[1] Wéi de Jesus aus dem Tempel erausgoung, sot ee vu senge Jénger zu him: „Léiermeeschter, kuck dir emol déi wonnerbar Steng an déi enorm Gebaier hei un!“
[2] „Gesäis du dës grouss Gebaier?“, huet de Jesus him geäntwert. „Net ee Stee bleift op deem aneren, deen net ofgerappt gëtt.“
[3] Wéi de Jesus um Olivebierg souz, vis-à-vis vum Tempel, koumen de Péitrus, de Jacques, de Jean an den Andreas eleng bei hien a froten:
[4] „So eis, wéini geschitt dat alles? A wat ass d’Zeechen, wann alles um Punkt ass, fir sech ze erfëllen?“
[5] „Gitt uecht, datt keen iech irféiert“, huet de Jesus hinne geäntwert.
[6] „Et kommen der vill a mengem Numm, déi soen: ‚Ech sinn et!‘ Vill Leit ginn irgeféiert.
[7] Wann dir vu Kricher a vu Gerüchter iwwert Kricher héiert, da fäert net, well dat muss geschéien. D’Enn ass awer nach net do.
[8] Eng Natioun erhieft sech nämlech géint eng aner Natioun an ee Kinnekräich géint en anert Kinnekräich. Op verschidde Plaze ginn et Äerdbiewen an och Hongersnéit an Onrouen. Dat ass den Ufank vun de Wéien.
[9] Mee gitt op iech selwer uecht! Si liwweren iech un déi lokal Sanhedrinen aus an dir gitt an de Synagoge gegäisselt. Wéinst menger gitt dir viru Gouverneuren a viru Kinneke bruecht, fir virun hinnen auszesoen.
[10] D’gutt Noriicht muss awer fir d’éischt all den Natioune verkënnegt ginn.
[11] Mee wa si iech verhaften an iech ausliwweren, da maacht iech virdru keng Suergen iwwert dat, wat dir soe sollt, an iwwerleet iech et net am Viraus, mee wat iech dee Moment agi gëtt, dat sot. Net dir sidd et, déi schwätzt, mee den hellege Geescht.
[12] Et liwwert och ee Brudder deen aneren dem Doud aus an de Papp säi Kand. Kanner rebelléiere géint hir Elteren a loosse si ëmbréngen.
[13] Wéinst mengem Numm gitt dir vu jidderengem gehaasst. Mee wie bis un d’Enn aushält, gëtt gerett.
[14] Wann dir den Abscheilechen, deen zerstéiert, vun deem de Prophéit Daniel geschwat huet, do stoe gesitt, wou hien net stoe soll (Lieser, verstéi!) (Daniel 9,27; 11,31; 12,11), da sollen déi, déi a Judea sinn an d’Bierger flüchten.
[15] Wien uewen um Haus ass, soll net an d’Haus erof an och net eragoen, fir eppes aus sengem Haus ze huelen.
[16] Wien um Aker ass, soll net zeréckgoen, fir säi Mantel sichen ze goen.
[17] Mee wéi schrecklech gëtt et fir déi Fraen, déi zu där Zäit erwaarden oder nieren.
[18] Biet, datt är Flucht net am Wanter ass.
[19] An deenen Deeg kënnt nämlech esou eng Nout, wéi et se zënter dem Ufank vun der Schëpfung, déi Gott gemaach huet, bis elo nach net gouf an och ni méi wäert ginn.
[20] Wann den Här déi Deeg net verkierzt hätt, da géif kee Mënsch gerett ginn; mee wéinst den Auserwielten, déi hien auserwielt huet, verkierzt hien déi Deeg.
[21] Wann een zu där Zäit zu iech seet: ‚Kuck, hei ass de Messias!‘, oder: ‚Kuck, de Messias ass dohannen!‘, da gleeft et net.
[22] Et trieden nämlech falsch Messiassen a falsch Prophéiten op a si maachen Zeechen a Wonner, fir esouguer déi Auserwielten irzeféieren, wann dat méiglech wier.
[23] Mee gitt uecht! Passt op! Ech hunn iech am Viraus iwwert alles Bescheed gesot!
[24] ‚Mee an deenen Deeg, no där Nout, gëtt d’Sonn däischter an de Mound gëtt keng Luucht méi vu sech.
[25] D’Stäre vum Himmel falen erof an d’Kräften am Himmel geroden aus dem Gläichgewiicht.‘ (Yesaia 13,10)
[26] Duerno gesi si de Jong vum Mënsch an de Wolleke komme mat grousser Muecht an Herrlechkeet.
[27] Da schéckt hie seng Engelen eraus a bréngt seng Auserwielten aus de véier Wandrichtungen zesummen, vum Enn vun der Äerd bis un d’Enn vum Himmel.
[28] Léiert aus dem Gläichnes vum Figebam: Wa seng Äscht säfteg ginn a Blieder dreiwen, da wësst dir, datt de Summer gläich do ass.
[29] Esou sollt dir och wëssen, wann dir dat geschéie gesitt, datt d’Enn virun der Dier steet.
[30] Ech soen iech d’Wourecht! Déi Generatioun vergeet op kee Fall, bis all dat geschitt ass.
[31] Himmel an Äerd verginn, mee meng Wierder verginn ni.
[32] Et weess keen, wéini dësen Dag oder dës Stonn kënnt, net emol d’Engelen am Himmel an och net de Jong, mee just de Papp.
[33] Gitt uecht! Bleift waakreg a biet! Dir wësst nämlech net, wéini d’Zäit do ass.
[34] Et ass esou wéi bei engem Mann, deen an d’Ausland goung, säin Haus verlooss huet a sengen Dénger d’Verantwortung uvertraut huet. Jidder eenzelem huet hie seng Aufgab ginn an hien huet de Portier beoptraagt opzepassen.
[35] Gitt dofir uecht! Dir wësst nämlech net wéini den Haushär erëmkënnt (ob owes, ëm Hallefnuecht, virum Hunnekreesch oder mueres fréi),
[36] fir datt hien iech net am Schlof gesäit, wann hie stënterlech kënnt.
[37] Wat ech zu iech soen, soen ech zu jidderengem: ‚Gitt uecht!‘“