Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi si méi no u Jerusalem koumen, koume si zu Betfage a Betanien beim Olivebierg un. De Jesus huet zwee vu senge Jénger virausgeschéckt

[2] a sot zu hinnen: „Gitt an d’Duerf, dat virun iech läit. Soubal dir erakommt, fannt dir en Ieselsfillen, dat ugestréckt ass an op deem nach kee geridden ass. Bannt et lass a bréngt et heihinner.

[3] Wann een iech freet: ‚Firwat maacht dir dat?‘, da sot: ‚Den Här brauch et.‘ Hie gëtt iech et dann direkt mat.“

[4] Si hu sech op de Wee gemaach an hunn d’Fille baussen op der Strooss fonnt. Et war virun der Dier ugestréckt a si hunn et lassgebonnen.

[5] Mee e puer vun deenen, déi do stoungen, soten zu hinnen: „Wat maacht dir do? Firwat bannt dir d’Fille lass?“

[6] Si soten hinnen dat, wat de Jesus hinnen opgedroen hat, an doropshin hunn d’Leit si goe gelooss.

[7] Dunn hu si d’Fille bei de Jesus bruecht, hunn hir Mäntel iwwert et geluecht an hien huet sech drop gesat.

[8] Eng Abberzuel Leit hunn hir Mäntel iwwert d’Strooss ausgebreet an anerer hunn Äscht voller Blieder, déi si vun de Beem ofgeschnidden haten, op der Strooss ausgebreet.

[9] Déi, déi virausgoungen, an déi, déi hannendru koumen, hu geruff: „Hosanna! Geseent ass deen, deen am Numm vum Här kënnt! (Psalmen 118,25-26)

[10] Geseent ass d’Kinnekräich vun eisem Papp David, dat am Numm vum Här kënnt! Hosanna am héchsten Himmel!“

[11] De Jesus goung a Jerusalem a goung an den Tempel. Wéi hie sech do alles ugekuckt hat, goung hie mat deenen Zwielef hannescht op Betanien, well et scho spéit war.

[12] Den Dag drop, wéi si Betanien verlooss hunn, krut de Jesus Honger.

[13] Hien huet vu wäitem e Figebam mat Blieder gesinn an ass dohinner gaangen, fir ze kucken, ob eppes dru wier. Wéi hie bei de Bam koum, huet hien näischt ausser Blieder dru fonnt, well et nach net d’Saison fir Fige war.

[14] De Jesus huet sech un de Bam geriicht a sot: „Ni méi soll een Uebst vun dir iessen.“ Seng Jénger hunn dat héieren.

[15] Du koume si op Jerusalem. De Jesus goung an den Tempel an huet ugefaangen, déi, déi am Tempel kaf a verkaf hunn, erauszejoen. Hien huet d’Dëscher vun deenen, déi d’Sue gewiesselt hunn, an d’Still vun den Dauwenhändler ëmgehäit.

[16] Hien huet kengem erlaabt, Wueren duerch den Tempel ze droen.

[17] Hien huet si geléiert: „Steet net geschriwwen: ‚Mäin Haus soll en Haus vum Gebiet fir all d’Natioune genannt ginn‘? (Yesaia 56,7) Mee dir hutt eng Raiberhiel draus gemaach.“ (Yeremia 7,11)

[18] D’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’iewescht Priister hunn dat héieren an hunn Mëttel a Weeër gesicht, wéi si hie kéinten ëmbréngen. Si haten Angscht virun him, well d’Vollek iwwert seng Léier verwonnert war.

[19] Wéi et Owend gouf, goung hien aus der Stad eraus.

[20] Den nächste Mueren hu si de Figebam gesinn, wéi si laanschtgoungen. Dee war vun der Wuerzel u verdréchent.

[21] De Péitrus huet sech drun erënnert a sot zum Jesus: „Rabbi, kuck! De Figebam, deen s du verflucht has, ass verdréchent!“

[22] „Vertraut op Gott!“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[23] „Ech soen iech d’Wourecht! Wien zu dësem Bierg seet: ‚Erhief dech a gehei dech an d’Mier‘, an a sengem Häerz net zweiwelt, mee gleeft, datt dat, wat hie seet, geschitt, dee kritt, wat och ëmmer hie seet.

[24] Dofir soen ech iech: Alles, wat dir am Gebiet frot, gleeft, datt dir et kritt an da kritt dir et.

[25] A wann dir do stitt, fir ze bieden, an eppes géint een hutt, verzeit him, fir datt äre Papp am Himmel och iech är Iwwertriedunge verzeie kann.

[26] Mee wann dir net verzeit, da verzeit äre Papp am Himmel och iech är Iwwertriedungen net.“

[27] Du koume si nees op Jerusalem. Wéi de Jesus duerch den Tempel gaangen ass, koumen d’iewescht Priister, d’Léiermeeschtere vum Gesetz an déi Eelst bei hien.

[28] „Mat wat fir engem Recht méchs du dat alles?“, frote si hien. „Wien huet dir dat Recht ginn, fir dat ze maachen?“

[29] „Ma ech stellen iech och eng Fro“, huet de Jesus hinne geäntwert. „Wann dir mir eng Äntwert gitt, da soen ech iech, mat wat fir engem Recht ech dat alles maachen.

[30] War dem Jean seng Daf vum Himmel oder vum Mënsch? Äntwert mir!“

[31] Si hunn déi Fro ënnerteneen duerchdiskutéiert: „Wa mir soen: ‚vum Himmel‘, da freet hien: ‚Firwat hutt dir him dann net gegleeft?‘,

[32] mee wa mir soen: ‚vum Mënsch‘...?“ Si haten Angscht virun de Leit, well jiddereen huet gemengt, de Jean wier e Prophéit gewiescht.

[33] Dofir hu si dem Jesus geäntwert: „Mir wëssen et net.“ Dunn huet de Jesus hinnen zeréckgeäntwert: „Ma da soen ech iech och net, mat wat fir engem Recht ech dat alles maachen.“

De Marc — Chapters