[1] Weider sot hien zu hinnen: „Ech soen iech d’Wourecht: Hei sti verschidde Leit, déi net stierwen, bis si d’Kinnekräich vu Gott mat Muecht komme gesinn.“
[2] Sechs Deeg drop huet de Jesus de Péitrus, de Jacques an de Jean eleng mat op en héije Bierg geholl. Hie gouf do virun hinne verwandelt.
[3] Seng Kleeder hunn immens wäiss geliicht, wéi Schnéi, esou wéi mol keng Wäschfra op der Welt se kéint bleechen.
[4] Den Elia ass hinnen zesumme mam Moses erschéngen a si hu mam Jesus geschwat.
[5] „Rabbi, et ass gutt, datt mir hei sinn!“, sot de Péitrus zum Jesus. „Looss eis dräi Zelter opriichten: eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elia.“
[6] (Hie wousst nämlech net, wat hie soe sollt, well si schrecklech Angscht haten.)
[7] Du koum eng Wollek an huet hire Schiet op si geworf. Eng Stëmm koum aus der Wollek, déi sot: „Dat hei ass mäi Jong, deen ech gär hunn. Lauschtert op hien!“
[8] Wéi si ëm sech gekuckt hunn, hu si op eemol kee méi gesinn, just nach de Jesus war bei hinnen.
[9] Iwwerdeems si de Bierg erofgoungen, huet hie si opgefuerdert kengem vun deem ze verzielen, wat si gesinn haten, bis datt de Jong vum Mënsch vun den Doudegen operstane wier.
[10] Si hunn dës Wierder fir sech behalen an hu sech ënnertenee gefrot, wat mat „vun den Doudegen operstoen“ gemengt wier.
[11] Si froten hien: „Firwat soen d’Léiermeeschtere vum Gesetz, datt den Elia fir d’éischt komme muss?“
[12] Hien huet hinnen du geäntwert: „Den Elia kënnt effektiv fir d’éischt, fir alles nees hierzestellen. Mee firwat steet da geschriwwen, datt de Jong vum Mënsch villes leide soll a veruecht soll ginn?
[13] Ech soen iech awer, datt den Elia scho komm ass, a si hu mat him gemaach, wat si wollten, esou wéi et iwwert hie geschriwwe steet.“
[14] Wéi hie bei d’Jénger koum, huet hien eng Abberzuel Leit ëm si gesinn an d’Léiermeeschtere vum Gesetz hu mat hinne gediedegt.
[15] Esoubal si hie gesinn hunn, waren d’Leit ganz verwonnert a koume bei hie gelaf, fir hien ze begréissen.
[16] De Jesus frot d’Léiermeeschtere vum Gesetz: „Iwwert wat diedegt dir?“
[17] Ee vun de Leit huet geäntwert: „Léiermeeschter, ech hunn dir mäi Jong bruecht, dee vun engem stomme Geescht besiess ass.
[18] Wann hie mäi Jong ergräift, geheit hien en op de Buedem. Hie kritt Schaum virum Mond, grätscht mat den Zänn a gëtt ganz steif. Ech hunn deng Jénger scho gefrot, de Geescht auszedreiwen, mee si hunn et net fäerdegbruecht.“
[19] „Dir ongleeweg Generatioun! Wéi laang soll ech nach bei iech sinn? Wéi laang muss ech iech nach erdroen? Bréngt de Jong bei mech“, huet hien him geäntwert.
[20] Si hunn dunn de Jong bei hie bruecht. Soubal hien de Jesus gesinn huet, huet de Geescht de Jong eenzock hin an hier gerappt, esou datt hien op de Buedem gefall ass, sech gewänzelt huet a Schaum virum Mond krut.
[21] „Wéi laang huet hien dat hei schonn?“, huet de Jesus de Papp gefrot. „Zënter senger Kandheet“, huet hie geäntwert.
[22] „Dacks huet de Geescht probéiert hien an d’Feier oder an d’Waasser ze geheien, fir hien ëmzebréngen. Wann s du iergendeppes maache kanns, dann erbaarm dech eiser an hëllef eis.“
[23] De Jesus sot zu him: „Wann s du gleewe kéints! Fir deen, dee gleeft, ass alles méiglech.“
[24] Direkt huet de Papp vum Jong ënner Tréine geruff: „Här, ech gleewen! Hëllef mengem Onglawen!“
[25] Wéi de Jesus gesinn huet, datt d’Leit erbäigelaf koumen, huet hien dem onrenge Geescht gedreet: „Stommen an dafe Geescht, ech befeelen dir, komm aus him eraus a géi net méi an hien eran!“
[26] Dunn huet de Geescht Kreesch gedoen, huet de Jong hin an hier gerappt an ass aus him erausgefuer. De Jong gouf ewéi eng Läich, esou datt der vill gesot hunn, hie wier dout.
