Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi de Jesus nees an d’Synagog goung, war e Mann mat enger verkrëppelter Hand do.

[2] Si hunn de Jesus observéiert, fir ze kucken, ob hien de Mann um Sabbat heele géif, fir hie kënnen unzekloen.

[3] Hie sot zum Mann mat der verkrëppelter Hand: „Komm hei an d’Mëtt!“

[4] Dunn huet hie si gefrot: „Ass et um Sabbat erlaabt, Guddes oder Béises ze doen, Liewen ze retten oder ze huelen?“ Si hunn awer näischt geäntwert.

[5] Hien huet si voller Roserei ugekuckt a war zudéifst traureg iwwert hir verbrueten Häerzer. „Streck deng Hand aus!“, sot hien zum Mann. Hien huet se ausgestreckt a seng Hand gouf gesond, esou gesond wéi déi aner.

[6] Du goungen d’Pharisäer eraus an hunn direkt mat den Unhänger vum Herodes sech ënnertenee beroden, wéi si hien ëmbrénge kéinten.

[7] Mee de Jesus huet sech mat senge Jénger bei de Séi zeréckgezunn. Eng Abberzuel Leit vu Galilea a Judea,

[8] aus Jerusalem, aus Idumea, vun der anerer Säit vum Jordan an aus der Géigend ëm Tyr an Zidon goungen him no. Déi ganz vill Leit koume bei hien, nodeems si alles héieren haten, wat hie gemaach hat.

[9] Hie sot senge Jénger, datt ëmmer e klengen Naache fir hie sollt prett gehale ginn, fir datt déi vill Leit hien net erdrécke géifen.

[10] Hien huet der nämlech vill geheelt, esou datt all déi, déi e Leiden haten, sech op hie gestierzt hunn, fir hien ze beréieren.

[11] Wann déi onreng Geeschter hien erbléckst hunn, hu si sech virun him niddergehäit a gejaut: „Du bass de Jong vu Gott!“

[12] Mee hien huet hinne strengstens befuel, fir hien net bekanntzemaachen.

[13] De Jesus goung op e Bierg an huet déi bei sech geruff, déi hie wollt; a si koume bei hien.

[14] Hien huet der Zwielef erausgesicht, fir bei him ze sinn, an déi hien erausschécke wollt, fir ze priedegen.

[15] Si sollten och Muecht hunn, fir Krankheeten ze heelen an Dämonen auszedreiwen.

[16] Déi Zwielef waren de Schimon, deen hie Péitrus genannt huet;

[17] de Jacques, de Jong vum Sabdai, an de Jean, dem Jacques säi Brudder (déi hie Boanerges genannt huet, wat esou vill heescht wéi „Jonge vum Donner“);

[18] den Andreas, de Philippe, de Bar-Talmai, de Mattias, den Thomas, de Jacques, deen de Jong vum Alfai war, den Taddai, an de Schimon, de Kanaaniter,

[19] an och nach de Judas Ischkariot, deen hie verroden huet.

[20] Du gounge si an en Haus an nees huet sech eng Onmass vu Leit versammelt, esou datt si emol kee Brout iesse konnten.

[21] Wéi dem Jesus seng Famill dovunner héieren huet, hu si sech op de Wee gemaach, fir hien ze faassen, well si soten: „Hien huet de Verstand verluer!“

[22] D’Léiermeeschtere vum Gesetz, déi vu Jerusalem erofkomm waren, soten: „Hien huet de Beelsebul a sech“, an: „Duerch de Prënz vun den Dämonen dreift hien d’Dämonen aus.“

[23] Dowéinst huet hie si bei sech geruff a mat hinnen a Gläichnesser geschwat: „Wéi kann de Satan de Satan ausdreiwen?

[24] Wann e Kinnekräich a sech selwer gespléckt ass, da kann dëst Kinnekräich net bestoen.

[25] Wann e Stot a sech selwer gespléckt ass, da kann dëse Stot net bestoen.

[26] A wann de Satan sech géint sech selwer erhieft a gespléckt ass, kann hien net bestoen, mee dann ass et eriwwer mat him.

[27] Et ka keen an d’Haus vun engem staarke Mann abriechen a säi Besëtz klauen, ausser hie fesselt de staarke Mann fir d’éischt. Eréischt da kann en d’Haus plëmmen.

[28] Ech soen iech d’Wourecht! All Sënne ginn de Kanner vun de Mënsche verzien an och all Lästerungen, mat deene si lästeren;

[29] wien awer géint den hellege Geescht lästert, dee kritt nimools Verzeiung, mee ass dem éiwege Geriicht ausgesat.“

[30] Si soten nämlech: „Hien huet en onrenge Geescht.“

[31] Du koumen dem Jesus seng Geschwëster a seng Mamm erbäi. Si stoungen dobaussen an hunn hie ruffe gelooss.

[32] Eng Onmass vu Leit souz ronderëm hien. „Deng Mamm an deng Geschwëster stinn dobaussen a sichen dech“, sote si zu him.

[33] „Wien ass meng Mamm a wie si meng Geschwëster?“, huet hien hinne geäntwert.

[34] Hien huet déi ugekuckt, déi am Krees ëm hie souzen, a sot: „Kuckt, déi hei si meng Mamm a meng Geschwëster!

[35] Wien nämlech de Wëlle vu Gott mécht, deen ass mäi Brudder, meng Schwëster a meng Mamm!“

De Marc — Chapters