[1] No e puer Deeg goung de Jesus nees op Kapernaum zeréck an et huet sech erëmgeschwat, datt hien doheem wier.
[2] Stënterlech koumen esou vill Leit dohinner, datt keng Plaz méi iwwereg blouf, emol net virun der Dier. Hien huet hinnen d’Wuert gepriedegt.
[3] E sëlleche Leit koume bei hien an hunn e Gelähmten, dee vu véier Männer gedroe gouf, bruecht.
[4] Wéi si wéinst der Abberzuel Leit net bis bei de Jesus komme konnten, hu si den Daach iwwert där Plaz, wou hie war, ofgedeckt. Nodeems si den Duerchbroch gemaach haten, hu si d’Matt, op där de Gelähmte louch, erofgelooss.
[5] Wéi de Jesus hire Glawe gesinn huet, sot hien zum Gelähmten: „Kand, deng Sënne sinn dir verzien.“
[6] Och munch Léiermeeschtere vum Gesetz souzen do an hu bei sech selwer geduecht:
[7] „Wéi kann dëse Mann iwwert Gott esou lästeren? Wien ausser Gott eleng ka Sënne verzeien?“
[8] De Jesus wousst direkt a sengem Geescht, datt si esou bei sech géifen iwwerleeën, a sot zu hinnen: „Firwat iwwerleet dir doriwwer an ären Häerzer?
[9] Wat ass méi einfach? Zum Gelähmten ze soen: ‚Deng Sënne sinn dir verzien‘, oder: ‚Stéi op, huel deng Matt a géi‘?
[10] Fir datt dir awer wësst, datt de Jong vum Mënsch d’Autoritéit huet, fir op der Äerd Sënnen ze verzeien“, sot hien zum Gelähmten:
[11] „Ech soen dir, stéi op, huel deng Matt a géi heem!“
[12] Eenzock ass de Mann opgestanen, huet seng Matt geholl a goung virun hirer aller Ae fort, esou datt jidderee verwonnert war a Gott gelueft huet. „Esou eppes hu mir nach ni gesinn“, sote si.
[13] Du goung de Jesus nees bei de Séi. Eng Onmass vu Leit koum bei hien an hien huet si geléiert.
[14] Wéi de Jesus weidergoung, huet hien de Levi, de Jong vum Alfai, deen am Steierbüro souz, erbléckst. „Komm mir no!“, sot hien zu him. Dee stoung op a goung dem Jesus no.
[15] Wéi de Jesus beim Levi doheem giess huet, hunn och nach vill Steierandreiwer a Sënner zesumme mam Jesus a mat senge Jénger giess. Et waren hirer nämlech vill a si goungen him no.
[16] Wéi d’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer hie gesinn hunn, wéi hie mat Steierandreiwer a Sënner giess huet, frote si seng Jénger: „Firwat ësst an drénkt hie mat de Steierandreiwer a Sënner?“
[17] Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien hinne geäntwert: „Déi Gesond brauche keen Dokter, wuel awer déi Krank. Ech sinn net komm fir déi Gerecht, mee fir d’Sënner zur Ëmkéier opzeruffen!“
[18] Dem Jean an de Pharisäer hir Jénger hu gefaascht. Du koume si bei hien a froten hien: „Firwat faaschten dem Jean an de Pharisäer hir Jénger, mee deng net?“
[19] De Jesus huet hinne geäntwert: „Kënnen dem Bräitchemann seng Gäscht éiere faaschten, wann de Bräitchemann bei hinnen ass? Esoulaang de Bräitchemann bei hinnen ass, kënne si net faaschten.
[20] D’Zäit kënnt awer, an där hinnen de Bräitchemann ewechgeholl gëtt. Wann dës Zäit kënnt, faaschte si.
[21] Et bitzt keen e Stéck Stoft, wat nach net agaangen ass, op en aalt Stéck Gezei, soss räisst dat neit Stéck vum ale Gezei an de Rass gëtt doduerch méi schlëmm.
[22] Et fëllt och keen neie Wäin an al Schläich; soss zerräisst den neie Wäin déi al Schläich, de Wäin leeft aus an d’Schläich si fir näischt méi ze gebrauchen. Neie Wäin muss an nei Schläich gefëllt ginn.“
[23] Um Sabbat goung de Jesus duerch Weessefelder. Ënnerwee hu seng Jénger ugefaangen, sech d’Éien ze plécken.
[24] D’Pharisäer froten hien: „Kuck, firwat maache si eppes, wat um Sabbat net erlaabt ass?“
[25] „Hutt dir ni gelies, wat den David gemaach hat, wéi hien a seng Komeroden an Nout waren an hongereg waren?“, huet hien hinne geäntwert.
[26] „Zur Zäit vum Haaptpriister Abiatar goung hien an d’Haus vu Gott an huet d’Ausstellungsbrout giess, wat nëmmen de Priister erlaabt war, an hien huet och senge Komeroden dovunner z’iesse ginn.“
[27] Weider sot hien zu hinnen: „De Sabbat gouf fir de Mënsch geschafen an net de Mënsch fir de Sabbat.
[28] Dofir ass de Jong vum Mënsch Här iwwert de Sabbat.“