[27] Mee de Jesus huet hie mat der Hand geholl, huet hien opgeriicht an de Jong ass opgestanen.
[28] Nodeems de Jesus an en Haus gaange war a si eleng waren, frote seng Jénger hien: „Firwat konnte mir de Geescht net ausdreiwen?“
[29] „Dës Zort kann duerch näischt, ausser duerch Gebiet a Faaschten ausgedriwwe ginn“, huet hien hinne geäntwert.
[30] Duerno gounge si vun do fort a sinn duerch Galilea gezunn. De Jesus wollt net, datt iergendeen eppes dovunner sollt gewuer ginn.
[31] Hien huet seng Jénger nämlech geléiert: „De Jong vum Mënsch gëtt an d’Hänn vun de Mënschen ausgeliwwert a si bréngen hien dann ëm. Nodeems hien ëmbruecht ginn ass, ersteet hien um drëtten Dag op.“
[32] Mee si hunn dat, wat hie gesot huet, net verstanen an hu gefaart, fir hie weider doriwwer auszefroen.
[33] Du koume si op Kapernaum. Nodeems de Jesus am Haus war, frot hie si: „Iwwer wat hutt dir ënnerwee ënnerteneen diskutéiert?“
[34] Si hunn awer kee Wuert geäntwert, well si ënnerwee doriwwer diskutéiert haten, wie vun hinne wuel dee Wichtegste wier.
[35] Hien huet sech du gesat, huet déi Zwielef geruff a sot zu hinnen: „Wien den Éischte wëllt sinn, dee soll de Leschte vun en alleguer an den Dénger vun en alleguer ginn.“
[36] Hien huet e klengt Kand geholl an et an hir Mëtt gestallt. Dunn huet hien et a seng Äerm geholl a sot zu hinnen:
[37] „Wien ee vun dëse klenge Kanner a mengem Numm ophëlt, hëlt mech op; a wie mech ophëlt, hëlt net mech op, mee deen, dee mech geschéckt huet.“
[38] De Jean huet him geäntwert: „Léiermeeschter, mir hunn ee gesinn, deen eis net nogeet, mee deen an dengem Numm Dämonen ausgedriwwen huet. Mir hunn him et verbueden, well hien eis net nogeet.“
[39] „Verbitt him et net!“, sot de Jesus. „Et kann nämlech keen, deen a mengem Numm e Wonner mécht, kuerz drop schlecht vu mir schwätzen.
[40] Wien net géint iech ass, ass fir iech.
[41] Wien iech a mengem Numm e Becher Waasser gëtt, fir ze drénken, well dir dem Messias gehéiert, ech soen iech d’Wourecht, dee kritt op alle Fall säi Loun.
[42] Wien ee vun dëse Klengen hei, déi u mech gleewen, sënnegen deet, fir dee wier et besser, hie géif mat engem Millesteen ëm den Hals an d’Mier gehäit ginn.
[43] Wann deng Hand dech sënnegen deet, dann ha se of. Et ass besser fir dech, als Krëppel an d’Liewen ze goen, wéi déi zwou Hänn ze behalen an an d’Gehenna ze goen, an d’Feier, dat ni ausgeet,
[44] do, wou ‚hire Wuerm net stierft an d’Feier net ausgeet.‘ (Yesaia 66,24)
[45] Wann däi Fouss dech sënnegen deet, dann ha en of. Et ass besser fir dech, schlamm an d’Liewen ze goen, wéi déi zwee Féiss ze behalen an an d’Gehenna gehäit ze ginn, an d’Feier, dat ni ausgeet,
[46] do, wou ‚hire Wuerm net stierft an d’Feier net ausgeet.‘ (Yesaia 66,24)
[47] Wann däin A dech sënnegen deet, da rapp et eraus. Et ass besser fir dech, mat engem A an d’Kinnekräich vu Gott ze goen, wéi mat deenen zwee Aen an d’Feier vun der Gehenna gehäit ze ginn,
[48] do, wou ‚hire Wuerm net stierft an d’Feier net ausgeet.‘ (Yesaia 66,24)
[49] Jidderee gëtt nämlech mat Feier gesalzt an all Affer gëtt mat Salz gewierzt.
[50] Salz ass gutt, mee wann et säi Goût verléiert, mat wat wëllt dir et dann nees salzeg maachen? Hutt Salz an iech an haalt Fridden ënnerteneen!“