Skip to content
Opens in a new window

[1] Soubal et Muere war, hunn d’iewescht Priister zesumme mat den Eelsten, de Léiermeeschtere vum Gesetz a mam ganze Sanhedrin eng Entscheedung getraff: Si hunn de Jesus gefesselt, hien ofgeféiert an un de Pilatus iwwerginn.

[2] De Pilatus huet de Jesus du verhéiert: „Bass du de Kinnek vun de Judden?“ „Du sees et“, huet de Jesus geäntwert.

[3] D’iewescht Priister hunn hie wéinst villem ugeklot.

[4] De Pilatus huet hien nees gefrot: „Äntwers du näischt? Kuck dach wéi vill Ukloen, datt si géint dech bréngen!“

[5] Mee de Jesus huet nach ëmmer näischt geäntwert, esou datt de Pilatus ganz verwonnert war.

[6] Um Fest hat hien d’Gewunnecht, fir ee Prisonéier fräizeloossen, dee si sech gewënscht haten.

[7] E Mann, dee Bar-Abba geheescht huet, souz mat Komplizen am Prisong, déi während dem Opstand een ermort haten.

[8] D’Leit hunn ugefaangen, ze jäizen an ze fuerderen, datt hien et esou soll maachen, wéi hien et nach ëmmer gemaach huet.

[9] Dunn huet de Pilatus si gefrot: „Wëllt dir, datt ech iech de Kinnek vun de Judde fräiloossen?“

[10] Hie wousst nämlech, datt d’iewescht Priister him de Jesus nëmmen aus Näid ausgeliwwert haten.

[11] Mee d’iewescht Priister hunn d’Leit opgestëppelt, datt hien éischter de Bar-Abba fräiloosse sollt.

[12] De Pilatus huet si erëm gefrot: „Wat wëllt dir dann, datt ech mat deem maachen, deen dir de Kinnek vun de Judden nennt?“

[13] Si hunn nees haart zeréck gejaut: „Kräizeg hien!“

[14] „Firwat?“, huet de Pilatus si du gefrot. „Wat huet hien da Béises gedoen?“ Mee si hunn nach vill méi haart gejaut: „Kräizeg hien!“

[15] De Pilatus huet dunn de Bar-Abba fir si fräigelooss, fir d’Vollek zefriddenzestellen. Nodeems hien de Jesus gäissele gelooss hat, huet hien en ausgeliwwert, fir gekräizegt ze ginn.

[16] D’Zaldoten hunn de Jesus an den Haff, dee Praetorium heescht, geféiert an hunn déi ganz Kohort zesummegeruff.

[17] Si hunn him e purpurroude Mantel ugedoen, hunn eng Kroun aus Däre geflecht, him se op de Kapp gesat

[18] an hunn ugefaangen, hien ze gréissen: „Vive de Kinnek vun de Judden!“

[19] Dunn hu si hie mat enger Rutt op de Kapp geschloen an op hie gespaut. Si sinn op d’Knéie gefall an hunn hien ugebiet.

[20] Nodeems si de Spunnes mat him gemaach haten, hu si him de purpurroude Mantel ausgedoen an him seng eege Kleeder nees ugedoen. Dunn hu si hie fortgeféiert, fir hien ze kräizegen.

[21] E Mann, de Schimon aus Kyreene, de Papp vum Alexander a vum Rufus, koum grad vum Land. Wéi hie laanscht goung, hu si hie forcéiert, fir dem Jesus säi Kräiz ze droen.

[22] Si hunn hien op d’Plaz bruecht, déi Golgota heescht (wat iwwersat „Plaz vum Doudekapp“ heescht).

[23] Du hu si him Wäin, mat Myrrhe vermëscht, ze drénke ginn, mee hien huet e refuséiert.

[24] Wéi si hie gekräizegt haten, hu si seng Kleeder ënnerteneen opgedeelt, andeems si d’Lous fir se gezunn hunn, fir ze kucken, wie wat kréich. (Psalmen 22,19)

[25] Ëm néng Auer mueres hu si hie gekräizegt.

