[1] Doropshi koume si un den aneren Uwänner vum Séi an d’Géigend vun de Gadarener.
[2] Knapps war de Jesus aus dem Naache geklommen, koum gläich vun de Griewer e Mann op hien duer, deen en onrenge Geescht hat.
[3] Hien huet tëschent de Griewer gelieft a konnt vu kengem gebändegt ginn, esouguer net mat Ketten.
[4] Schonn dacks war hie gefesselt an a Kette geluecht ginn, mee hien huet d’Ketten auserneen an d’Fesselen a Stécker gerappt. Kee Mënsch war amstand, fir hien ze zähmen.
[5] Dag an Nuecht war hien ëmmer an de Bierger an tëschent de Griewer. Hien huet gejaut a sech mat Steng opgeschnidden.
[6] Knapps huet hien de Jesus vu wäitem erbléckst, koum hien op hien duergelaf, huet hien ugebiet
[7] an huet mat haarder Stëmm geruff: „Wat wëlls du vu mir, Jesus, Jong vum Allerhéchste Gott? Ech beschwieren dech bei Gott, péngeg mech net!“
[8] De Jesus hat nämlech zu him gesot: „Komm aus dem Mann eraus, du onrenge Geescht!“
[9] De Jesus hat hie gefrot: „Wéi heeschs du?“ An deen hat geäntwert: „Mäin Numm ass Legioun, well mir der vill sinn.“
[10] Hien hat de Jesus mat Nodrock ugebiedelt, si net aus der Géigend fortzeschécken.
[11] Grad du war eng grouss Häerd Schwäin am Hang vum Bierg am Gaang, ze weeden.
[12] D’Dämonen hunn de Jesus ugebiedelt: „Schéck eis an d’Schwäin, fir datt mir a si kënne fueren!“
[13] Am nämmlechten Ament huet de Jesus hinnen d’Erlaabnes ginn. Du koumen déi onreng Geeschter eraus a sinn an d’Schwäi gefuer (et waren ongeféier zweedausend Schwäin); an d’Häerd huet sech den Hang erof an de Séi gestierzt an ass am Séi ersoff.
[14] Du sinn d’Schwéngshierte fortgelaf an hunn dovunner an der Stad an um Land verzielt. Doropshi koumen d’Leit eraus, fir ze kucken, wat geschitt war.
[15] Si koume bei de Jesus an hunn den dämonbesiessene Mann gesinn. Deen, deen d’Legioun hat, souz do, war ugedoen a war bei klorem Verstand. Du kruten d’Leit et mat der Angscht ze dinn.
[16] Déi, déi gesinn haten, wat mam dämonbesiessene Mann a mat de Schwäi geschitt war, hunn hinnen dovunner verzielt.
[17] Dunn hu si ugefaangen, hien unzebiedelen, hir Géigend ze verloossen.
[18] Wéi de Jesus an den Naache klamme wollt, huet de Mann, deen dämonbesiess gewiescht war, hie gebieden, fir däerfe bei him ze bleiwen.
[19] De Jesus huet him et awer net erlaabt, mee sot zu him: „Géi heem bei deng Famill a verziel hir vun deene groussen Doten, déi den Här fir dech gemaach huet, a wéi baarmhäerzeg hie mat dir war.“
[20] Doropshi goung hie vun do fort an huet ugefaangen, an der Dekapolis alles ze verkënnegen, wat de Jesus fir hie gemaach hat. Jidderee war verwonnert.
[21] Wéi de Jesus mam Naachen un den aneren Uwänner koum, huet eng grouss Mass Leit sech ronderëm hie versammelt. Hie war beim Séi.
[22] Du koum ee vun den Haapteelste vun der Synagog, dee Ya’ir geheescht huet, dohin. Wéi hien de Jesus gesinn huet, huet hie sech him virun d’Féiss geworf
[23] an huet hie mat Nodrock ugebiedelt: „Meng kleng Duechter läit um Stierwen. Komm a lee deng Hänn op hatt, fir datt hatt geheelt gëtt a liewe kann.“
[24] Du goung de Jesus mat him. Eng Onmass Leit goung him no an huet sech ëm hie gedréckt.
[25] Do war eng Fra, déi schonn zënter zwielef Joer u Bluddunge gelidden hat,
[26] a villes hat missen duerch d’Dokteren erleiden. Si hat hire ganze Besëtz ausginn an et war hir awer net besser gaangen; am Géigendeel, et war hir ëmmer méi schlecht gaangen.
[27] Wéi si vum Jesus héieren hat, ass si vun hannen aus der Mënschemass un hien erukomm an huet säi Kleed beréiert.
[28] Si hat nämlech geduecht: „Wann ech just seng Kleeder beréieren, da ginn ech geheelt.“
[29] Eenzock hunn hir Bluddungen opgehalen a si huet an hirem Läif gespiert, datt si vun hirer Kränkt geheelt war.
[30] Am nämmlechte Moment wousst de Jesus bei sech selwer, datt Kraaft vun him ausgaange war. Hien huet sech an der Hellewull Leit ëmgedréit a frot: „Wien huet meng Kleeder beréiert?“
[31] Seng Jénger hunn him geäntwert: „Du gesäis dach déi Onmass Leit, déi sech ëm dech drécken, an du frees nach: ‚Wien huet mech beréiert?‘“
[32] Hien huet awer weider ëm sech gekuckt, fir d’Fra ze gesinn, déi dat gemaach hat.
[33] D’Fra, déi vun Angscht geziddert huet, well si wousst, wat hir geschitt war, koum no vir, huet sech virun him niddergehäit an huet him d’ganz Wourecht verzielt.
[34] Du sot hien zu hir: „Duechter, däi Glawen huet dech geheelt. Géi a Fridden a sief vun denger Kränkt geheelt.“
[35] Wéi hien nach am Gaang war, ze schwätzen, koumen der aus dem Stot vum Haapteelste vun der Synagog a soten: „Deng Duechter ass gestuerwen. Firwat wëlls du de Léiermeeschter nach weiderhi stéieren?“
[36] Wéi de Jesus dat, wat gesot gouf, héieren huet, sot hien zum Haapteelste vun der Synagog: „Hief keng Angscht! Gleef einfach.“
[37] Hien huet kengem erlaabt, fir hien ze begleeden, ausser dem Péitrus, dem Jacques an dem Jean, dem Brudder vum Jacques.
[38] Du koum hie bei d’Haus vum Haapteelste vun der Synagog an hien huet den Tumult bemierkt, wéi d’Leit gekrasch a vill Kreesch gedoen hunn.
[39] Wéi hien eragoung, sot hien zu hinnen: „Firwat maacht dir souvill Kaméidi a kräischt esou? D’Kand ass net dout, mee et schléift just.“
[40] Si hunn hien ausgelaacht. Nodeems hie si all erausgeschéckt hat, huet hien de Papp an d’Mamm vum Kand matgeholl an och déi, déi bei him waren, a goung an d’Zëmmer, wou d’Kand louch.
[41] Hien huet et mat der Hand geholl a sot zu him: „Talita kumi!“ (Wat iwwersat heescht: „Meedchen, ech soen dir, stéi op!“)
[42] Eenzock ass d’Meedchen opgestanen a goung ronderëm (hatt war schonns zwielef Joer al). Si waren ausser sech vu Staunen.
[43] Hien huet hinne strengstens verbueden, datt een sollt eppes dovunner gewuer ginn, an hie sot och, datt si dem Meedche sollten eppes z’iesse ginn.