Skip to content
Opens in a new window

[1] Hien huet nees ugefaangen, beim Séi ze enseignéieren. Eng grouss Mass Leit hate sech ëm hie versammelt, esou datt hien an en Naache geklommen ass a sech dra gesat huet. Den Naache war um Séi an d’Leit stoungen alleguer um Uwänner zum Séi hin.

[2] Hien huet hinne villes a Gläichnesser bäibruecht an a senger Léier sot hien:

[3] „Lauschtert no! E Bauer goung eraus, fir ze séien.

[4] Wéi hie geséit huet, ass dat elei geschitt: En Deel vum Som ass nieft de Wee gefall an du koumen d’Vigel an hunn alles opgepickt.

[5] Et ass och en Deel op stengege Grond gefall, wou net vill Buedem war, an d’Planz ass séier ausgeschoss, well de Buedem net déif genuch war.

[6] Mee wéi d’Sonn opgoung, gouf d’Planz verbrannt a si ass verdréchent, well se keng Wuerzelen hat.

[7] Anere Som ass ënnert d’Däre gefall, déi ausgeschoss sinn an de Som erstéckt hunn, esou datt e keng Fruucht gedroen huet.

[8] Nach anere Som ass op gudde Buedem gefall, huet gekeimt, ass ausgeschoss an huet Fruucht gedroen, munchen dat drëssegfacht, aneren dat siechzegfacht an nach aneren dat honnertfacht.“

[9] Hie sot zu hinnen: „Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!“

[10] Wéi hien eleng war, hunn déi Zwielef an déi, déi ëm hie waren, hien iwwert d’Gläichnesser ausgefrot.

[11] Hie sot zu hinnen: „Iech ass et erméiglecht ginn, fir d’Geheimnis vu Gott sengem Kinnekräich ze verstoen. Mee fir déi, déi dobausse stinn, gëtt alles a Gläichnesser verzielt,

[12] esou datt, ‚obwuel si gesinn, si net erkennen, an obwuel si héieren, si net verstinn; soss kéinte si ëmkéieren an hir Sënne géifen hinne verzie ginn.‘“ (Yesaia 6,9-10)

[13] Hien huet si gefrot: „Verstitt dir mol dëst Gläichnes net? Wéi wëllt dir dann déi aner Gläichnesser verstoen?

[14] Deen, dee séit, séit d’Wuert.

[15] De Som nieft dem Wee ass ewéi déi, bei deenen d’Wuert geséit gëtt: Dee Moment, an deem si et héieren, kënnt direkt de Satan an hëlt hinnen d’Wuert, dat an hir Häerzer geséit gouf, ewech.

[16] De Som, deen op stengegem Grond geséit gëtt, sinn déi, déi d’Wuert direkt mat Freed ophuelen, wa si et héieren.

[17] Mee si hu keng Wuerzelen a sech an halen dowéinst net laang aus. Duerno, wann Nout oder Verfolgung wéinst dem Wuert kommen, fale si direkt of.

[18] Anere Som gëtt bei d’Däre geséit; si sinn ewéi déi, déi d’Wuert héieren,

[19] mee d’Suerge vun dësem Liewen, de Bedruch vum Räichtum an de Wonsch no anere Saache maache sech breet an erstécken d’Wuert, esou datt e keng Friichten dréit.

[20] Mee déi hei sinn ewéi dee Som, deen op gudde Buedem geséit gouf: Si héieren d’Wuert, huelen et op an droe Friichten, muncher dat drëssegfacht, anerer dat siechzegfacht an nach anerer dat honnertfacht.“

[21] „Bréngt een éieren eng Luucht eran, fir en ënnert e Sieschterkuerf oder e Bett ze stellen?“, frot hie si. „Soll si net op e Liichter gestallt ginn?

[22] Et gëtt nämlech näischt, wat verstoppt ass, wat net entbléisst gëtt, an näischt wat geheim gehale gëtt, wat net un den Dag kënnt.

[23] Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!“

[24] Weider sot hien zu hinnen: „Gitt uecht op dat, wat dir elo héiert. Dir gitt mat därselwechter Mooss gemooss, déi dir och gebraucht, fir ze moossen, an iech, déi dir nolauschtert, gëtt nach dozou gerechent.

[25] Wien huet, kritt nach méi. Mee wien net huet, kritt esouguer dat, wat hien huet, ewechgeholl.“

[26] Hie sot och: „D’Kinnekräich vu Gott ass, wéi wann e Mënsch Sot op de Buedem street.

[27] All Owend geet hie schlofen an all Muere steet hien op. D’Sot geet op a schéisst aus, mee hie selwer weess net wéi.

[28] D’Äerd dréit nämlech vum selwe Fruucht: fir d’éischt den Hallem, dann d’Éi an duerno d’Éi voller Kären.

[29] Mee wann d’Fruucht zeideg ass, kënnt de Mënsch direkt mat der Séchel, well et Zäit fir de Karschnatz ass.“

[30] Dunn huet hie gefrot: „Mat wat solle mir d’Kinnekräich vu Gott vergläichen? Oder duerch wat fir e Gläichnes solle mir et duerstellen?

[31] Et ass ewéi e Moschterkär, dee méi kleng ass, wéi all déi aner Kären op der Äerd, wann en an de Buedem geséit gëtt.

[32] Mee wann e geséit gëtt, da schéisst en aus a gëtt méi grouss wéi all déi aner Kraider. En dreift grouss Äscht, esou datt d’wëll Vigel a sengem Schiet hir Näschter baue kënnen.“

[33] Mat vill esou Gläichnesser huet hien de Leit d’Wuert verkënnegt, esou wéi si verstoe konnten.

[34] Hien huet just nach Gläichnesser gebraucht, fir si ze beléieren. Mee wa si eleng waren, huet hie senge Jénger alles erkläert.

[35] Nach um Owend vum nämmlechten Dag sot hien zu hinnen: „Loosst eis eriwwer op den aneren Uwänner fueren.“

[36] Wéi si déi vill Leit verlooss haten, hu si hie matgeholl, well hie schonn am Naache war. Et waren och nach aner kleng Naache bei him.

[37] Op eemol ass e grousse Stuerm opkomm an d’Wellen hunn an den Naache geschloen, esou datt e sech schonn ugefaangen huet ze fëllen.

[38] Mee de Jesus huet am hënneschten Deel vum Naachen op engem Kësse geschlof. Si hunn hie waakreg gemaach a soten zu him: „Léiermeeschter, ass et dir egal, datt mir am Gaang sinn, ënnerzegoen?“

[39] Dunn ass hien opgestanen, huet dem Wand gedreet a sot zum Séi: „Roueg! Sief stëll!“ De Wand huet opgehalen an et ass alles ganz stëll ginn.

[40] „Firwat hutt dir esou Angscht?“, huet hie si gefrot. „Hutt dir nach ëmmer kee Glawen?“

[41] Si hate schrecklech Angscht a soten een zum aneren: „Wien ass hien, datt esouguer de Wand an de Séi him follegen?“

De Marc — Chapters