[26] Um Schëld iwwert him stoung d’Veruerteelung géint hien: „De Kinnek vun de Judden.“

[27] Si hunn zwee Brigange zesumme mat him gekräizegt. Deen ee houng op senger rietser an deen aneren op senger lénker Säit.

[28] Esou goung d’Schrëft an Erfëllung, déi seet: „Hie gouf zu de Gesetzlose gezielt.“ (Yesaia 53,12)

[29] Déi, déi laanscht goungen, hunn him Frechheeten zougeruff, de Kapp gerëselt a gesot: „Ha! Du wëlls den Tempel zerstéieren an en nees an dräi Deeg opriichten!

[30] Ma da rett dech dach selwer! Komm dach vum Kräiz erof!“

[31] Geneesou hunn d’iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz de Spunnes mat him gemaach an ënnertenee gesot: „Hien huet anerer gerett, mee sech selwer kann hien net retten!

[32] De Messias, de Kinnek vun Israel, soll elo vum Kräiz erofkommen, fir datt mir gesinn a gleewe kënnen!“ Déi, déi mat him gekräizegt goufen, hunn hien och vernannt.

[33] Et gouf vu Mëtteg bis dräi Auer am Nomëtteg am ganze Land däischter.

[34] Um dräi Auer nomëttes huet de Jesus mat haarder Stëmm geruff: „Eloi, Eloi, lema sabachtani?“, wat iwwersat heescht: „Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?“ (Psalmen 22,2)

[35] E puer vun de Leit, déi dobäi stoungen, soten, nodeems si dat héieren haten: „Lauschtert, hie rifft den Elia.“

[36] Du koum ee gelaf, huet e Schwamp mat sauerem Wäin gedränkt, en op eng Rutt gestach an him en dohigehalen, fir ze drénken. Dobäi sot hien: „Loosst hien dach! Kommt mir kucken, ob den Elia kënnt, fir hien erofzehuelen.“

[37] Dunn huet de Jesus en haarde Kreesch gedoen an ass gestuerwen.

[38] D’Riddo am Tempel gouf vun uewe bis ënnen an zwee gerass.

[39] Wéi de réimeschen Offizéier, dee vis-à-vis vun him stoung, gesinn huet, datt hien en haarde Kreesch gedoen huet a gestuerwen ass, sot hien: „Dëse Mann war wierklech de Jong vu Gott!“

[40] Et waren och vill Fraen do, déi vu wäitem nogekuckt hunn. Ënnert hinne waren d’Maria vu Magdala, d’Maria (dem jonke Jacques an dem Yosséi hir Mamm) an d’Salome.

[41] Dës Frae waren him nogaangen an haten him gedéngt, wéi hien a Galilea war. Et goufen nach vill aner Fraen, déi mat him op Jerusalem komm waren.

[42] Et war schonns Owend, a well et den Dag vun der Virbereedung war, also den Dag virum Sabbat,

[43] huet de Yossef vun Arimatea, deen e respektéierte Member vum Sanhedrin war an och selwer op d’Kinnekräich vu Gott gewaart huet, sech en Häerz geholl, ass bei de Pilatus gaangen an huet ëm dem Jesus seng Läich gefrot.

[44] De Pilatus war iwwerrascht, datt de Jesus schonn dout war. Hien huet dunn de réimeschen Offizéier ruffe gelooss an hie gefrot, ob de Jesus schonns eng Zäitchen dout wier.

[45] Wéi de Pilatus dat vum Offizéier bestätegt krut, huet hien dem Yossef d’Läich iwwerlooss.

[46] De Yossef huet Léngent kaf, huet hien erofgeholl an en an d’Léngent gewéckelt. Hien huet de Jesus an e Graf geluecht, dat an e Fiels gehae war, an huet e Stee virum Agang vum Graf gerullt.

[47] D’Maria vu Magdala an d’Maria, dem Yosséi seng Mamm, hu gesinn, wou hien higeluecht gouf.

De Marc — Chapters