fir iwwert d’Net-Judden ze regéieren. D’Net-Judden hoffen dann op hien.“ (Yesaia 11,10)
[13] De Gott vun der Hoffnung soll iech ganz mat Freed a Fridden duerch de Glawen erfëllen, fir datt dir Hoffnung iwwert all Mooss hutt duerch d’Kraaft vum hellege Geescht.
[14] Meng Geschwëster, ech si vun iech iwwerzeegt, datt dir voller Guttheet a voller Erkenntnes sidd a capabel sidd, een deen aneren ze beroden.
[15] Geschwëster, iwwert munches hunn ech iech zimlech kéng geschriwwen, fir iech drun ze erënneren, datt ech duerch d’Gnod, déi Gott mir ginn huet,
[16] en Dénger vum Jesus Christus fir d’Net-Judde sinn. Ech féieren deen hellegen Déngscht aus, d’gutt Noriicht vu Gott ze verkënnegen, fir datt d’Net-Judden en Affer ginn, dat Gott gefält an dat duerch den hellege Geescht helleg gemaach gouf.
[17] Dofir kann ech wéinst Christus Jesus viru Gott op mäin Déngscht houfreg sinn.
[18] Ech géif mech nämlech net trauen, iwwert iergendeppes ze schwätzen, et sief dann iwwert dat, wat Christus duerch mech bewierkt huet: datt d’Net-Judden duerch Wuert an Dot,
[19] duerch d’Kraaft vun Zeechen a Wonner an och duerch d’Kraaft vu Gott sengem Geescht follegen. Esou hunn ech vu Jerusalem aus un an engem Ëmkrees bis Illirien déi gutt Noriicht vu Christus iwwerall verkënnegt.
[20] Dobäi ass et mäin Zil, d’gutt Noriicht do ze verkënnegen, wou den Numm vu Christus net bekannt ass, fir datt ech net op engem anere säi Fëllement bauen.
[21] Et steet jo och an der Schrëft geschriwwen: „Déi, déi net vun him verzielt kruten, wäerte gesinn an déi, déi net héieren haten, wäerte verstoen.“ (Yesaia 52,15)
[22] Dofir gouf ech dacks dovunner ofgehalen, fir bei iech ze kommen.
[23] Mee elo, well ech an dëse Regiounen net méi gebraucht ginn a well ech och schonns zënter Joren duerno verlaangert hunn, bei iech ze kommen,
[24] wëll ech iech gesinn, wann ech um Wee fir a Spuenie sinn. Ech hoffen nämlech, iech op menger Duerchrees ze gesinn a vun iech op mengem Wee fir a Spuenien gehollef ze kréien. Mee fir d’éischt wëll ech mech doriwwer freeën, bei iech ze sinn.
[25] Elo ginn ech awer op Jerusalem, fir den Hellegen ze déngen.
[26] Mazedonien an Achaia haten et nämlech fir gutt gehalen, eng Kollekt fir déi Aarm ënnert den Hellegen zu Jerusalem ze maachen.
[27] Si hunn et gär gemaach a si sinn et hinnen och schëlleg. Wann d’Net-Judde vun de Judden hire geeschtleche Besëtz krut hunn, dann hunn d’Net-Judden och d’Flicht hire materielle Besëtz mat de Judden ze deelen.
[28] Wann ech dës Flicht erfëllt hunn an hinnen d’Kollekt sécher iwwerreecht hunn, kommen ech iech um Wee fir a Spuenie besichen.
[29] Ech weess och, datt ech mam volle Sege vun der gudder Noriicht vu Christus kommen, wann ech bei iech kommen.
[30] Geschwëster, ech fuerderen iech op duerch eisen Här Jesus Christus an duerch d’Léift vum Geescht, fir iech an äre Gebieder u Gott fir mech bei mech ze gesellen.
[31] Biet, datt ech aus den Hänn vun den Ongleewegen a Judea gerett ginn, datt d’Kollekt, déi ech op Jerusalem bréngen, vun den Hellegen do ugeholl gëtt
[32] an datt ech, wa Gott wëllt, mat Freed bei iech komme kann, fir bei iech ze raschten.
[33] De Gott vum Fridde sief mat iech all. Amen.