Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit haten déi immens vill Leit näischt, fir z’iessen. De Jesus huet seng Jénger bei sech geruff a sot zu hinnen:

[2] „Ech hu Matleed mat de Leit, well si schonn zënter dräi Deeg bei mir sinn an näischt méi hunn, fir z’iessen.

[3] Wann ech si elo hongereg heemschécken, da brieche si ënnerwee zesummen, well munch vun hinne si vu wäit hier komm.“

[4] Doropshin hu seng Jénger him geäntwert: „Wéi kann een dës Leit op dëser verloossener Plaz mat Brout sat kréien?“

[5] De Jesus huet si gefrot: „Wéi vill Brout hutt dir?“ „Siwe Ruechten“, sote si.

[6] Doropshin huet de Jesus d’Leit ugestallt, sech op de Buedem ze setzen. Hien huet déi siwe Ruechte Brout geholl, dofir Merci gesot, si a Stécker gebrach a senge Jénger ginn, fir datt si se un d’Leit ausdeelen. Si hunn dunn d’Stécker de Leit bruecht.

[7] Si haten och e puer kleng Fësch dobäi. Nodeems hien dofir e Segen ausgeschwat hat, sot hien hinnen, datt si och déi bei d’Leit brénge sollen.

[8] Si hunn all giess a goufe sat. Duerno hu si siwe grouss Kierf mat Reschter vun de Stécker agesammelt.

[9] Et waren der ongeféier véierdausend, déi giess haten. Duerno huet de Jesus d’Leit fortgeschéckt,

[10] ass mat senge Jénger an en Naache geklommen a koum an d’Géigend vun Dalmanutha.

[11] Doropshi koumen d’Pharisäer eraus an hunn ugefaangen, mam Jesus ze diedegen. Si hunn en Zeeche vum Himmel vun him verlaangt, fir hien op d’Prouf ze stellen.

[12] Dunn huet de Jesus a sengem Geescht gekeimt a sot: „Firwat sicht dës Generatioun no engem Zeechen? Ech soen iech d’Wourecht! Dës Generatioun kritt keen Zeechen.“

[13] Dunn huet hie si verlooss, ass nees an den Naache geklommen an ass un den aneren Uwänner gefuer.

[14] D’Jénger hate vergiess, fir Brout matzehuelen an dofir hate si nëmmen ee Ruecht Brout bei sech am Naachen.

[15] Hien huet si gewarnt: „Gitt uecht! Passt op den Deessem vun de Pharisäer an den Deessem vum Herodes op!“

[16] D’Jénger hunn ënnerteneen diskutéiert: „’t ass bestëmmt, well mir kee Brout hunn.“

[17] De Jesus war sech däers bewosst a frot si: „Firwat maacht dir iech Gedanken doriwwer, datt dir kee Brout hutt? Verstitt a bekäppt dir nach ëmmer net? Sinn är Häerzer nach ëmmer verbruet?

[18] Dir hutt Aen a gesitt net? Dir hutt Oueren an héiert net? Kënnt dir iech net erënneren?

[19] Wéi ech déi fënnef Ruechte Brout fir déi fënnefdausend gebrach hat, wéi vill Kierf Reschter hat dir agesammelt?“ „Zwielef“, hu si him geäntwert.

[20] „Wéi ech déi siwe Brout fir déi véierdausend gebrach hat, wéi vill Kierf Reschter hat dir agesammelt?“ „Siwen“, hu si geäntwert.

[21] „Verstitt dir dann nach ëmmer net?“, frot hie si dunn.

[22] De Jesus koum dunn op Betsaida. E Blanne gouf bei hie bruecht an hie gouf gebieden, fir de Mann ze beréieren.

[23] Dunn huet hien de Blanne mat der Hand geholl an hie baussent dem Duerf geféiert. Nodeems hien him an d’Ae gespaut hat, huet hie seng Hänn op hie geluecht an hie gefrot, ob hien eppes géif gesinn.

[24] De Mann huet eropgekuckt a gesot: „Ech gesi Leit, déi ausgesi wéi Beem, déi dorëmmer trëppelen.“

[25] Nees huet de Jesus seng Hänn op seng Ae geluecht an huet him seng Vu ginn. Hie war geheelt an huet jidderee kloer gesinn.

[26] Dunn huet de Jesus hien heem geschéckt an zu him gesot: „Géi net an d’Duerf an ziel och kengem am Duerf dovunner.“

[27] Doropshi goungen de Jesus a seng Jénger an d’Dierfer vu Caesarea Philippi. Ënnerwee frot hie seng Jénger: „Wie soen d’Leit, datt ech sinn?“

[28] „De Jean den Deefer, anerer soen den Elia an nach anerer soen ee vun de Prophéiten“, hu si him geäntwert.

[29] „An dir, wie sot dir, datt ech sinn?“, frot hie si. „Du bass de Messias“, huet de Péitrus him geäntwert.

[30] Hien huet si gewarnt, kengem Mënsch eppes vun him ze verzielen.

[31] Hien huet ugefaangen, si ze léieren, datt de Jong vum Mënsch vill misst leiden a vun den Eelsten, den ieweschte Priister an de Léiermeeschtere vum Gesetz verworf an ëmbruecht géif ginn an no dräi Deeg operstoe géif.

[32] Hien huet ganz oppen doriwwer geschwat. Dunn huet de Péitrus hien op d’Säit geholl an huet ugefaangen, hien zurechtzeweisen.

[33] Mee de Jesus huet sech ëmgedréit, seng Jénger ugekuckt an de Péitrus op d’Plaz gesat: „Géi mir aus den Aen, Satan! Du hues nämlech net dat am Sënn, wat Gott wëllt, mee wat de Mënsch wëllt.“

[34] Nodeems hien d’Leit an och seng Jénger bei sech geruff hat, sot hien zu hinnen: „Wie mir nogoe wëllt, dee muss sech selwer verleegnen, säi Kräiz op sech huelen a mir nogoen.

[35] Wie säi Liewen nämlech rette wëllt, dee verléiert et; mee wie säi Liewe wéinst menger an der gudder Noriicht verléiert, dee rett et.

[36] Wat bréngt et engem Mënsch, d’ganz Welt ze gewannen, mee säi Liewen anzebéissen?

[37] Wat kéint e Mënsch als Tosch fir säi Liewe ginn?

[38] Wie sech an dëser ontreier a sënneger Generatioun wéinst menger a menge Wierder schummt, wéinst deem senger schummt sech och de Jong vum Mënsch, wann hien an der Herrlechkeet vu sengem Papp mat den hellegen Engele kënnt.“

De Marc — Chapters